Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patientevertriedung: Méi Matsproocherecht fir d'Patienten!

Spidolsgesetz

Patientevertriedung: Méi Matsproocherecht fir d'Patienten!

De Patient huet duerch déi geplangte Reform vum Spidolsgesetz keng direkt Aboussen. Awer och net op alle Punkten e Benefiss. Dat seet de René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung. Hie fuerdert an de Spideeler méi Matsproocherecht fir d'Patienten.

auto_stories

3 min

René Pizzaferri

"An enger liberaler Medezin notzen d'Dokteren d'Infrastrukture vun de Spideeler, si hunn awer net vill Obligatioune géintiwwer den Haiser", seet de René Pizzaferri. D'Spideeler an d'Patiente géifen drënner leiden, datt d'Zesummenaarbecht mat de Dokteren net richteg geregelt wär. Dofir wier et gutt, datt mam neie Spidolsgesetz d'Flichte vun den Doktere géintiwwer de Spideeler besser definéiert solle ginn.

Eng liberal Medezin um Réck vun de Patienten

D'Doktere géifen ënnert Aktivitéits- a Produktivitéitszwang stoen, seet de René Pizzaferri. Dat géif op Käschte vun de Patiente goen. De President vun der Patientevertriedung begréisst, datt d'Doktere mat der geplangter Reform vum Spidolsgesetz an Zukunft de Spidolsverwaltunge méi Rechenschaft schëlleg wäerte sinn. An engem System wou den Dokter Salarié vum Patient ass, huet den Dokter méi Zäit fir de Patient, mengt de President vun der Patientevertriedung. Just am CHL ass dat aktuell de Fall. D'Reform vum Spidolsgesetz wäert de System vu liberaler Medezin net änneren.

Patienten an de Verwaltungsréit?

D'Patientevertriedung fuerdert méi Matsproocherecht fir d’Patienten an der Gestioun vun de Spideeler. "Déi Leit, déi haut e Spidol geréieren, si finanziell guer net un deem Spidol bedeelegt", seet de René Pizzaferri. Déi aktuell Zesummesetzung vun de Verwaltungsréit wär en Iwwerbleibsel vu fréier, wou d'Spideeler nach anescht finanzéiert goufen. Deemools hunn ënnert anerem d'Gemengen nach matbezuelt. Fir de President vun der Patientevertriedung missten d'Patienten och an de Verwaltungsréit vun de Spideeler Vertrieder hunn. Et wär zum Beispill beim Ausbau vun engem Spidol wichteg, d'Besoine vun de Patienten ze kennen.

E Bett fir all Patient

Ee grousse Problem vun der geplangter Reform gesäit de President vun der Patientevertriedung an der gesetzlech fixéierter Zuel vun de Spidolsbetter. Dobäi géif net méi gekuckt ginn, ob nach genuch Better disponibel wiere fir normal Versécherter. De Patient géif gezwonge ginn, fir sech privat weider ze versécheren, fir sécher ze sinn, datt hien och e Bett kritt. Dat wär keng gutt Entwécklung, seet de René Pizzaferri. Fir d'Spideeler wier d'éischt Klass mat Eenzelbetter e flotte Gain, well se Suen erakréichen, déi se kéinte verwalten, wéi se wéilten.

Virage ambulatoire

Net all Patient kéint no enger Operatioun séier heemgeschéckt ginn, seet de President vun der Patientevertriedung. Hie begréisst de Prinzip, datt d'Patienten net méi esou laang hospitaliséiert solle ginn. Et misst awer bei all Eenzele gekuckt ginn, ob den Zoustand an de Kontext dat zouléisst. Dofir fuerdert de René Pizzaferri, datt mat der Gesondheetskeess eng Codificatioun opgestallt gëtt iwwert d'Kritären, wéini e Patient d'Spidol ka verloossen.

Et ass geplangt, datt d'Reform vum Spidolswiesen am Januar 2017 a Kraaft trëtt.


PDF: Presentatioun vun der Reform vum Spidolsgesetz