Enn Oktober fänken déi éischt Klappjuegten zu Lëtzebuerg un, domat ass d’Juegtsaison definitiv lancéiert. Fir d’Jeeërfederatioun ass d’Klappjuegt allgemeng déi ecologeschst an efficaceste Form vu Juedgt. “Et ass eng breetflächeg, grouss ugeluechten an eng extrem wirtschaftlech Wëldschuedbegrenzung. An et ass bal déi eenzeg Méiglechkeet, wou een u Wëllschwäin a grousser Mass erukënnt, wat um Hochsitz net sou einfach ass”, erkläert de Viktor Mousel vun der Jeeërfederatioun.
D’Jeeër mussen sech un Ofschosspläng vum Staat halen, deen hinne genee Quote virgëtt, déi se am beschte Fall während der Juegtsaison sollen erfëllen. Well awer esou vill Wëld an de Bëscher ass, koumen d’Jeeër fir d’Saisone vun 2013 bis 2015 net un d’Zuelen erun, déi de Staat virginn huet. Zum Beispill hätten d’Jeeër déi läscht Saison sollen 13.470 Déiere schéissen, koumen awer just op 8.184.
Beim Joen geet et virun allem drëm, de Wëldschued fir d’Baueren ze vermeiden. All Joer riicht d’Wëld méi wéi 400.000 Euro Schued a Bëscher a Felder un, seet de Viktor Mousel vun der Jeeërfederatioun. 300.000 Euro Schued gi vu Wëllschwäi gemaach. “Dee Schued gëtt zu 100 Prozent vun de Jeeër gedroen a mëttlerweil sinn d’Jeeër do iwwerfuerdert”, seet de Viktor Mousel.
“Dat ass Akkordaarbecht wat déi do maachen!”
De René Spautz ass géint d’Juegt. Hien mécht drop opmierksam datt déi 650 Juegdlousen am Land ongeféier eng bis zwou Kéieren pro Saison geschoss ginn. “Wann een dat mat der Gréisst vum Land vergläicht, dann ass dat schockant”, sou de René Spautz, a sengem eegene Numm. Dat huet senger Meenung no näischt méi mat Regulatioun ze dinn. “Mir hunn 2000 Jeeër am Land. Dat ass Akkordaarbecht wat déi do maachen!”, mengt de René Spautz.
De René Spautz mengt och, datt d’Regulatioun vu Wëld an de Bëscher vun engem staatleche Wëldheger misst gemaach ginn. Dëse Posten kéint eventuell nom Virbild vun de Fieschter geschaafe ginn. Den Ofschossplang vum Staat wier net onbedéngt déi richteg Approche, mengt de René Spautz. Senger Meenung no kënnen déi guer net erfëllt ginn.
D’Jeeër sinn hirersäits frou, datt Ufank November eng zweet Reunioun mam Staatsminister um Programm steet, an den Dialog nees ufänkt. An der Läscht goufen et jo Divergenze mam Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère. D’Federatioun erhofft sech e konstruktiven Dialog, an datt een och nees vun der Politik eescht geholl gëtt.