Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Tëschent Inaktioun a Katastrophismus kënne mer konkret Saachen ëmsetzen”

Ëmwelt

“Tëschent Inaktioun a Katastrophismus kënne mer konkret Saachen ëmsetzen”

D’"Transition"-Bewegung versicht zënter ongeféier sechs Joer zu Lëtzebuerg een alternative Liewensstil opzebauen, deen eng eko-solidaresch Landwirtschaft, eng kooperativ Produktioun vun erneierbaren Energien a Biergerbedeelegung matenee verbënnt. Zwee vun de Matbegrënner, d’Katy Fox an den Norry Schneider, hunn an der Emissioun Riicht eraus erkläert, wourëms et bei “Transition” genee geet.

Michel Delage

auto_stories

4 min

Katy Fox an Norry Schneider

“Et geet net drëms ee System ze kippen, dee mer kritiséieren, mee Alternativen opzebauen”, sot den Ëmweltaktivist Norry Schneider. D’Biergerinitiativ "Transition" gouf 2006 an England gegrënnt mam Gedanken, op lokalem Plang den Energiekonsum ze reduzéieren a sech op eng post-fossil Gesellschaft virzebereeden. An Tëschenzäit wieren ënnertenee vernetzte Gruppe mam Transition-Label an iwwer 50 Länner aktiv.

D’Fuerscherin an Enseignante Katy Fox huet d’Iddi no engem Openthalt a Groussbritannien mat op Lëtzebuerg bruecht. Si huet 2011 de CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg) gegrënnt, eng Zort Denkfabrik a Koordinatiounsbureau vun der "Transition"-Bewegung hei am Land. “Dat war zur Zäit vun der Kopenhagener Klimakonferenz, wou zimlech grousse ras-le-bol bei ville Leit war”, sou de Norry Schneider.

TERRA, Transition Minett, MESA-Maison de la Transition

Zwou Gruppen hätten doropshin decidéiert d’Heft selwer an d’Hand ze huelen: eng an der Stad (TERRA) an eng am Minett, “eng Géigend, déi souwisou an der Transitioun ass wéinst dem Stolsecteur”. 2011 war d’Grënnungsjoer vun der ASBL “Transition Minett”. No an no sinn an deem Kader ee kollektive Gaart, eng Energie-Kooperativ, eng eko-solidaresch Akaafsgemeinschaft an eng Liewensmëttelkooperativ entstan.

Eng weider Etapp ass op dësem Samschdeg 12. Mäerz d’Aweiung vun der MESA-Maison de la Transition zu Esch/Uelzecht, gläichzäiteg Treffpunkt, Epicerie, Kultur- an Informatiounszenter, Berodungsplaz fir Entreprisen, Laboratoire.... Och am Rescht vum Land hu sech "Transition"-Initiativen no an no implantéiert. Den Norry Schneider hofft, datt an Zukunft Aarbechtsplaze kënne geschaf ginn. Dem Katy Fox no ginn och Iddie rondrëm d’Thema “Wunnen” entwéckelt, ënnert anerem a Richtung vu Wunnkooperativen.

Biergerbedeelegung

D’Anthropologin hieft den Aspekt vun der Biergerbedeelegung am Projet ervir. D’Organisatioun wier net no enger hierarchescher, pyramidaler Struktur opgebaut, wéi dat bei klasseschen ONGen de Fall wier. Des weidere wier Transition net op Ëmweltschutz begrenzt. “Et ass eis extrem wichteg iwwert eng ‘Müslibewegung’ eraus ze goen”. Déi sozial Komponent wéilt ee mat abezéien, “Plaze schafe wou Echangë kënne geschéien tëschent Leit, déi normalerweis net géife matenee schwätzen”.

Eng lokal organiséiert, op Autosuffizienz ausgeriichte Produktioun vun Energie a Liewensmëttel ass ee wichtege Volet vun der Transition-Iddi. “Wa mer Ressourcë wëlle schounen, da musse mer relativ vill, wat mer kënnen hei maachen, och hei ubauen”, erkläert de Norry Schneider. D’Gemeinschaft sollt sech esou organiséieren, datt se ee Schock vu bäussen, wéi eng Wirtschaftskris, offiederen an Äntwerte fanne kann.

Selbstbestëmmungsrecht zeréck erueweren

Net zulescht géif et drëms goen, d’Selbstbestëmmungsrecht zeréck z’erueweren, dat een opginn hätt fir ofhängeg ze gi vun Energie a Liewensmëttel. Datt da manner aus relativ aarme Länner géif importéiert ginn, loossen d’Aktiviste Katy Fox an Norry Schneider net gëllen. Vun deenen Exporter hätt déi lokal Populatiounen dacks souwisou näischt. Villméi misst ee sech “lokal a vernetzt géigesäiteg stäerken”, sou de Norry Schneider.

Transition-Bewegunge géife mat der Politik, souwuel op kommunalem wéi och op nationalem Plang, zesummeschaffen, an engem konstruktiv-kritesche Geescht.“Mir sinn natierlech ugewisen op Finanzementer fir gewësse Saachen ze maachen. Mee mir bidden eppes un, wat deen aneren Acteur vläicht sou net kéint realiséieren”, sot de Norry Schneider.

Ofhängegkeet vun der Politik?

Et wier ee sech duerchaus bewosst, datt d’Regierung an Transition deelweis widderspréchlechen Ziler noginn. Beispillsweis beim Thema “Wirtschaftswuesstem”, deen Transition refuséiert, géifen d’Meenungen ausenee goen. Als Organisatioun hätt ee sech “gewësse Kontrollsystemer” ginn, “fir ëmmer erëm op esou Situatiounen ze kucken an ze soen: ‘ass dat am Moment nach gutt oder si mer ze staark vun engem Ënnerstëtzer ofhängeg’”.

D’Katy Fox an den Norry Schneider waren Invitéë beim Michel Delage.