Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onmoralesch Gesetzer?

LuxLeaks-Prozess

Onmoralesch Gesetzer?

Am Kontext vum LuxLeaks-Prozess lueft de Michel Pauly de Courage vu Whistleblower wéi den Antoine Deltour. Den Historiker vun der Uni.lu a forum-Mataarbechter freet nom Zesummenhank vu Politik a Moral.

auto_stories

6 min

Michel Pauly

D’Zäitschrëft forum kënnt am Editorial vun der Nr. 362, déi dëser Deeg erauskoum, op d’Whistleblower zeréck, also déi Leit, déi e Beruffsgeheimnis un d’Ëffentlechkeet bréngen, well se iwwerzeegt sinn, dass dat am Interessi vun ons all ass. Bekannte Beispiller sinn den Edward Snowden, deen der Welt matgedeelt huet, dass den amerikanesche Geheimdéngscht quasi jiddereen oflauschtert, egal ob Frënd oder Feind, bekanntlech souguer d’Angela Merkel. Oder de Bradley Manning, deen amerikanesch Krichsverbriechen am Irak opgedeckt huet.

Schonn 1971 hat den Daniel Ellsberg déi sougenannt Pentagon-Pobeiere publizéiert an domat déi geheim Krichsziler vun den USA am Vietnam-Krich bekannt gemaach. An elo huet dann den Antoine Deltour verroden, wéi déi Lëtzebuerger Steierverwaltung a Kooperatioun mat der Firma PricewaterhouseCoopers groussen, internationalen Entreprisen erméiglecht, sech laanscht déi normal Steieren ze drécken.

All déi Leit haten e moraleschen Usproch. Si waren duerch hire Beruff un Informatioune komm, déi hiert Gewëssen därmoosse belaascht hunn, dass si léiwer d’Geheimnis verroden an domat e Gesetz iwwertratt hunn, wéi dass se matschëlleg bliwwe wären andeem se gemaach hätte wéi wa si näischt wéissten. An de leschte Jorzéngte goufen eng Rei Membere vun den SS veruerteelt, well si sech un déi deemoleg Gesetzer gehalen hunn amplaz „Neen“ ze soen. Wann och d’Naziverbrieche vu ganz anerer Natur ware wéi Steierhannerzéiung, sou ass dach dee moraleschen Usproch hannert deene Veruerteelungen exakt dee selwechten.

Gesellschaftlech Fortschrëtter wéinst dem Courage vu Gesetzesbriecher

Dass een am Numm vun der Moral, am Déngscht vun der Mënschheet sech verflicht fillt, Gesetzer z'iwwertrieden, ass net jidderengem senges, mee net aussergewéinlech. Greenpeace ass doduerch bekannt ginn, dass si d’Gefor vu Prisongsstrofen op sech geholl hu fir géint d’Juegd op Waler oder Focken ze protestéieren. Wéi se viru Joren zu Lëtzebuerg eng Esso-Bensinspompel besat hunn, goufe se zu héije Geldstrofe veruerteelt. E Whistelblower weess wat e riskéiert a mécht et awer, well en iwwerzeegt ass vun der bonne cause. E weess – och wann en de Contraire hofft – dass d’Riichter blann si fir d’Moral a just de Buschtaw vum Gesetz kennen.

An der Geschicht ginn et vill Beispiller, wéi gesellschaftlech Fortschrëtter nëmmen doduerch zustan komm sinn, dass Mënschen de Courage haten e Gesetz ze briechen: Et géifen haut keng USA, wann net englesch Siidler refuséiert hätte Steieren um Téi ze bezuelen, wann net och si Vertrieder an dat englescht Parlament dierfte wielen. No taxation without representation war hire Slogan. A well dat englescht Parlament op stur geschalt huet, hunn di 13 Kolonië sech onofhängeg erkläert. Et géif och keng Mënscherechtserklärung, wa 1789 net 600 franséisch Bierger an en etlech Adleg a Kleriker géint dem Kinnek säi Wëllen decidéiert hätten, sech als Nationalversammlung ze konstituéieren a selwer d’Gesetzer ze maachen.

Wee mécht dann esou onmoralesch Gesetzer a weem sengem Interessi?

Am forum-Editorial gëtt déi berechtegt Fro gestallt: Wann eng Clearstream-Affär oder Wikileaks oder Luxleaks oder d’Publikatioun vun de Panama-Papers oder neierdéngs vun den TTIP-Pobeieren illegal sinn, Taxrulings an d’Iwwerwaache vun de Bierger an den Transfert vun héije Gewënner aus aarme Länner a Länner mat niddrege Steieren awer legal sinn, wéi ons sukzessiv Regierunge jo ëmmer nees behaapten, da muss ee sech d’Fro stellen: Wee mécht dann esou onmoralesch Gesetzer a weem sengem Interessi? Ween dréckt dann d’Bierger därmoossen op d’A, dass se Parteie wielen, déi esou Gesetzer duerchwénken?

Ech fannen et op d’mannst bemierkenswert, dass ëmmer méi Bierger moralesch Kritären an d’ëffentlech Diskussioun bréngen. Fréier gouf an der Politik vu Moral just geschwat wann et ëm den Avortement oder d’Euthanasie gaang ass. Haut verlaangen ëmmer méi Bierger, dass ons Gesetzer ënnergeuerdent Ziler wéi de Klimaschutz, d’Iwwerliewe vun de nächste Generatiounen, d’Erhale vu soziale Standarden iwwert d’Virdeeler fir multinational Gesellschaften a Bankdirektere stellen.