Radioen

On air

De Moien  |  Michael Kiwanuka - You Ain't The Problem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Op de Wee vun der Inclusioun"

Rechter vum Kand

"Op de Wee vun der Inclusioun"

D'Hëllef fir Kanner mat Behënnerung oder mat Léier-oder Verhalensschwieregkeete misst an de Schoule besser strukturéiert ginn, kritiséiert den Ombudsman fir d'Rechter vum Kand. D'Betreiungsequipë missten dem René Schlechter no besser strukturéiert a méi visibel sinn. Dernieft fäert den Ombudsmann, datt mat der Reform vum Inspektorat am Enseignement fondamental, de Schoulsystem op emol Responsabel fir d'aide à l'enfance wier.

auto_stories

4 min

René Schlechter, Ombudsman fir d'Rehcter vum Kand

Den 21. November huet den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand säi Joresrapport 2016 virgestallt. De Rapport zitt de Bilan vun der Inclusioun vu Kanner mat enger Behënnerung oder mat Léier- oder Verhalensschwieregkeeten. Et géif net genuch Kontinuitéit an der Betreiung vun de concernéierte Kanner ginn, ass ee vun de Kritikpunkte vum ORK. Déi eenzel Servicer déi d'Kanner géife begleede missten dem Ombudsman René Schlechter no besser aneneen iwwergräifen.

Iwwerdeems wier d'Hëllef fir déi concernéiert Kanner an Elteren an de Schoulen net kloer strukturéiert a géif dacks net duergoen. Dem Ombudsman no misst an de Schoule méi fréi festgestallt kënne ginn, wa Kanner Schwieregkeeten hätten. Bis ewell wier et esou, datt d'Elteren d''Schoulen op Problemer opmierksam géife maachen, "well si bei iergendwelleche Spezialiste waren oder d'Kand net gutt an der Schoul ass."

Méi Visibilitéit

Den Enseignant spillt dem René Schlechter no eng wichteg Roll, fir esou eng Diagnos ze stellen, schliisslech géif hien d'Kand am Alldag erliewen. Mee och déi sougennant Equipes multiprofessionnelles – dat si Spezialisten, wéi Psychologen, Orthophonisten oder Psychomotoriker – wieren an der Verantwortung. Dofir missten dës Equippen awer an de Schoule méi present sinn, betount de René Schlechter. "D'Eltere musse wëssen, datt si e Gespréichspartner hunn a wat d'Schoul hinnen an deem Beräich bidde kann." Nëmmen esou kéinte sech d'Elteren och direkt un déi Professionell an de Schoule riichten.

"Op emol Chef vun allem"

Den Ombudsman fir d'Rechter vum Kand begréisst iwwerdeems de Projet fir d'Inspektorat an de Grondschoulen duerch Regionalbüroen z'ersetzen. Den entspriechende Gestzprojet gouf de 17. November vum Regierungsrot ugeholl an kënnt elo op den Instanzewee. Den Inspektorat am Enseignement fondamental soll duerch 15 Regionalbüroen ersat ginn, déi 37 Directeurs de région adjoints zur Säit kréien. Den ORK fäert awer, datt de Schoulsystem mat der Reform op emol Responsabel fir d'aide à l'enfance wier. "An déi Direkteren – dat wat haut d'Inspektere sinn – sinn dann op eemol Chef vun allem."

Enn dës Jores wëll den Educatiounsminister Claude Meisch och d'Reform vun der Education différenciée presentéieren. De René Schlechter hofft, datt ee mat dëser Reform op de Wee vun der Inclusioun géif goen. Och Kanner mat Behënnerunge missten op mannst deelweis kënnen an d'Schoul goen.

Fir e Jugendstrofrecht

Den Ombudsman fir d'Rechter vum Kand huet och de Projet vun der Regierung fir eng zousätzlech Struktur fir stroffälleg Jonker ze schafen, kommentéiert. Nieft der Sécherheetsunitéit fir Jonker zu Dräibuer, plangt de Justizminister Felix Braz eng nei Struktur fir Jonker tëscht 16 an 21 Joer ze schafen, déi besonnesch Schwieregkeete mam Gesetz hunn. De René Schlechter gëtt zou, datt dëst géint d'Kannerrechtskonventioun géif verstoussen: Mannerjäreg Kanner dierfen net zesumme mat Erwuessenen – och net mat jonken Erwuessener – ënnerbruecht ginn.

Ob där anere Säit awer wier et gutt eng Alternativ ze hu fir Kanner, déi net an Dräibuer géife passen a soss missten am Prisong ënnerbruecht ginn. De René Schlechter betount, och wann de Projet realiséiert géif ginn, misst d'Iddi vun der Protectioun vun de Jonken am Virdergrond stoen, net déi vun hirer Bestrofung. "Mir hu nun emol kee Jugendstrofrecht" bedauert an dësem Kontext de President vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand.

Mat engem Jugendstrofrecht kéint een de Jonken nämlech ee klore Message ginn. "E Jugendleche muss sech domat ausernee setzen. datt en eppes gemaach huet wat net ok war, an doraus Konsequenzen zéien." D’Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land hat geschriwwen, datt sech de Parquet an d’Jugendgeriicht géint d’Aféierung vun engem Jugendstrofrecht wieren.

D'Reform vum Jugendschutzgesetz awer, déi géif kommen, mengt den Ombudsmann. Hie begréisst de Projet, wéi en sech den Ament géif annoncéieren: E grousse Fortschrëtt wier, datt en automatesche Verloscht vun der autorité parentale mat der Reform géif ewech falen.