Demissioun PJ-Direkter E. Schneider: “Kee Vertraue méi an de Jeff Neuens”

De Minister fir bannescht Sécherheet Etienne Schneider huet eis d’Demissioun vum Direkter vun der Police judiciaire op Nofro hi confirméiert. De Jeff Neuens hätt probéiert, laanscht seng Hierarchie ze fuere fir déi geplangte Policereform ze beaflossen.

Carole Schimmer, Michel Delage

Exklusiv Jeff Neuens
Jeff Neuens (Foto: MSI)

De Jeff Neuens huet iwwert de Weekend seng Demissioun als Direkter vun der Police judiciaire agereecht. De Minister Etienne Schneider huet d’100,7-Meldung vun dësem Méindeg Moie confirméiert. Eisen Informatiounen no war et während der leschter Reunioun iwwert déi geplangte Policereform, de leschten Donneschdeg, zu engem Eclat komm.

“No där Reunioun vun en Donneschdeg war mir relativ staark kloer, datt den Här Neuens probéiert huet iwwert de falsche Wee Afloss op déi Reformen ze huelen”, sot de Minister fir bannescht Sécherheet dëse Méindeg am 100,7-Interview. Den Direkter vun der PJ hätt “enk mat de Gewerkschaften zesummegeschafft, fir datt déi eng Rei Saache soen a maachen, déi hie gär gehat hätt”. Des weideren hätt hie probéiert, de Procureur général de l’Etat “mat anzespanen, fir datt dee soll bei de Gewerkschafte virstelleg gi fir Drock op d’Regierung ze maachen”.

PJ-Direkter hätt missten iwwert seng Hierarchie fueren”

Den Etienne Schneider schwätzt vun engem “deloyale” Verhalen. De richtege Wee wier gewiescht, iwwert seng Hierarchie ze fueren, dat heescht de Policedirekter Philippe Schrantz respektiv de Minister. D’Vertraue wier net méi do. No engem Gespréich e Freideg hätt de Jeff Neuens dat agesinn a säi Posten, deen hien zënter November 2015 besat huet, “à disposition” gestallt.

Den LSAP-Minister hätt dem Haaptinteresséierte proposéiert, no sengem Congé de Jeff Neuens ze gesi fir iwwert eng aner Affektéierung ze schwätzen. Souwuel fir de Justizminister Felix Braz wéi och fir hie selwer wier et “net denkbar, datt e weider an der Police judiciaire bleiwe kann”, sou den Etienne Schneider. Iwwert ee Successeur un der Spëtzt vun der PJ hätt een nach net nogeduecht.

Den Etienne Schneider am Gespréich mam Carole Schimmer:

E. Schneider iwwer Demissioun PJ-Chef

Méi zum Thema

20150305-schrantz-1005026-1024x682.jpg

Och wann hien de Corps wéilt reforméieren, wär am Moment net alles schlecht bei der lëtzebuerger Police. Dat sot de Moien de neie Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz, Invité vum Dag hei um 100,7.

Der Police-Gewerkschaft no géing d’Reform bei der Police e bessert Funktionnement vun enger moderner Police erméiglechen. Vun der neier Féierung bei der Police, erhofft sech d’SNPGL e fairen an transparente Partner

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen