Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéineg Moyene fir Radikaliséierung ze verhënneren

Präventioun

Wéineg Moyene fir Radikaliséierung ze verhënneren

Fir enger méiglecher Radikaliséierung vu Jonke präventiv entgéint ze wierken, ginn de Moment an de Schoulen a Prisonge verschidde Sensibiliséierungsmesuren ëmgesat. No den Terrorattentater vu Paräis d’lescht Joer hat d'Regierung ee Gesamtkonzept an deem Beräich annoncéiert. Vill Moyenen sti bis elo awer net zur Verfügung.

Maxi Pesch / ckl

auto_stories

4 min

Radikaliséierung bekämpfen heescht och, Unzeechen fréi erkennen (© Bigstock)

"Mir brauche präventiv Konzepter fir d'Radikalisatioun vun de jonke Leit, déi an de sougenannten Hellege Krich zéien, ze verhënneren. Mir brauchen och kurativ Konzepter fir déi, déi erëmkommen, ze begleeden", dat sot den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, de 16. Dezember an der Chamber, am Kader vum Vote iwwer eng Verschäerfung vun den Anti-Terror-Mesuren. Sou Projete wieren zwar net an deem spezifesche Gesetzprojet verankert, mee dofir awer Deel vun engem Gesamtkonzept. 

Nieft Repressioun, soll also och op Präventioun gesat ginn, sou d'Iddi. De grénge Justizminister Felix Braz huet bei där selwechter Geleeënheet, grad wéi den Alex Bodry betount, dass d’Bestrofen alleng keng Léisung wier. Schonn am Mäerz 2015 hätt d’Regierung ee Präventiounsprogramm decidéiert, sou de Felix Braz deemools, e Programm an deem virun allem dem Educatiounsministère sollt eng "droend Roll" zoukommen. 

Enseignante sensibiliséieren

Aus wat genau dee Programm besteet ass bis elo net sou kloer. E geschriwwent Konzept gëtt et net. De Premier Xavier Bettel huet eis gesot, et géif ee Programm ginn, dee sech un d'Schoule riicht, "ee Programm, deen am Educatiounsministère gemaach gëtt, fir d'Proffen ze beroden". D'Proffen musse sensibiliséiert gi fir déi éischt Zeechen ze erkennen. Mir hunn awer lo keen deen an all eenzel Klass geet fir iwwer deen do Sujet ze diskutéieren", sou de Xavier Bettel mat Verweis op den Educatiounsministère. Doriwwer eraus wier et och wichteg de Prisong am Bléck ze halen, "well do och Radikalisatioun méiglech ass"

Am Educatiounsministère krute mir op Nofro hinn gesot, dass de Präventiounsprogramm vun engem pensionéierte Psycholog, deen hallewdags schafft, betreit gëtt. Virgesi si Seancen, déi ronn dräi Stonnen daueren, an deenen d'Enseignante solle sensbiliséiert ginn. Déi selwecht Persoun mécht och d’Sensibiliséierungsaarbecht an de Prisongen. Dësweideren ass eng Cellule de coordination gegrënnt ginn, mat Vertrieder vum Educatiounsministère, dem Integratiounsministère, der Police, dem Parquet, dem Geheimdéngscht. "Och do gëtt gekuckt wéi präventiv Mesure kënne geholl ginn", sou de Xavier Bettel. Doriwwer eraus huet den Haut-commissariat à la protection nationale (HCPN) Kontakt mat der Representatioun vun der moslemescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg, der Shoura opgeholl. 

Verstoe wéi Jugendkultur fonctionnéiert

Bei enger Konferenz iwwer d'Radikalisatioun d'läscht Woch huet den Jens Hoffmann vum däitschen Institut fir Psychologie und Bedrohungsmanagement ënnerstrach, datt et wichteg wier, sou fréi wéi méiglech bei de Jugendlechen Zeechen ze erkennen. "Wat een d'Situatioun éischter erkennt a stabiliséiert, wat d'Wahrscheinlechkeet manner grouss ass, dat ee Jonken och dee Wee geet", sou de Jens Hoffmann. Dofir géif een awer och Leit brauchen, déi wëssen wéi d'Jugendkultur fonctionnéiert – och fir glaafwierdeg ze sinn.

Dem Psycholog vun der Police grand-ducale, Marc Stein, no ginn et verschidden Niveauee vu Radikalisatioun. Et wier wichteg dass de Programm vun der Regierung dorops opmierksam mécht. "Et muss een dem Léierpersonal och erkläre wat Unzeeche sinn a wat als Deel vun enger Subkultur ze gesinn ass. An deen Ënnerscheed ze vermëttelen ass dat wat de Moment geschitt", sou de Marc Stein. A verschidde Gemenge géifen et doriwwer eraus Mediateure ginn, déi "islamesch Originen" hätten. "Déi huele Kontakt mat de Leit op, wa Problemer sinn". 

Numéro vert geplangt

Donieft gëtt de Moment och geplangt ee Numéro Vert anzeriichten, ënnert deem de jiddereen sech ka mellen. De lëtzebuerger Autoritéiten no wiere bis ewell sechs Persoune vun hei a Syrie gaangen. Dat hätt verschidde Grënn mengt de Marc Stein. "Leit déi op der Sich no Sënn sinn, kënne vläit duerch esou eng Gemeinschaft op eemol Sënn fannen. Och Kollegialitéit a Bridderlechkeet si Facteuren".                                                                   

D’Sensibiliséierungscampagne an de Schoule soll nach bis den éischte Juli lafen. Wéi et mat dësem Programm dono soll weider goen, ass eisen Informatiounen no net kloer. An anere Beräicher ewéi der Educatioun wieren iwwerdeems bis op Weideres keng Präventiounsmesüre geplangt, esou nach de Premier Xavier Bettel.