STATEC Etude Vertrauen an d'Politik geet zeréck
D'Lëtzebuerger hu méi Vertrauen an d'Police an an d'Justiz wéi an d'Regierung oder an d'Parlament. Dat geet aus enger Etude vum STATECervir. D'politesch Parteie kommen am schlechtesten ewech. De Paul Zahlen schwätzt vun enger struktureller Entwécklung zu Lëtzebuerg an an Europa.
Mick Entringer / ys
"Et ass eng strukturell Entwécklung zu Lëtzebuerg an an Europa, datt d’Vertrauen an d’Politik zréckgeet", seet de Paul Zahlen vum STATEC. Enger rezenter Publikatioun vun der Statistikverwaltung no hunn d’Lëtzebuerger méi Vertrauen an d’Police (72%) an an d’Justiz (61%), wéi an eng Regierung (51%) oder an e Parlament (47%). Am schlechsten ewech an der Enquête kommen déi politesch Parteien. Just 25% vun de Befrotene soen sinn hätte Vertrauen an eng Partei.
Dem Paul Zahlen no, kéint een de Parteien net onbedéngt e Virworf maachen. An de leschten 20-30 Joer wären déi ideologesch Repèrë verluer gaangen. Duerch d’Mondialisatioun an d’Globalisatioun wären d’Leit net méi sécher, datt d’Souveränitéitsrechter déi beim Staat leien, iwwerhaapt nach kéinten ausgefouert ginn. Dat hätt dozou gefouert, datt nieft de politesche Parteien, och d’Gewerkschaften ënner Drock wären. "D’Fro op wellechem Niveau Decisioune geholl ginn, ass net méi kloer", esou de Paul Zahlen.
Aus den Enquête vum STATEC geet och ervir, datt zu Lëtzebuerg wéineg tëschemenschlecht Vertraue besteet. Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg beim soziale Vertrauen am ënneschten Drëttel. "Dat huet vläit mat der Klengheet vum Land ze dinn", esou de Paul Zahlen. D’Leit hätten hiert Vertrauen op d’Institutiounen ëmgeswitcht. D’Institutioune géingen d’Zesummeliewe méi einfach maachen. Amerikaneschen Etude no, kéint d’Heterogénitéit vun enger Bevëlkerung problematesch si fir d’Kohäsioun vun enger Gesellschaft. "Mee da stellt sech d’Fro wat mëscht d’Politik aus esou enger Situatioun", seet de Paul Zahlen. Do misst eng Diskussioun iwwert Integratioun gefouert ginn.
Linken zu Statistiken:
http://www.statistiques.public.lu/fr/actualites/conditions-sociales/conditions-vie/2016/03/20160308/index.html
http://www.statistiques.public.lu/fr/actualites/conditions-sociales/conditions-vie/2016/03/20160310/index.html
http://www.statistiques.public.lu/fr/actualites/conditions-sociales/conditions-vie/2016/03/20160314/index.html