Zanter Deeg halen d’"Panama Papers“ weltwäit d’Press an Otem. Ëmmer nei Nimm, Organisatiounen, Firmen an Institutiounen ginn am Kontext vun den Offshore-Aktivitéite genannt, déi den Internationale Journaliste Konsortium opgedeckt huet an elo no an no ëffentlech mécht.
Lëtzebuerg steet dës Kéier net am Mëttelpunkt vun der Affaire. An dach ginn eng Rei Finanzinstituter aus dem Grand-Duché genannt, déi via Panama steierlech Optimiséierung organiséiert hunn. An domat allerdéngs, och dat muss emol gesot ginn, näischt Illegales gemaach hunn.
Net illegal
Mat dem Panama–Dossier stellen sech iwwerhaapt manner Froen am Kontext vun deem, wat erlaabt ass. Erlaabt, gesetzlech net falsch an och am Kader vun deem, wat legal ofgeséchert ass, ass vill méiglech an der Welt vun de Finanzen, den Dividenden an dem décke Goss.
Mat dem Panama-Leak stellen sech menger Meenung no alt erëm méi substantiell Froen. Et si Froen, déi sech wuel déi meeschte Leit stellen, déi fir eng Pei oder ee wirtschaftleche Rendement schaffen a schéi brav an hirem Land Steiere bezuelen. Do, wou si iwwregens och vun deem profitéieren, wat mat de Steieren, also dem ëffentleche Geld gemaach gëtt.
All déi normal Leit froe sech, wat dat Ganzt iwwerhaapt soll a wat fir ee System sech hei am Laf vun den Joren breet gemaach huet. De verantwortlechen Ëmgank mat Kapital ass längst passé. Datt Gewënner maachen och eng sozial-verantwortlech Komponent muss hunn, gëtt vergiess.
Belaaschtung fir d'Demokratie
Besonnesch schlëmm gëtt et dann, wann och nach déi Leit, déi politesch decidéieren oder wéinst hirer Positioun an der Economie, der Konscht oder am Sport, Virbiller solle sinn, ënner Beweis stellen, datt ëmmer méi Sue maachen dat iewescht Gebot ass.
„Dat wonnert mech net“. Wéi oft hunn ech an deene leschten Deeg dëse Saz am Kontext vum Panama-Leak héieren. Jo. Et wonnert ee sech eigentlech net richteg. An dëst ass jo grad esou geféierlech. Do sinn Leit mat hiren Tricken amgaangen, d’Bierger an den Eck vun deenen ze dreiwen, déi mat einfache Konzepter d’Welt manner fräi wëlle maachen. Nu sinn dann zum Gléck och e puer vun dëse Populisten an Antidemokraten ënnert deenen, déi mat der Hand an der Panama-Keess erwëscht ginn. Gutt esou. Et ännert awer näischt dorun, datt méi prinzipiell Froen gestallt an beäntwert musse ginn. Zum Beispill och vun Europa.