Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Trio Sud - Darn That Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet geet an Appell général

Affär Luxleaks

Parquet geet an Appell général

Nom Uerteel am Luxleaks-Prozess ass de Parquet an Appell général gaangen. Dat huet de Journalist Edouard Perrin, dee fräigesprach ginn ass, dëse Méindeg via Twitter annoncéiert. An éischter Instanz war d'Geriicht manner streng wéi vum Parquet gefuerdert.

auto_stories

2 min

Raphaël Halet, Edouard Perrin an Antoine Deltour

D’Uerteel an éischter Instanz gouf den 29. Juni gesprach. Déi zwee Whistleblower Antoine Deltour a Raphael Halet sinn zu 12 Méint respektiv 9 Méint Prisong mat Sursis a Geldstrofe veruerteelt ginn.

D’Geriicht war manner streng wéi dat, wat de Parquet gefuerdert hat. Am Prozess wollt de Procureur général adjoint David Lentz eng Geldstrof fir de Journalist Edouard Perrin an 18 Méint Prisong - eventuell mat integralem Sursis - fir den Deltour an den Halet.

Dem fréiere PWC-Mataarbechter Antoine Deltour sai Lëtzebuerger Affekot Philippe Penning seet hie wier enttäuscht iwwert dës Entscheedung vum Parquet. Den Appell général géif bedeiten, datt de Journalist Edouard Perrin och nach eng Kéier misst jugéiert ginn. De Maître Penning hätt léiwer gehat, et kéint ee sech am Appell-Prozess eleng op d’Fro vun de “lanceurs d’alerte” konzentréieren.

De Sënn vum Appell général wier et, d'Affär zesummen ze halen, seet de Justizspriecher Henri Eippers. D'Appell-Riichter hätten esou d'Méiglechkeet, d'Affär unhand vun deenen dräi Dossiere besser z'analyséieren. Et géif gekuckt ginn, den Appell-Prozess "relativ séier z'evakuéieren", sou den Henri Eippers. En Datum stéing nach net fest, net äusgeschloss wier Enn des Joers-Ugangs 2017.