Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofgasskandal: "Eng riseg Blamage fir Europa"

Dieselgate

Ofgasskandal: "Eng riseg Blamage fir Europa"

Virun engem Joer gouf de VW-Ofgasskandal opgedeckt, mee och aner Hiersteller hu gefuddelt. D'EU-Kommissioun géif d'Enquêtë bewosst blockéieren, seet den EU-Deputéierte Claude Turmes.

auto_stories

4 min

D'EU-Kommissioun wosst schonn 2009 vun den héijen Ofgaswäerter. Foto Bigstock / ssuaphoto

Tëscht 2011 an 2015 wiere ronn 30 Milliounen Autoen an Europa verkaf ginn, déi op mannst dräi mol méi wéi déi vun der EU festgeluechten Norme vu Stéckstoffoxiden ausstoussen. Dat schreift déi Bréisseler ONG "Transport & Environment" an engem rezente Rapport. Net nëmme VW, mee och aner Autoshiersteller hätten d’Ofgaswäerter vun hiren Diesel-Motore manipuléiert

A Lëtzebuerg entsprieche ronn 35 Prozent vun den Autoen op der Strooss net den Normen, ënnersträicht den Europadeputéierte Claude Turmes. Déi meeschten Dieselautoe wieren an der Haptstad ënnerwee, "op enger lëfteger Plaz". Dat wier Chance. "Soss wier d'Stad Lëtzebuerg déi Stad an Europa, déi am meeschte vun der Loftverschmotzung betraff ass." Et wier dem Claude Turmes no puren Zoufall, datt de Gesondheetsskandal net méi grouss wier.

"Ee mafiéise System"

A Lëtzebuerg géinge pro Joer 60 Leit fréizäiteg wéinst Loftverschmotzung stierwen, betount de Claude Turmes. Dës Loftverschmotzung wier zeréckféieren op d’Stéckstoffoxider NOx, déi vun Dieselmotoren ausgestouss ginn. Dem EU-Deputéierten no hätt d’EU-Kommissioun schonn am Wanter 2009 vun den ze héijen Ofgaswäerter gewosst. An der EU hätt keen d'Autohiersteller op d'Diskrepanz tëscht den Testresultater an den tatsächlechen Ofgaswäerter opmierksam gemaach. "Mir sinn an engem mafiéise System." Jidderee wéisst, wien de Schëllege wier, mee kee géif et soen, ënnersträicht de grénge Politiker.

Keng Kontroll

De System fir d’Autoen ze homologéiere wier ee kommerzielle Service an Europa, seet d’Julia Poliscanova vun der Bréissler ONG "Transport&Environment". Déi national Autoritéite stéingen an direktem Kontakt mat den Autosconstructeuren. Dës géinge bezuele fir d’Autoen testen ze loossen. Kee géif d'Aarbecht vun den nationalen Autoritéite iwwerwaachen, betount d'Julia Poliscanova. D'Regierunge wiere méi drun interesséiert den Autosconstructeuren ze gefalen, wéi un der ëffentlecher Gesondheet. "Ee Mangel un Onofhängegkeet an Transparenz bestëmmt de System. D'Regierunge gesinn d'Autohiersteller als Clienten a si hëllefen hinnen d'Normen z'erreechen."

D'EU-Kommissioun hätt eng Directive proposéiert, fir den Homologatiounssystem an Europa ze reforméieren an dëse méi onofhängeg an transparent ze maachen, erkläert d'Julia Poliscanova. Mee vill Regierungen bannent der EU, dorënner Lëtzebuerg, wieren do dogéint. "Lëtzebuerg wëll net, datt méi kontrolléiert gëtt, wat déi national Autoritéiten an déi technesch Servicer maachen." Dat wier bedauerlech, fënnt d'Mataarbechterin vun "Transport & Environment".

Positioun bezéien

Doru géif sech elo awer eppes änneren, seet den Europadeputéierte Claude Turmes. Déi dräi zoustänneg Lëtzebuerger Ministeren, Carole Dieschbourg, François Bausch an Etienne Schneider, geséiche sech demnächst fir hir politesch Positioun festzeleeën. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg verséchert, datt si sech net géint en onofhängegen Homologisatiounssystem géif wieren. Et bräicht ee gutt Regelen an et misst sécher gestallt ginn, datt de System europawäit géif fonctionnéieren. D'Lëtzebuerger Regierung hätt sech ni dogéint gestallt.

Am Géigendeel, de François Bausch hätt sech ëmmer fir d'Anhale vun de Regelen agesat, betount déi gréng Ministesch. "Mir wäerten alles dru setze fir datt mir an d'Dossiere vun den Homologatioune méi Seriositéit erakréien." Den Ament géif en Audit préiwen, ob bei der Lëtzebuerger "Société Nationale de Certification et d'Homologation" alles richteg gelaf wier a wat sech an Zukunft misst änneren. Dësen Audit ass allerdéngs nach net fäerdeg.

"Si halen eis fir blöd"

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet d’Enquêtëkommissioun vum Europaparlament kierzlech am Ministère empfaangen. D’Kommissioun ënnersicht den Ofgasskandal zënter dem Mäerz vun dësem Joer. De gréngen Europadeputéierte Claude Turmes ass do Membre suppléant.

Hie beschëllegt d’EU-Kommissioun: Si géif de Membere vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun ganz bewosst Informatioune virenthalen. D'Enquêtekommissioun géif net un all déi néideg Dokumenter kommen. "Et ass institutionell Inakzeptabel, wéi d'Kommissioun Juncker mat der Situatioun ëmgeet. Et erënnert e bëssen dorun, wéi hien zu Lëtzebuerg mat der Geheimdéngschtaffär ëmgaangen ass." De Skandal wier eng rieseg Blamage fir Europa, kritiséiert de Claude Turmes. "Mir wëllen eis Aarbecht maachen an d'Kommissioun huet eng Enquête-Preventiounsstrategie."