Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Nested

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU-Kommissioun wëll méi Transparenz

Panama Papers

D'EU-Kommissioun wëll méi Transparenz

No den Offshore-, an de LuxLeaks, sinn et elo d’Panama Papers, déi dofir suergen datt op der ganzer Welt iwwer zweiwelhaft Steierpraktiken diskutéiert gëtt. Mee wat mëcht d’Politik iwwerhaapt fir esou Praktiken ze verhënneren? D’EU-Kommissioun schléit elo fir, grouss Entreprisen misste méi Informatiounen iwwer hir Geschäfter an Europa publizéieren – Kritiker geet dat net wäit genuch.

auto_stories

6 min

Der Kommissioun no sollen Entreprisen och ëffentlech maache wéi eng Aktivitéiten si a "Steierparadäiser" hunn (©Bigstock)

D’Panama Papers sinn ee politescht Signal, sot de Pierre Moscovici, den EU-Kommissär fir Wirtschaft, dësen Dënschdeg virum Europaparlament zu Stroossbuerg. E Signal, datt méi géint Stéierevasioun misst gemaach ginn.

D’EU-Kommissioun huet elo e Schrëtt an déi Richtung gemaach, andeems se verschidde nei Mesure proposéiert huet, déi solle verhënneren, datt grouss Entreprisë Steieren vermeiden. Geet et der Kommissioun no, da mussen Entreprise mat engem weltwäiten Ëmsaz vun iwwer 750 Milliounen Euro, geschwënn méi Informatiounen iwwer hir Geschäfter an Europa verëffentlechen. Dës Entreprisë missten da genee duerleeën, wéi vill Ëmsaz, a wéi vill Gewënn si an deenen eenzelnen EU-Länner maachen, an och wéi vill Stéieren si an all EU-Staat bezuelen.  

"Een decisive Schrëtt"

"Mir wären déi éischt op der Welt, déi déi gréissten Multinationalen giéifen zwéngen des Schlëssel-Informatiounen publique ze maachen. Firwat wëlle mer dat maachen? Well déi Transparenz eis géifen hëllefen erauszefannen op eis Steiergesetzer fonctionnéieren. An et géif der Ëffentlechkeet hëllefen, ze gesinn, op dës Entreprisen, op laang Siicht, dat bescht fir hir Reputatioun, an domatt hir Aktionären maachen", sot den EU-Finanz-Kommissär Jonathan Hill.

D’Mesuren déi d’Kommissioun presentéiert huet, waren gréisstendeels scho virun de Panama Papers ausgeschafft ginn. Eng Ännerung huet d’Kommissioun awer, no der Publikatioun vun den Dokumenter gemaach: Während d’Mesuren sech am Ufank op d’Geschäfter bannent der EU sollte limitéieren, fuerdert Kommissioun elo och, datt d’Entreprisen ëffentlech maache wéi eng Aktivitéiten si a sougenannte "Steierparadäiser" hunn. Dat wier "een decisive Schrëtt", sou de Pierre Moscovici en Dënschdeg virum Europaparlament.

Verschidde laang Lëschte vu Steierparadäiser

Dobäi gëtt et awer ee Problem. An zwar deen, datt d’EU-Memberstaten sech am Moment guer net eens sinn, wéi een e "Steierparadäis" definéiert. "Portugal, zum Beispill, huet 85 Steierparadäiser op senger Lëscht, dat schéngt vill. Däitschland huet dogéint keent, dat ass sech ze kloer wéineg", sou de Pierre Moscivici.

Panama gëllt – op déi ganz EU gekuckt – bis elo a néng Länner als Steierparadäis. "Dat ass natierlech ze wéineg", sou den EU-Kommissär weider. ​D’Kommissioun fuerdert dofir, datt d’EU-Staaten bannent de nächste sechs Méint eng “schwaarz Lëscht” ausschaffen, wou dann déi Länner dropkommen, déi als Steierparadäis gëllen.

Gréng Fraktioun: "Net just Multinationalen"

Fir datt d’Proposen vun der Kommissioun effektiv ëmgesat ginn, muss souwuel d’Europaparlament, wéi och eng Majoritéit vun de Memberstaten domatt averstane sinn. Op daat geléngt ass allerdéngs am Moment nach net kloer.

Verschidden Europadéputéiert kritiséieren, d’Proposen vun der Kommissioun géife net wäit genuch goen – de Phillippe Lamberts vun der grénger Fraktioun huet gefuerdert, datt "net just d'Multinationalen", mee alleguerten d’Entreprisen méi Informatioune verëffentlechen.

Lénk Fraktioun: "Heuchelei"

De Fabio de Masi vun de Lénken huet während der Debatt d’Verhalen vun eenzelne Länner kritiséiert an vun "Heuchelei" geschwat. "Däitschland läit am 'Schattenfinanzindex' fënnef Plaze viru Panama a spärt sech géint een ëffentleche Regëster fir Bréifkëschtefirmaen, Banke mussen also an Däitschland näischt fäerten wa se Geld wäschen". 

Ähnlech Kritik gouf et och vum fréien AfD-Chef Bernd Lucke, dee mëttlerweil eng eege Partei gegrënnt huet. Zu Stroossbuerg gehéiert hien zur selwechter Fraktioun, wéi déi polnesch Regierungspartei an déi englesch Tories vum britesche Premier David Cameron. "Et muss ee sech froen wéi et méiglech ass, datt d'Steierrecht souvill Méiglechkeete konnt schafen, fir datt Steiervermeidung a Geldwäsch an esou engem groussen Ëmfang iwwerhaapt konnte geschéien", sou de Bernd Lucke, dee vun engem "Versoe vun der Politik" schwätzt. Et wier nämlech villes gewosst gewiescht an trotzdem näischt gemaach ginn.