Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nullronn net "per Force"

Fonction Publique

Nullronn net "per Force"

Eng Nullronn an der Fonction Publique gëtt net "per Force" duerchgesat, sou den Inneminister Dan Kersch. Bei de Verhandlungen iwwert en neie Gehälteraccord misst awer net alles mat der Strenz gemaach ginn.

auto_stories

2 min

Een Dag nom Ufank vun de Verhandlungen mat der CGFP iwwert en neie Gehälteraccord relativéiert den LSAP-Minister Dan Kersch wat d’Koalitioun an hirem Regierungsprogramm festgehalen huet: Enn 2013 war wéinst der Situatioun vun de Staatsfinanzen eng Erhéijung vum Punktwäert ausgeschloss ginn. Am 100,7-Interview seet den Dan Kersch: "Ech soen net, dass mer musse per force eng Null-Ronn ëmsetzen."

Net alles mat der Strenz

Wann eppes op finanziellem Niveau géing gemaach ginn, da géing et awer och aner Méiglechkeete ginn, sou den Dan Kersch. Zum Beispill wéilt een d’Wuelbefannen op der Aarbecht verbesseren oder d’Familljeliewe mat der Aarbecht besser iwwertenee bréngen. "Et muss ee vläicht eng Kéier ewechkomme vun der Iwwerleeung et misst een alles mat der Strenz maachen", sou den LSAP-Minister. Den Dan Kersch wier bereet méi Zougeständnesser ze maache fir Leit, déi manner verdéngen.

Eng besser Situatioun?

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP huet der Regierung am Virfeld vun de Verhandlungen iwwert en neien Accord Salarial e Fuerderungskatalog ënnerbreet. Detailer dorausser well d'Gewerkschaft net bekannt ginn, mee se verweist reegelméisseg op eng besser ekonomesch a finanziell Situatioun vum Land. "Also an enger Krisesituatioun wéi mer se an de Joren 2008, 2009 an 2010 haten, do si mer ganz sécher net méi", sou de CGFP-Generalsekretär. De Romain Wolff verweist an deem Zesummenhang op d'Nullronn vun 2010.

  • Den Dan Kersch: