Gefuerdert gëtt eng Reform vum Contrat d’Accueil et d’integration, deen den OLAI, d’Verwaltung déi Refugiéë betreit, den neien Awunner fakultativ proposéiert. Esou soll d’Offer an d’Zuel vu Stonne fir Sproochecoursen an d’Luucht gesat ginn an d’Lëtzebuerger Residente solle méi bei der Integratioun mat agebonne ginn.
Fir Flüchtlingsfoyere misst en nationaalt flächendeckend Gestionskonzept ausgeschafft ginn. Aktuell géingen ëmmer nach eng Partie Foyeren exklusiv vu Sécherheetsfirmaen encadréiert ginn, esou d’ASTI-Presidentin.
Eng Strategie fir Participatioun
D’ASTI warnt viru Populismus an der Politik an an de Medien. Se kritiséiert an deem Zesummenhank de Sondage "Politmonitor" vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort, deen d’Fro no der Burka gestallt huet. D’Burka wier zu Lëtzebuerg kee Problem, esou d’Laura Zuccoli.
De Conseil national pour étrangers misst reforméiert ginn, well en net géing fonctionnéieren. Der ASTI no kéint dat eng national Instanz ginn, déi vun den Net-Lëtzebuerger Residente gewielt gëtt. Nom Modell vun der Chambre des Salariés. Déi Wale kéinten zäitgläich zu den nationale Walen ofgehale ginn, esou datt eng Politiséierung méiglech wier. Doduerch géing de Conseil national pour étrangers eng Legitimitéit kréien, a bei gesellschaftleche Froe méi seriö geholl ginn.