Kanada Politesche Wiessel mam Justin Trudeau

De liberale Politiker Justin Trudeau gëtt neie kanadesche Premier. Mat engem eendeitege Resultat bei de Parlamentswahle geet no engem Joerzéngt déi konservativ Ära vum Stephen Harper op en Enn.

trudeau-1.jpg

Déi Liberal hu sech am kanadesche Parlament déi absolut Majoritéit geséchert. Eng batter Wahlnéierlag fir déi Konservativ vum Stephen Harper, deen d’Land zënter Februar 2006 regéiert hat.

Den Harper war um Enn ze vill ëmstridde fir et dach nach eng Kéier ze packen. Säin Nofolger, de Liberale Justin Trudeau, huet de Kanadier eng Regierung versprach, déi oppen an transparent soll sinn, déi d’Diversitéit vum Land encouragéiert a valoriséiert.

AUDIO

Lauschtert de Reportage vun eisem Kanada-Korrespondent Yascha Wecker:

 

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen