Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee weltwäite System fir Verméigen ze verstoppen

Panama Papers

Ee weltwäite System fir Verméigen ze verstoppen

Eng weltwäit Enquête deckt op, wéi Honnerte Politiker an aner Perséinlechkeeten hiert Verméigen iwwer Bréifkëschtefirmee verstoppen: Journaliste vun der Süddeutschen Zeitung kruten intern Dokumenter vum Cabinet "Mossack Fonseca" mat Sëtz a Panama zougespillt. Och Lëtzebuerg kënnt an de Montagë vir.

auto_stories

5 min

(©icij.org)

Mat eelef Milliounen Dokumenter ginn déi sougenannt Panama Papers als gréissten Date-Fuite bezeechent, déi et jee gouf. An dës Dokumenter weisen, dass d'Bréifkëschtefirmaen op d'mannst nach bis zejoert ee ganz beléiftent Instrument waren, fir Verméigen ze verstoppen. 

An dat och fir Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen: Iwwer 140 Funktionären a Politiker, dorënner 12 aktuell oder fréier Staats- a Regierungschefen kommen an den Dokumenter vir. Dorënner d'Presidente vun Argentinien, Uruguay an der Ukraine, grad ewéi d'Premierministeren vun Island a Pakistan. Genannt ginn och enk Vertraute vum russesche President Vladimir Putin, an de suspendéierten UEFA-President Michel Platini.

Hir Offshore-Geschäfter huet d'Sueddeutsche Zeitung oppe geluecht. Dat a Kooperatioun mam Internationale Konsortium fir Investigative Journalismus (ICIJ) a mat Dosenden aneren Zeitungen, dorënner de Guardian an de Monde. Eng ähnlech Zesummenaarbecht also ewéi 2014 bei de LuxLeaks-Revelatiounen.

Onbekannt Source

Wien de Whistleblower ass, ass net bekannt. Op alle Fall huet déi Persoun Dokumenter vu "Mossack Fonseca" aus de leschte 40 Joer un d'Journaliste viru geleet. An déi konnten esou d'Montagen vun iwwer 200.000 Bréifkëschtefirmaen retracéieren. D'Affekote-Boîte aus Panama bitt d'Grënnung an d'Gestioun vun anonyme Societéiten un. An enger Stellungnahm schreift d'Etude, datt se hir Geschäftsbezéiungen ëmmer préift an dass hir Aktivitéiten am Aklang si mat de Gesetzer.

Am Viséier vun der Enquête ass net eleng de Panama, mee ee weltwäite Reseau fir d'Verstoppe vu Verméigen. Quasi all Land daucht an den Dokumenter op. "Mossack Fonseca" schafft awer besonnesch mat Banken, Affekoten a Finanzberoder aus anere Steieroasen zesummen. Déi meescht Bréifkëschtefirmaen goufen den Dokumenter no op de British Virgin Islands domiciliéiert.

Och Lëtzebuerg spillt eng Roll

Bei den aktiivsten Intermediairen ass de Grand-Duché op Véierter Plaz, hannert Hong Kong, Groussbritannien an der Schwäiz. A vun den 10 Banken, mat deenen "Mossack Fonseca" am meeschten zesumme geschafft huet, sinn der véier aus Lëtzebuerg, dorënner d'Banque Safra Sarasin an d'Société Générale. Un éischter Plaz steet d'BIL: Hir Filial "Experta Corporate & Trust Services" huet fir ronn 1600 Clienten iwwer Panama Bréifkëschtefirmaen uleeë gelooss.

Den islännesche Premier Gunnlaugson, huet seng Bréifkëschtefirma op de British Virgin Islands iwwer de Wee vun enger Lëtzebuerger Bankfilial geschaf.

Éischt Reaktiounen

​An Island fuerderen d'Oppositiounsparteien de Récktrëtt vum Premier, well e seng finanziell Interessen a senger Offshore-Societéit net deklaréiert huet.

D'Ethikkommissioun vun der Welt-Fussball-Federatioun Fifa huet nach gëschter Owend confirméiert, datt eng preliminär Enquête géint hire Member Juan Pedro Damiani aus dem Uruguay lancéiert huet. Hie soll dräi vun den Ugekloten am FIFA-Korruptiounsskandal gehollef hunn, Bréifkëschtefirmaen ze grënnen, fir Bestiechungsgelder ze verstoppen.

Et ass awer dervun auszegoen, dass dat réischt den Ufank vun de Repercussiounen vun dëser Enquête ass. An der EU ginn elo zum Beispill Fuerderungen no enger méi strikter Gesetzgebung géint Bréifkëschtefirmaen haart. De gréngen Europadeputéierte Sven Giegold huet gefuerdert, datt Banken bestrooft ginn, wa se mat esou anonymen Sociétéiten zesumme schaffen.