Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet: 18 Méint fir Whistleblowers, Geldstrof fir Journalist

LuxLeaks-Prozess

Parquet: 18 Méint fir Whistleblowers, Geldstrof fir Journalist

De Procureur général adjoint huet 18 Méint Prisong, eventuell och mat Sursis, géint déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphael Halet gefuerdert. Géint de Journalist Edouard Perrin misst eng Geldstrof verhaange ginn. Deltour an Halet hätte vertraulech Dokumenter vun hirem Patron geklaut. Kee vu béide wier deemools e Whistleblower gewiescht. Fir de Vertrieder vum Parquet hätt den Edouard Perrin seng Positioun als investigative Journalist mëssbraucht fir sech iwwert d'Gesetzer ewech ze setzen.

auto_stories

6 min

William Bourdon, Philippe Penning, Antoine Deltour

"Il s’agit de trahison, ni plus ni moins", sou de Procureur d'Etat adjoint David Lentz a sengem Requisitoire op dësem Dënschdeg viru Geriicht. Déi zwee fréier Mataarbechter vu PricewaterhouseCoopers missten d'selwecht behandelt ginn, och wann deen een dausende vu vertraulechen Dokumenter un e Journalist weiderginn hätt, deen aneren der nëmme 16. "Circonstances atténuantes" huet de Magistrat fir béid Ugeklot gëlle gelooss: eidele Casier judiciaire, keng perséinlech Beräicherung oder och den net onproblematesche Charakter vun de Steierrulingen. An awer wier eng Prisongsstrof vun 18 Méint ubruecht, och wa mat integralem Sursis.

Beim Edouard Perrin huet de Vetrieder vum Parquet "dérives" ervir gehuewen. Och fir e Journalist géifen et Limitë ginn, sot den David Lentz viru Geriicht. "Edouard Perrin n'est pas sur le banc en tant que journaliste, mais pour ce qu'il a fait". De Perrin kritt virgeworf, Co-Auteur wann net Kompliz vun enger Rei Doten ze sinn.

De Procureur d'Etat adjoint huet sech géint de Virworf gewiert, de Prozess wier absurd. Wier et net zum Prozess komm, da wier dat e flagrante Manktem un Demokratie gewiescht, sot den David Lentz: "Aus wéi enge Grënn hätt een den Ugekloten eng Faveur solle maachen?"

"Wa kee Fräisproch, da fir kee Whistleblower an Europa"

De William Bourdon, Affekot vum ​Whistleblower Antoine Deltour, hält de Requisitoire vum Parquet fir iwwerdriwwe streng. De Procureur d'Etat adjoint David Lentz hätt europäescht Recht ignoréiert a sech op eng vereelst Opfaassung vun de Relatiounen tëschent engem Mataarbechter a senger Firma versteift. "Wenn den Antoine Deltour net fräigesprach gëtt, da gëtt an Europa ni ee 'lanceur d'alerte' fräigesprach".​

D'Affekote vu PwC an de Parquet hunn dem Deltour an dem Halet jo virgeworf, um Moment vun hirer Dot keng Whistleblower gewiescht ze sinn. Dem William Bourdon no "fillt ee sech eréischt als 'lanceur d'alerte' nodeems d'Dot begaang ginn ass". Hätt hie sech scho virdrun als Whistleblower gesinn, dann hätt den Antoine Deltour méiglecherweis keng Steierrulinge kopéiert, sou de Maître Bourdon.

A sengem lyresche Plaidoyer viru Geriicht sot de William Bourdon, d’Geheimnis wier hei an den Déngscht vun der Opacitéit gestallt ginn. Den EU-Kommissiouns-President Juncker hätt et dem Antoine Deltour ze verdanken, datt de Kampf géint Steierflucht an Europa zur Prioritéit erhuewe ginn ass. Sai Client hätt kee Choix gehat, seng Motivatioune wieren éierlech gewiescht. Un d’Adress vum Riichter war et deen heite Message: “Dir musst eng Decisioun huelen, déi sech an d’Geschicht vum europäesche Recht wäert aschreiwen”. A weider: "Soyez au rendez-vous de l’histoire".​​

"On évite les sujets qui fâchent"

Alles anescht ewéi e Fräisproch géint den zweete Whistleblower Raphael Halet géif een ufechten, sou deem säin Affekot Bernard Colin no der Audienz op dësem Dënschdeg. Och hie sot sech iwwerrascht iwwert een - a sengen Aen - strenge Requisitoire. "Hei sollen déi Ugeklote veruerteelt gi wéi hondsgewéinlech Täschendéif. Déi richteg Sujete sinn net ugeschwat ginn", sou de Maître Colin. Virun allem de Fonctionnement vu PwC bannent dem Lëtzebuerger Staat, mat der Tatsaach, datt d'Auditgesellschaft Bréifpabeier vun der Steierverwaltung huet. "On évite les sujets qui fâchent".

Edouard PerrinDen Ugekloten Edouard Perrin huet sech virun der Press gefrot, ob de Vertrieder vum Parquet iwwerhaapt matkritt huet, wat am Laf vum Prozess gesot gouf. De Journalist huet d'Aussoe viru Geriicht vum Whistleblower Raphaël Halet genannt, déi hien entlaascht hätten. De Perrin huet och op de Vertraulechkeets-Accord verwisen, mat deem sech den Halet géigeniwwer sengem Patron PwC virum Prozess engagéiert hat net ze schwätzen. Am Fall vun engem Vertrags-Broch wier eng Strof vun zéng Milliounen Euro an eng Hypothéik op säin Haus fälleg gewiescht. Wéinst där Laascht hätt de Raphaël Halet virum Untersuchungsriichter aner Aussoe gemaach wéi méi spéit viru Geriicht, sou dem Perrin seng Verdeedeger.

Virun allem versteet den Edouard Perrin - eegenen Aussoen no - net, firwat de Parquet seng journalistesch Aarbecht als "deloyal" bezeechent huet. "Et weess een net, wat dës deloyal Methode solle sinn, ausser d'Schafung vun enger gesécherter Email-Adresse, mat där alleng d'Anonymitéit vu senger Quell sollt geschützt ginn", sou dem Perrin säin Affekot Olivier Chappuis.

Suite a Schluss am LuxLeaks-Prozess ass muer (11.05.) de Mëtten um Dräi Auer. Da mat de Replicke vun den Affekoten op de Requisitoire vum Parquet. D'Urteel an deem Prozess gëtt méiglecherweis no Mëtt Juni gesprach.

  • De Bäitrag vum Michel Delage am Owes-Panorama vum 10.05.2016: