Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ONGen ënner Drock

Kooperatioun

ONGen ënner Drock

Déi staatlech Kooperatiounspolitik géif d'ONGen ënner Drock setzen, seet den Dietmar Mirkes vun "Action Solidarité Tiers Monde". Wéinst neie Co-Finanzéierungsmodeller géifen Entwécklungsprojeten, déi net an den offiziellen Zillänner vu Lëtzebuerg realiséiert ginn, gestoppt ginn.

auto_stories

3 min

Ee Prozent vun der indescher Populatioun sinn Offallsammler. Foto: Bigstock

Déi nei Co-Finanzéierungsmodeller wäerten een Thema bei den “Assises de la Coopératioun” sinn, mengt den Dietmar Mirkes vun "Action Solidarité Tiers Monde". De 26. a 27. Oktober tauschen sech déi ëffentlech an onofhängeg Acteuren aus, mee "do komme keng Resultater eraus, et geet ëm Debaten". Ee Schwéierpunkt misst de Klimawandel sinn, esou den Dietmar Mirkes. An deem Beräich misst Sensibiliséierungsaarbecht geleescht ginn. "Et ass geféierlech, wa grouss Multinationalen d'Bekämpfung vum Klimawandel als Geschäftsmodell entdecken." D'Gefor dovu wier, datt Ëmwelt- a Mënscherechter ignoréiert géifen.

Am Kader vum Zukunftspak huet d'Regierung hire Finanzéierungssystem fir Entwécklungs-ONGen nei opgestallt. Projeten an den offiziellen Zillänner vum Kooperatiounsministère ginn zu 80 Prozent kofinanzéiert. An anere Länner bedeelegt sech de Kooperatiounsministère just nach mat 60 Prozent. Fir d'Net-Regierungsorganisatioune bedeit dat, datt verschidden - och erfollegräich Projeten - musse gestoppt ginn. Dem Dietmar Mirkes no géifen domadder ronn 3,5 Milliarde Mënschen ausgeschloss ginn.

Dat géif kee Sënn maachen, well de Klimawandel géif si alleguer concernéieren, seet den ASTM-Mataarbechter. Effizient wier eng Organisatioun net, wa si sech op spezifesch Länner géif konzentréieren, mee wa si sech op d'Theme géif konzentréieren an deene si staark wier. "Et ass net gutt, datt de Kooperatiounsministère eis virschreiwe wëll, wou eis Partner sinn", kritiséiert den Dietmar Mirkes.

"An der Konsumwelt gefaangen"

Weltwäit ginn 3,5 Milliounen Tonnen Offall den Dag produzéiert: Een hallwe Kilo op de Kapp. Indien hätt mam urbanen Offall vun enger ëmmer méi grousser Mëttelschicht ze kämpfen, erkläert den Dietmar Mirkes. Ee Prozent vun der Populatioun an Indien wieren Ofallsammler déi vum Recycléieren a Recuperéiere vum Offall liewen. "Mee si si net unerkannt."

Bharati Chaturvedi (Chinta) an Jai Prakash “Santu” Choudhary (Safai Sena) mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg

Den "Chintan Environmental Research and Action Group", mat deem d'ASTM zesummeschafft, géif sech fir hir Unerkennung asetzen, esou den ASTM-Mataarbechter. D'Direktesch vun der indescher Associatioun an de Sekretär vum indeschen Offallsammler-Verband sinn aktuell op Visite zu Lëtzebuerg a waren sech d’Deponie "Muertendall" ukucken. Si wiere beandrockt gewiescht vun der Efficacitéit vun der Anlag.

Gläichzäiteg wieren si awer och geschockt gewiecht, seet den Dietmar Mierkes. "Si sinn entsat doriwwer, wéi mir an eiser Konsumgesellschaft gefaange sinn." 80 Prozent vun deem, wat zu Lëtzebuerg ewech geheit géif ginn, hätten d'Inder mat Heem geholl. An 20 Prozent hätte si recycléiert. "Iwwreg bliwwe wier näischt."

Dem Dietmar Mirkes no hätt d'Grënnerin an Direktesch vun "Chintan" festgestallt, iwwerall géife Schëlter stoen, déi d'Leit dozou brénge sollen eppes ze kafen. Néirens géif et Schëlter ginn, déi een ofhalen sollen eppes ze kafen. D'Mënsche wieren Affer vum Konsumwahn.


Interview mam Dietmar Mirkesplay_arrow

Joresrapport: Coopération Luxembourgeoise au Développement