Radioen

On air

De Moien  |  Money Mark - Pick Up The Pieces

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng symbolesch Reform

Medien

Eng symbolesch Reform

Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Pressehëllef sollen d'nächst Joer och Online-Medie staatlech Subventioune kréien. Dës Hëllef soll dem Staatsministère no awer just eng éischt Upassung sinn. Geplangt wier eng méi fundamental Reform vun der staatlecher Ënnerstëtzung fir déi geschriwwe Press. Eisen Informatiounen no soll eng Online-Publikatioun pro Joer eng forfaitair Ënnerstëtzung vun 100.000 Euro pro Joer kënne kréien - wa se dann eng ganz Rei Critèren erfëllt.

auto_stories

4 min

(© Bigstock)

Zu deene Critèrë gehéiert, datt d'Publikatioun vun engem Presseorgan muss editéiert ginn, dat déi editorial Responsabilitéit iwwerhëlt. Op d'mannst zwee Journaliste mat Pressekaart misste fir de Site schaffen, a regelméisseg aktualiséiert Informatioune vun allgemengem Interessi liwweren.

Déi staatlech Hëllef vun 100.000 Euro pro Joer dierft héchstens d'Halschent vun den Depensë vun der Publikatioun ausmaachen. Gläichzäiteg dierft d'Diffusioun vu Publicitéit oder Annoncen net d'Haaptzil sinn.

Critèren aus dem Aarbechtspabeier

Sou heescht et op d'mannst an engem Aarbechtspabeier vun Ufank Oktober, dat am Staatsministère ausgeschafft gouf an dat dem radio 100,7 virläit. Dëse Pabeier wier nach net déi definitiv Versioun, heescht et do op Nofro hinn.

Am Regierungsrot soll dat groussherzoglecht Reglement iwwer d'Online-Pressehëllef dës oder d'nächst Woch ugeholl ginn, bis dohinner kéinten nach Upassungen um Text gemaach ginn.

Am Secteur vun de Print-Medien geet een eisen Informatiounen no dovunner aus, datt d'Regierung an de Grondzich bei hirer Propos vun Oktober bleift: Weider Consultatioune mat de concernéierten Acteure wiere keng méi ënnerholl ginn.

Präzisioune ginn erwaart

Bei deem, wat d'Regierung am Oktober proposéiert huet, géifen et awer nach eng ganz Rei Onkloerheeten ginn - hei hofft een op Präzisiounen.

Zum Beispill:

  • Wat ass "originale" Contenu fir de Site? Kënnen dat och adaptéiert Versioune vun Artikele sinn, déi ähnlech och an der Print-Versioun erëm ze fanne sinn - oder dierf et guer keng Iwwerschneidunge ginn?
  • Kann een Editeur fir seng verschidden Online-Publikatioune jeeweils eenzel d'Online-Hëllef ufroen? Oder si Critère virgesinn, fir de Cumul bannent engem Grupp ze limitéieren?
  • Sinn effektiv keng Restriktioune virgesinn, wat d'Sprooch vun der Online-Publikatioun ugeet?
  • Kënnen och privat Radiosendere vun där neier Subventioun profitéieren?
  • A wéi gëtt iwwerpréift, datt wierklech zwee Journaliste fir d'Online-Publikatioun schaffen? Well a ville Zeitunge schreiwe Journaliste souwuel fir d'Print-Versioun ewéi och fir den Internetsite.

Nei an al Beneficiairen

Vun der Reform kënne verschidde Publikatiounen, déi bis elo keng staatlech Ënnerstëtzung kréien, profitéieren: Dorënner mat grousser Wahrscheinlechkeet den Internetsite vum Wirtschaftsmagazine "Paperjam". Mee och de Site vun der Gratiszeitung "L'Essentiel" kéint d'Critèren eventuell erfëllen. Kloer schéngt, datt nei kleng Online-Projeten et wäerte schwéier hunn, fir dës Hëllef ze kréien.

Gläichzäiteg erlaabt de Montant vun 100.000 Euro pro Joer den etabléierten Zeitungen keng grouss Spréng, fir hir digital Offer strategesch nei auszeriichten. "Kee grousse Worf", mee "besser wéi näischt", heescht et dozou am Secteur.

De Käschtepunkt fir de Staat deit och drop hinn, datt et sech bei dëser Reform ëm ee symbolesche Geste handelt: Am Staatsbudget 2017 si 450.000 Euro fir d'Online-Presshëllef virgesinn - de Print gëtt all Joers mat iwwer siwe Milliounen Euro ënnerstëtzt.

Neien Ulaf fir Gesamtreform?

Um Ufank hat d'Regierung nach wëlles, fir keng zousätzlech Hëllef fir Online-Medien anzeféieren, mee fir d'Suen aus dem Dëppe fir d'Print-Medien anescht ze verdeelen. Déi Iddi ass awer an de Verhandlunge zimlech séier verworf ginn.

Am Regierungsprogramm war och eng laangfristeg Léisung Optimisatioun vun der Pressehëllef versprach ginn, am Kontext vum digitalen Zäitalter:

"Le régime actuel de l’aide à la presse écrite, garant de médias pluralistes réalisés par des éditeurs professionnels, sera optimisé en concertation étroite avec les éditeurs luxembourgeois. Son évolution à long terme dans le contexte de l’internet et de l’ère numérique sera étudiée."

Am Staatsministère heescht et dozou elo, nach dës Legislatur wéilt een eng méi grouss Reform vum Gesetz zur "'Promotion de la presse écrite" maachen.

Plafong soll nees agefouert ginn

Sécher wier, datt nees e Plafong fir déi subventionéiert Säitenzuelen agefouert gëtt. Am Aarbechtspabeier vun Ufank Oktober heescht, dee Plafong sollt um héchsten Niveau deen an de leschte Joren erreecht gouf fixéiert ginn - fir dass keen eppes verléiert.

Net all d'Medienhaiser sinn eisen Informatiounen no iwwerzeegt, datt eng grondleeënd Reform vun der Pressehëllef en Vue vun enger méi kohärenter Ënnerstëtzung fir den Online-Journalismus, zu dësem Zäitpunkt wënschenswäert ass. Ee Problem ass, datt d'Publicitéitsrevenuën um Internet vill méi niddreg sinn, wéi am Print.

Aktuell profitéiert de Grupp Editpress, mat als Haaptaktionnär dem OGBL, am meeschte vun der staatlecher Hëllef fir déi geschriwwe Press.