Radioen

On air

De Moien  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Och déi nächst Generatioune brauche proppert Drénkwaasser"

Waasserschutz

"Och déi nächst Generatioune brauche proppert Drénkwaasser"

Nëmmen zwee Prozent vun de Lëtzebuerger Gewässer sinn an engem gudden Zoustand. Een neit Waasserschutzgesetz soll deem entgéint wierken. Et wier “méi preventiv, méi cibléiert a méi kooperativ”, seet den Ëmweltministère.

auto_stories

4 min

Nëmmen zwee prozent vun de Lëtzebuerger Gewässer hunn eng gutt Qualitéit. Foto: Ann-Kathrin Wirth

D'EU-Waasserdirektiv vun 2000 ass zu Lëtzebuerg eréischt 2008 ëmgesat ginn. Mat fënnef Joer Verspéidung, d'Frist war 2003 ofgelaf. Dofir gouf de Grand-Duché mat 2 Milliounen Euro sanktionéiert. D'Kläranlagen entspriechen awer nach ëmmer net de Standarden. Aus deem Grond muss Lëtzebuerg all Dag 2800 Euro Strof bezuelen.

D'Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer ass der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg no net gutt. Fir dat z'erreeche gouf d’Waassergesetz vun 2008 iwwerschafft. Dat aalt Gesetz hätt e gudde Kader gebueden. Mee fir den heitegen Defien, wéi zum Beispill dem Klimawandel, Rechnung ze droen, wier eng Moderniséierung néideg gewiescht.

D'Reform vum Gesetz géif e preventive Waasserschutz garantéieren, seet d'Carole Dieschbourg. "D'Waasser muss virum Afloss vum Mënsch geschützt ginn. Mee och de Mënsch virum Waasser, wéi zum Beispill Héichwaasser."

Donieft géifen d'Subsidë méi cibléiert agesat ginn, fir méi Mesurë méi séier ëmzesetzen. "Mir brauchen all déi concernéiert Acteure mat am Boot: mir maachen d'Feld vun deenen, déi kënnen am Waasserschutz aktiv sinn, op."

Gréng Infrastrukturen

Bei Renaturéierunge kéinten an Zukunft net just d'Gemengen deelhuelen, mee och Privatpersounen an Administratiounen. Esou kéint d'Liewensqualitéit vun den Awunner verbessert ginn. Donieft kéinten eng eng besser biologesch Villfalt am Waasser an en aktiven Héichwaasserschutz garantéiert ginn.

Dobäi géif an Zukunft méi op gréng Infrastrukture gesat ginn, erkläert de Jean-Paul Lickes vun der Waasserverwaltung. Bei dëse sougenannte gréngen Infrastrukture géif wéineg mat Betong geschafft ginn. Dofir awer ganz vill mat der Struktur vum Terrain selwer: "Mir probéieren doduerch vill fir d'Biodiversitéit an den Héichwaasserschutz ze maachen. Mee och d'Gestioun vum Reewaasser soll iwwert d'Struktur vum Terrain geschéien."

Dem Carole Dieschbourg no wäerten d'Gemenge fir den Héichwaasserschutz méi Sue vum Staat kréien, an zwar 90 Prozent amplaz wéi bis ewell 50 Prozent Finanzement. "Wann dat mat enger Renaturéierung verbonne gëtt, kann et jee no Projet bis 100 Prozent ginn", esou d'Carole Dieschbourg. Domat wier e Renaturéierungspojet ofgeséchert. D'Hoffnung wier, datt een anengems d'Waasserqualitéit verbessere kéint.

"D'Landwirtschaft muss Verantwortung iwwerhuelen"

Donieft gesäit de Projet de loi vir, d’Bäihëllefe fir d’Kläranlagen ze kierzen. Dëst, well déi Käschte scho missten iwwert de Waasserpräis couvréiert ginn. Dowéinst géing de Staat an Zukunft de Bau vu Kläranlagen nëmme méi bis zu 50 Prozent co-finanzéieren, ënnersträicht d'Carole Dieschbourg. "D'Gemenge kënnen dat droen. Mir mussen de Schutzgedanke méi no virstellen."

Op dee Wee kéinte finanziell Mëttel fir aner Investissementer fräigestallt ginn. "Nach ni goufen zu Lëtzebuerg esou vill Suen a Waasserprojete gestach", betount d'Ëmweltministesch.

Beispill déi Baueren, déi konkret Moossname fir den Drénkwaasserschutz ëmsetzen, solle méi Ënnerstëtzung kréien. D'Gesetzreform erlaabt et hinnen och, op de Waasserfong vum Ëmweltministère zréckzegräifen.

D'Daniela Noesen vun der Vereenegung fir Bio-Landwirtschaft zu Lëtzebuerg begréisst dës Neierung. Datt d’Baueren elo kéinte Subventiounen aus dem Waasserfong kréien, wier fir si awer just en Ufank. D'Landwirtschaft misst Verantwortung fir de Waasserschutz iwwerhuelen.

An der Biolandwirtschaft wier de Schutz vun de Ressourcen e grousst Thema. Fir datt de Biolandbau als System géif unerkannt ginn, wier eng ganzheetlech Approche néideg. "Do geet et net duer, just een Deel, also de Waasserschutz, erauszepicken", fënnt d'Daniela Noesen.

E Pilotprojet fir eng nohalteg Landwirtschaft

De Waasserversuerger "SEBES", den Naturpark Uewersauer a 66 Bauerebetriber hunn d’lescht Joer déi landwirtschaftlech Kooperatioun "LAKU" gegrënnt. Zil ass et, d’Qualitéit vum Drénkwaasser effektiv ze verbesseren.

Fir de Pilotprojet ze lancéieren, gouf sech am Virfeld un auslännesche Modeller inspiréiert an un déi regional Spezifizitéiten adaptéiert, erkläert de Jean-Jacques Ludovicy. Fir de President vu "LAKU" ass et wichteg, d'Offäll vun de Bauerenhäff, wéi d'Mëscht an de Piff, esou effektiv wéi méiglech anzesetzen. "Dat spuert den Akaf vu mineraleschem Dünger." Duerch den Asaz vun organeschem Dünger géife manner Ausgasungen oder Ofschwemmungen am Stauséi landen.

Donieft kéint iwwer Buedemprouwen den Zoustand vun de landwirtschaftlechen Notzflächen iwwerpréift ginn.

Méi Waasserschutzzonen

Nieft de Subsiden, déi den Ëmweltministère fir den Drénkwaasserschutz ëmverdeelt huet, ginn duerch dat neit Waasserschutzgesetz d'Prozedure gekierzt fir Drénkwaasserschutzzonen auszeweisen. Fënnef esou Zone ginn et bis ewell. Siwe weiderer wieren der Carole Dieschbourg no an der Maach.

"Nëmme wa mir wëssen, wou mir d'Waasser musse schützen, kënnen d'Mesurë séier ëmgesat ginn. Et muss dofir gesuergt ginn, datt och zukünfteg Generatioune proppert d'Drénkwaasser hunn a mir keent mussen importéieren."

D’Ëmweltministesch bedauert, datt de Waasserschutz esou laang geschleeft hätt. Et wier elo awer un der Zäit, all d’Acteuren ze mobiliséieren, fir de Waasserschutz nohalteg ze verbesseren.