Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Getrennt duerch eng Mauer an de Käpp?

Europa

Getrennt duerch eng Mauer an de Käpp?

Viruerteeler vermëttelen a Westeuropa ee falscht Bild iwwer osteuropäesch Gesellschaften. Doriwwer si sech de Fotograf Patrick Galbats grad ewéi de Radek Lipka an de Sébastien Louis vum CinEast-Festival eens. Filmer a Fotografie kéinten eng gewëssen Ouverture bréngen.

auto_stories

8 min

Sébastien Louis a Radek Lipka

De Lëtzebuerger Patrick Galbats, fréiere Fotograf vun der Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land, stellt de Moment eng Serie vu Biller an der Abtei Neimënster aus. Am Kader vum CinEast Filmfestival ginn do - ënnert dem Titel Away from home - d’Aarbechte vun néng Fotoreporter iwwer fräiwëlleg a gezwonge Migratioun gewisen. Dem Patrick Galbats säi Bäitrag (“Paris-Moldova”) beschäftegt sech mat enger Roma-Musekerfamill, mat hirem Liewen tëschent Rumänien a Paräis.

D’Polemik iwwer d“Heescherten”, déi e bekannte Stater Affekot d’lescht Joer lassgetrëppelt hat, hätt hie “ganz schrecklech” fonnt, sot de Patrick Galbats an der Emissioun Riicht eraus. “Déi Leit géifen net heihinner kommen, wann se do, wou se hierkommen, anstänneg kéinte liewen an et keng Segregatioun géif ginn.” Wëll de Fotograf de Leit mat senge Fotoen een anert Bild vermëttelen, dat méi der Realitéit entsprécht? “Op alle Fall där Realitéit, déi ech gesinn”. Déi mënschlech Säit vun deene Leit, déi hie kennegeléiert huet, wéilt hien zum Virschäi bréngen.

Patrick Galbats

Zënter 2001 ass de Lëtzebuerger regelméisseg an Ungarn an a Rumänien ënnerwee, méi intensiv zënter 2012. Fir Rumänien hätt hien eng Léift entwéckelt an esouguer d’Sprooch geléiert, sou de Patrick Galbats. Wéinst der Gaaschtfrëndlechkeet vun de Leit, deenen hie begéint ass. A wéinst hirer Fähegkeet, fir - trotz de Schwieregkeeten - mat engem einfache Liewen eens ze ginn.

D’lescht Joer huet de Patrick Galbats eng fotografesch Aarbecht an Ungarn an Ugrëff geholl iwwert den Afloss vun der Politik respektiv dem Rietsextremismus op d’Landschaft. “Dat huet u sech mat mengen ungareschen Originnen ze dinn”, sou de Fotograf. D’Familljegeschicht hätt hien nëmmen duerch Héieresoe kannt, et wier him drëms gaangen, där op de Fong ze goen.

''Éischter Resultat vun enger Haasspropaganda

De Patrick Galbats hieft de Kontrast ervir, tëschent de positiven an den negativen Aspekter an deene Länner. “Wann ee mat de Leit ufänkt iwwer Politik ze schwätzen, virun allem zënter engem Joer, wou sou vill Flüchtlingen an Europa komm sinn, gi Leit hir Islamophobie zou – obwuel se kee Moslem kennen”. Fir de Fotograf wier dat “éischter e Resultat vun enger Haasspropaganda, déi vu verschiddene Regierungen oder Parteie gemaach gëtt”.

Während senger leschter Rees an Ungarn, ëm d’Zäit vum Referendum iwwert d’EU-Flüchtlingspolitik, wieren him déi riseg Wahlplakater opgefall, déi praktesch iwwerall ze fanne gewiescht wieren. De Patrick Galbats fotograféiert och Monumenter, déi hautdesdaags gebaut ginn, mat deenen de Verléierer vum Éischte Weltkrich Ungarn sech als “Sënnebock” wéilt duerstellen. Ungarn hat deemools ee groussen Deel vu sengem Territoire verluer. “Déi Wonn, déi do entstanen ass, ass bis haut nach ëmmer net geheelt”, huet de Fotograf festgestallt.

Foto: Patrick Galbats

''Rees an de Balkan wéi Rees an een exotescht Land''

„Zënter enger Generatioun ass d’Mauer gefall. Et huet een awer heiansdo den Androck, wéi wa se nach do wier”, sou de Radek Lipka. Je no Alterskategorie géif dat variéieren. De Lipka ass EU-Fonctionnaire an Organisateur vum CinEast Filmfestival. Fir ee Westeuropäer wier et – a sengen Aen - net selbstverständlech, ee Film aus engem osteuropäesche Land an de Kino kucken ze goen. Filmer, déi an der Regel och manner gewise géife ginn. Dës Filmographie géif dacks mat däischtere Sozialdramen identifizéiert ginn, obschonns et hautdesdaags eng Generatioun vu Realisateure géif ginn, déi no der kommunistescher Period gebuer sinn an eng aner Sensibilitéit géifen un den Dag leeën.

Et wier och ëmmer nach net selbstverständlech, iwwer 20 Joer nom Enn vum Krich a Jugoslawien, a Länner vum Westbalkan ze reesen, erkläert de Fransous Sébastien Louis. Hien ass Geschichtsprofesser op der Europaschoul an och an der Organisatioun vum CinEast verwéckelt. Senger Meenung no ass “eng Rees op Mostar oder Sarajewo wéi eng Rees an een exotescht Land”. Eng Astellung, déi op Viruerteeler zeréckzeféiere wier.

De ''polneschen Installateur“, de Roma-''Heeschert“

D’Zil vum CinEast-Festival wier et, unhand vun de Filmer déi ganz Diversitéit vun den osteuropäesche Gesellschaften ze weisen. Domat wéilt een den negativen Image, deen d’Leit zu Lëtzebuerg beispillsweis géigeniwwer Migranten aus dem fréiere Jugoslawien hunn, ze zerstéieren. De Sébastien Louis verweist op de “polneschen Installateur”, deen hei d’Aarbecht ewech huelen kéim, oder op ee Message vun der Police mat enger Foto vun engem Roma, mat där virun “Heescherte” gewarnt gi war.

“Déi osteuropäesch Filmer sinn elo wäit ewech vun deem, wat ënnert dem Kommunismus produzéiert gouf”, seet de Radek Lipka. Zum Beispill mat tragikomeschen an allméiglech méi ausgefalene Filmer - nieft historesche Filmer, déi déi kommunistesch Period oder och den Zweete Weltkrich thematiséieren, ouni awer dobäi an d'Verherrlechung vun Helden ze verfalen.

D’Produktioune wieren net méi onbedéngt op Subside vum Staat ugewisen, Filmer kéinte sech duerchaus am Ausland finanzéieren. Mee och ënnert dem Kommunismus wieren et scho kritesch oder subversiv Filmer vun unerkannte Realisateure ginn, déi duerch hir subtil Aart a Weis laanscht d’Zensur komm sinn, erkläert den Organisateur vum CinEast.

''Filmer kënnen eng gewëssen Ouverture bréngen''

“D’Filmer veränneren d’Gesellschaft net”, bedauert de Sébastien Louis. Et wier also schwéier, mam Kino d’Barrièren an de Käpp ze zerstéieren. Ëmsou méi déi meescht interessant Filmer an d'Kategorie “Art et Essai” géife falen, déi relativ manner Leit kucke ginn. Trotzdeem kéint de CinEast fir eng gewëssen Ouverture suergen. De Festival géif Osteuropäer hei am Land unzéien, déi net onbedéngt un deem Genre vu Filmer interesséiert sinn, mee awer kommen a Kollegen aus anere Länner matbréngen, sou den Historiker. Ee Programm mat Kannerfilmer géif sech un déi méi Kleng riichten.

De Sébastien Louis interesséiert sech besonnesch fir radikal Foussballsupporter, ee Phenomen, deen an Osteuropa wäit verbreet ass. An deene leschte Joren hätten déi Gruppen sech géint d’Flüchtlinge mobiliséiert. “Am Balkan mee och soss an osteuropäesche Länner gëtt net vill Politik fir d’Jugend gemaach”. Déi Jonk wieren sech dacks selwer iwwerlooss. Radikal Gruppen an de Stadien - dacks vun der Politik fir nationalistesch Zwecker manipuléiert an awer relativ autonom - géifen hinne Méiglechkeete bidden, fir op hir Manéier un der Gesellschaft deelzehuelen.

"Ost"-"West"?

D’Länner ënnert d’Kategorien “Ost” a “West” anzeklasséiere wier sécherlech schematesch, sou de Radek Lipka. “Wat d’Länner an Osteuropa verbënnt, ass hir kommunistesch Vergaangenheet, un där se nach all schaffen”. An déi gemeinsam Memberschaft an der Europäescher Unioun? Objektiv hätten déi Länner profitéiert. De Protest vun osteuropäesche Staate géint d’EU-Flüchtlingspolitik wier ënnert anerem op eng gewëssen Enttäuschung vun de Leit zeréckzeféieren, Enttäuschung iwwert déi reng materialistesch Ausriichtung vun der EU op Käschte vun enger Form vun Identitéit, mengt de Radek Lipka.

Foto: Patrick Galbats

Foto: Patrick Galbats