Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Future Islands - Say Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Performance méi wichteg wéi Resultat

Fussball

Performance méi wichteg wéi Resultat

Bei der Qualifikatioun fir d’WM 2018, geet et virun allem ëm d’Performance, esou den Nationaltrainer. Däitschland, Frankräich a Spuenien si bei der EM 2016 dem Luc Holtz seng Favoriten.

auto_stories

3 min

"Ee Favorit elleng gëtt et net", esou de Luc Holtz. Zu de Favoritten zielt den Trainer vun der Futtball-Nationalequippe, déi Equippe, déi an de vergaangene Joeren dominéiert hunn. De Weltmeeschter Däitschland, den Europameeschter an Titelverdeedeger Spuenien an de Gaastgeber Frankräich.

'Outsider' wéi d'Belsch oder England géingen awer sécher och e Wuert matschwätzen. England kéint dem Luc Holtz no, "d'Iwweraschungs-Equippe" ginn. Alles géing vun der physescher Préparatioun a Conditioun vun de Spiller ofhänken. Déi wier bei aneren Tournéier net ëmmer gutt gewierscht, mee dat wier elo aanescht.

De Luc Holtz rechent op jidder Fall mat "serréierte" Resultater op der EM.

Den Ënnerscheed tëscht Lëtzebuerg an Island

Island huet manner Awunner wéi Lëtzebuerg, mee huet sech souverän fir d’EM a Frankräich qualifizéiert. De Luc Holtz erkläert de Ënnerscheed tëscht Island a Lëtzebuerg esou:

  • Island huet en anere Schoulsystem
  • Island huet vill Talenter
  • Islänner hu besser athletesch Viraussetzungen
  • De Wuelstand zu Lëtzebuerg mécht, datt Jonker manner Drang hunn

Luc Holtz

Vincent Thill

An der Lëtzebuerger Nationalequippe glänzt awer am Moment ee jonkt Talent: de Vincent Thill. De 16 Joer ale Spiller, dee verzicht huet fir bei den FC Bayern München ze wiesselen. De Luc Holtz begréisst déi Decisioun. Senger Meenung no, wier et ze fréi gewiescht fir elo ze wiesselen. De Moment géing wuel kommen, "ob dat an 12 oder 18 Méint ass, dat wäert d’Zukunft ons weisen".

"Dat Allerwichtegst fir mech war: 'wat wëll de Jong hunn?'", esou de Nationaltrainer, deen den Elteren an dem Vincent Thill selwer geroden huet a sengem Emfeld ze bleiwen.

Quali 2018

Lëtzebuerg ass bei der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2018 a Russland am selwechte Grupp wéi Holland, Frankräich, Schweden a Bulgarien. De Luc Holtz rechent domadder, datt et ganz schwiereg gëtt iwwerhaapt ze punkten: "Ech denken, datt mer nach ni esou e schwéiere Grupp haten."

Dem Nationaltrainer geet et drëms, virun allem gutt opzetrieden. D’Nationalequippe wier awer manner "ängschtlech", wéi an der Vergaangenheet. Hien hofft, datt sech confirméiere wäert, datt Lëtzebuerg net méi 5 – 0 oder méi héich verléiert.