Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Maehila - Gentle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oaktree Capital net méi un ArcelorMittal interesséiert

Stolindustrie

Oaktree Capital net méi un ArcelorMittal interesséiert

auto_stories

1 min

Um Site zu Biissen produzéiert ArcelorMittal Drot. Foto: ArclorMittal

Den amerikaneschen Investmentfong Oaktree Capital wëll d’ArcelorMittal-Filial vu Biissen net méi opkafen. D’Gesellschaft huet hir Offer fir d’Spart WireSolutions zeréck gezunn, sot eis den LCGB-Gewerkschaftler Robert Fornieri.

Den LCGB ass iwwert dës Entwécklung net onzefridden. D'Gewerkschaft war net frou datt d'Filial un e Fong sollt iwwergoen. "Mir hunn eis en industrielle Repreneur gewënscht, dee net wëll séier Profit maachen", seet de Robert Fornieri. Op där anerer Säit hätt Oaktree Capital déi néideg Sue gehat fir an d'Filial zu Biissen z'investéieren. Den LCGB hätt dem Robert Fornieri no kee Vertrauen an ArcelorMittal. "Mir gesinn Dag fir Dag, datt d'Investissementer zeréck gehale ginn. Si ginn op e Maximum gebremst." Ob elo no engem neie Repreneur gesicht gëtt, konnt de Robert Fornieri net soen.

Zu Biissen produzéiert ArcelorMittal Drot. Viru kuerzem hat de Stolkonzern annoncéiert, dat u sech profitabelt Wierk wëllen ze verkafen.