Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Populiste schwätzen, net wéi Populisten

Demokratie

Mat Populiste schwätzen, net wéi Populisten

Kritik un den Elitten ass wichteg, seet de Jan-Werner Müller, Politikwëssenschaftler vun der Princeton University. Wat d'Populisten géif zu enger Gefor fir d'Demokratie maachen, wier hiren Usproch, eleng dat "richtegt Vollek" ze vertrieden. Trotzdem dierft een d'Themen, déi vu populistesche Parteien a Beweegungen op d'Agenda gesat ginn, net ignoréieren.

auto_stories

5 min

Foto: © Tor Birk Trads

Wat ass Populismus?

Net all Kritik un Elitten ass automatesch populistesch, betount de Jan-Werner Müller. An enger Demokratie wier et souguer wichteg, datt déi, déi um Pouvoir sinn, vun de Bierger op d'Fanger gekuckt kréien. Populisten géife sech doduerch auszeechnen, datt se behaapten nëmme si géifen dat "richtegt Vollek" vertrieden.

Dat hätt zwou geféierlech Konsequenze fir d'Demokratie: Éischtens, maachen d'Populiste sou, wéi wann all aner Positiounen net legitim wieren. An dat geet iwwer normal Konflikter iwwer politesch Ziler wäit eraus, mee dat ass meeschtens eng Zort Diffamatioun a Verdeiwelung. Zweetens, géif dësen "Anti-Pluralismus" derzou féieren, datt all d'Bierger déi d'Populisten net ënnerstëtzen, ausgeschloss ginn. An zwar mam Argument, si géifen net zum richtege Vollek derzou gehéieren.

Ee gutt Beispill wier den Nigel Farage vun der europaskeptescher Partei UKIP: Dee sot nom Brexit-Referendum, d'Resultat wier ee Succès fir déi "wierklech Leit". Dat géif implizéieren, datt déi 48 Prozent vun de Briten, déi an der EU bleiwe wëllen, iergendwéi keng richteg Leit sinn.

De Jan-Werner Müller hofft, datt een opgrond vun dëser méi enker Definitioun vu Populismus ophält, berechtegt Kritik einfach zréck als populistesch zréck ze weisen. Während der Eurokris wier dacks vun der Gefor vum Populismus fir déi europäesch Integratioun geschwat ginn. Dobäi wier zum Beispill déi lénk Syriza-Partei a Griicheland net populistesch, ^just well se een aneren Ëmgank mat der Scholdekris fuerdert.

Wat ass kee Populismus?

Populismus dierft een net mat engem Politikstil gläich setzen, sou de Professer fir Politesch Theorie. Datt just Populiste ze vill simpel Léisunge fir komplex Problemer géife proposéieren, géif net der Realitéit entspriechen. An et kéint een och keng Inhalter definéieren, déi reng vu Populisten thematiséiert ginn.

Populismus hätt iwwerdeems och näischt mat méi direkter Demokratie a Participatioun ze dinn. Déi identitär Konstruktioun dovunner, wat d'Vollek ass a wëll, géif op engem reng symboleschen an theoreteschen Niveau geschéien - ouni datt d'Leit dofir wierklech ëm hir Meenung misste gefrot ginn.

De Populist Donald Trump

De republikanesche Presidentschaftskandidat an den USA ass fir de Jan-Werner Müller een typesche Populist. Den Donald Trump géif ëmmer nees dekretéieren, wien dat richtegt Vollek ass. Zum Beispill mat dëser Ausso: "They only thing that matters is the unification of the people, and all the other people don't matter." (Dat eenzegt wat zielt, ass d'Vereenegung vum Vollek, an all déi aner Leit sinn egal)

Datt den Donald Trump dës Woch sot, hie géif d'Wahlresultat eventuell net akzeptéieren, well d'Wahle manipuléiert wieren, wier logesch: "Hie muss jo de Widdersproch opléisen tëscht sengem moraleschen Usproch hien eleng géif d'Vollek vertrieden an der Tatsaach, datt et bei de Wahlen net geklappt huet." All Populist géif da soen, datt d'Majoritéit hir eigentlech Meenung net hätt kënnen ausdrécken.

De Jan-Werner Müller sot sech awer optimistesch, datt déi amerikanesch Demokratie dem Trump seng verbal Ugrëff op de Rechtsstaat iwwerlieft. Mee eng grouss Fro wier natierlech, wat d'Wieler vum Donald Trump nom 8. November maachen. Et ka sinn, datt d'Hillary Clinton dann net als Presidentin vun allen Amerikaner akzeptéiert gëtt.

Ungarn: Populistesch an ondemokratesch

Den ungaresche Premier Victor Orban ass dem Politikwëssenschaftler no de Beweis, datt Populisten net just protestéieren, mee och regéiere kënnen. Och hei géife Wahlresultater net respektéiert ginn: Obwuel de Referendum iwwer d'Flüchtlinge wéinst ze niddreger Wahlbedeelegung ongülteg war, hätt d'Regierung decidéiert d'Meenung vum "eigentleche Vollek" zu Bréissel ëmsou méi iwwerzeegt ze verdeedegen. Um Enn wieren de Populisten d'Prozedure "Wurscht", well dat "richtegt Vollek" net op d'Prozeduren ugewise wier, fir seng Meenung auszedrécken.

Et wier iwwerdeems falsch, am Fall vun Ungarn oder och der Tierkei vun enger "onliberaler Demokratie" ze schwätzen. Effektiv géifen déi Regierungen bei de Wahle vill Ënnerstëtzung kréien. Mee Grondrechter wéi Meenungsfräiheet, Versammlungsfräiheet a Mediepluralismus wieren an dëse Länner ageschränkt. Dat obwuel se essentiell fir eng Demokratie sinn. An deem Sënn wier et och ee Skandal, datt déi Europäesch Vollekspartei dem Victor Orban seng Fidesz-Partei nach ëmmer net ausgeschloss hätt.

EU: Eng "fatal Dynamik"

D'Aart a Weis wéi an der Europäescher Unioun Konflikter kënnen ausgedroe ginn, huet eppes mam Opschwong vum Populismus ze dinn, seet de Jan-Werner Müller. Et géif eng "fatal Dynamik" tëscht zwou anti-pluralisteschen Tendenzen: Technokratie a Populismus géife sech géigesäiteg erop schaukelen, well se allebéid net op den demokrateschen Austausch vun Argumenter ugewise sinn.

Wann zum Beispill behaapt géif ginn, datt et just eng Léisung fir d'Eurokris gëtt, géif dat et de Populisten natierlech einfach maachen ze soen, datt d'Vollek ignoréiert gëtt.

Wou kënnt Populismus hier?

Et gëtt kee Konsens doriwwer, wou Populismus hier kënnt, seet de Politikwëssenschaftler. D'Finanzkris an hir Suiten an d'Technokratie hätte sech een Afloss. An eis Zäit wier duerch ee Grondkonflikt geprägt, tëscht méi Ouverture (wirtschaftlech a gesellschaftlech) a méi Ofkapselung. Dat wier een Thema zu deem Populiste vill ze soen hätten, "well et ass souzesoen hiert Geschäft ze soen, wien derzou gehéiert a wien net".

Dem Jan-Werner Müller no ass et ee grousse Fehler fir de populistesche Parteien ze gleewen, wat se iwwer hir Wieler soen. "Et géif ni een higoen a soen, d'Wieler vu Sozialdemokraten hätte just ee Motiv an dat wier och kloer ze identifizéieren." Och d'Wielerschaft vu populistesche Parteien wier ganz heterogen.

Déi sozial Medien géifen de Populisten och entgéint kommen, well se do direkt mat hire Sympathisanten a Kontakt triede kënnen. Doduerch, datt hei Leit mat ähnleche Meenungen hei beienee fannen, géif d'Iddi vun engem homogene Vollek méi plausibel schéngen.

Wat kann ee géint Populismus maachen?

"Et muss ee sech der Debatt stellen", fuerdert de Jan-Werner Müller. Den Ausschloss géif d'Populisten just an hirer Kritik un den Elitten confirméieren. Et misst een awer oppassen, datt een d'Aart a Weis, wéi Populisten Problemer beschreiwen, net iwwerhëlt. Populisten nomaachen, géif näischt bréngen.

D'Brexit-Debatt wier dofir ee gutt Beispill: All d'Parteien hätten den Discours vun den Europaskeptiker iwwerholl, datt et ëm "englesch Fräiheet géint Bréisseler Diktatur" geet. Da géif et kee Sënn maachen, trotzdem fir eng weider EU-Memberschaft ze plaidéieren, mam Argument nom Brexit wier jiddereen ëm 4000 Pond méi aarm. "Well wann d'Bierger bis der Meenung sinn, datt et ëm Fräiheet an Demokratie geet, da sinn hinnen déi 4000 Pond egal."