Radioen

On air

Notturno  |  Bobby Lee - Reds For A Blue Planet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nuetsflich tëschent Bierger- a Wirtschaftsinteressen

Findel

Nuetsflich tëschent Bierger- a Wirtschaftsinteressen

Ronn 55.000 Leit wunne ronderëm de Fluchhafe Findel. An de Stater Quartieren Hamm, Cents oder och Zéisseng, grad ewéi a Gemenge wéi Sandweiler leide vill Leit ënnert dem Kaméidi, soen eng Rei Interesseveräiner. Si stelle fest, datt den Trafic zouhëllt obwuel en, hirer Meenung no, am Fong sollt ofhuelen. De Minister François Bausch berouegt.

Christiane Kleer, md

auto_stories

4 min

© Bigstock / lenets

D'Unioun vun de Stater "syndicats d'initiative" (Usill) steet hannert de lokalen Initiative vun Hamm a Fetschenhaff-Cents wann et drëms geet, sech géint d'Nuetsflich ze wieren. Déi Betraffe bekloe sech iwwert de Kaméidi an der Nuecht. "Wann ech bei Iech doheem sinn, an ech loossen ee Knuppert virun Ärer Dier lass, da knuppt dee vläicht dräi Sekonnen. Mee Dir sidd erwächt. A wann een erwächt ass, kënnt ee schlecht u mat schlofen", erkläert de Roger Schlechter, President vum Syndikat vun Hamm. Mat de Fligere wier et d'selwecht.

Dat ass ee Grond firwat d'Interesseveräiner eng deementspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV-Politikerin Martine Mergen begréisst hunn. Des weidere wëllen se ee Wandel beim François Bausch, gréngen Infrastruktur- a Nohaltegkeetsminister a fréiere Stater Schäffen an Deputéierten, festgestallt hunn.

"Un d'Leit, déi ënnert de Nuetsflich an dem Fluchverkéier leiden, gëtt net geduecht"

Fréier wier de François Bausch kritesch gewiescht a Bezuch op de Wirtschaftsfacteur "Fluchhafen", also och op d'Nuetsflich, sou de Fernand Diederich, President vun Syndikat Fetschenhaff-Cents. "Den Deputéierte Bausch huet deemools d'Weltgesondheetsorganisatioun zitéiert, där no jidderee misst aacht Stonne Schlof hunn." Als Minister géif hien ëmmer nëmmen iwwert Economie an Aarbechtsplaze schwätzen. Un d'Leit, déi ënnert de Nuetsflich an dem Fluchverkéier ze leiden hätten, géif guer net geduecht ginn, kritiséiert de Fernand Diederich.

Am Joer 2013 goufen et nach ronn 1.500 Nuetsflich, d'lescht Joer waren et der gutt 1.800. Verantwortlech dofir ass zu engem groussen Deel den Transportberäich. Gläichzäiteg ass d'Gesamtzuel vun de Flich vun an op de Findel tëschent 2013 an 2015 ëm knapps 5.000 Eenheeten erop gaang.

D'Cargolux géif nees esou vill fléie wéi virun der Kris, sou de Minister Bausch

"Ech hu meng Meenung iwwert de Nuetsfluchverbuet iwwerhaapt net geännert", seet de Minister François Bausch. Lëtzebuerg hätt just ee Fluchhafen, dee ronn 2% vum Bruttoinlandprodukt géif ausmaachen. An eng Cargolux bräicht Flexibilitéit, sou seng Argumentatioun. Firwat ass d'Zuel vun de Nuetsflich eropgaang? "Haut flitt d'Cargolux erëm - an der Fracht generell gesinn - um nämmlechte Rhythmus respektiv liicht méi wéi virun der Kris", sou de grénge Minister.

Ob a wéi Nuets geflunn däerf ginn, steet an engem groussherzogleche Reglement aus dem Joer 1998. Tëschent eelef Auer Owes a sechs Auer Moies gëllt e Verbuet, mat Ausnahm beispillsweis vun der Cargolux. Déi däerf och während de Nuetsstonne landen, fir no Mëtternuecht fort ze fléie brauch se awer eng Autorisatioun vum Minister.

"Den Impakt op eis Gesondheet kënne mer net einfach esou duerhuelen"

De Syndikater no mussen d'Autorisatioune méi streng geregelt ginn, si fuerderen och méi Transparenz. Autorisatioune missten op d'mannst der Chamber respektiv der Commission consultative aéroportuaire virgeluecht ginn, an där d'Syndikater vertruede sinn. Dat selwecht gëllt fir d'Statiounen, déi de Kaméidi moossen. "Alles wat mir un Zuelematerial hunn, sollen déi Leit kréien. Si brauchen et nëmmen ze froen", sou de François Bausch.

Déi Stater Interesseveräiner fuerderen och, datt d'Fluch-Bewegungen um Findel op 90.000 d'Joer limitéiert ginn. "Den Impakt op eis Gesondheet kënne mer net einfach esou duerhuelen. Mir sinn e klengt Land, den Ëmweltimpakt schéngt eis extrem héich", seet d'Rita Hermann, Presidentin vun der Unioun vun de Syndikater.

"Dat eenzegt, wat ech gären hätt, ass dat Standbeen ofsécheren"

Dem Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister no géif et net drëms goen, den Undeel vum Fluchhafen op de Wirtschaftswuesstem massiv erop ze schrauwen. "Dat eenzegt, wat ech gären hätt, ass dat Standbeen ofsécheren. Mir hu jo souwisou eng Limite, mir kënnen net op deem Fluchhafen onendlech wuessen".

Et wier villes schif gelaf ronderëm de Findel. Ënnert anerem, datt ugangs ganz no un de Fluchhafe gebaut ginn ass. Allerdéngs gëtt de Minister ze bedenken: wann een do keeft, da kann een duerno net soen, et hätt een de Fluchhafe gär ewech. D'Syndikater wëlle sech - eegenen Aussoen no - weiderhi fir manner Nuetsflich asetzen. Quitt, datt een als "Wutbürger" ofgestempelt géif ginn, sou de Fernand Diederich.