Radioen

On air

Notturno  |  Sensu - Subsol (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Präventioun jo, keng Gedankepolice

Radikalismus am Prisong

Präventioun jo, keng Gedankepolice

De Prisong als Rekrutéierungsplaz fir de radikalen Islam? Ze kuerz gegraff, fënnt de Karim El Khmlichi, Psycholog a Prisongsdirekter am Bréisseler Quartier Saint-Gilles. De Prisong kéint héchstens präventiv mat ufällegen Individue schaffen. Fir géint d’Radikaliséierung virzegoe misst ee virun allem laangfristeg an déi sozial schwiereg Quartieren investéieren.

auto_stories

6 min

Karim El Khmlichi

“Prisonnéier, déi sech radikaliséieren, sinn net ze verwiessele mat Individuen, déi sech radikaliséiere well se scho virdrun an hirem Liewen ofgedrift sinn”, sot de Karim El Khmlichi am 100,7-Interview mam Danièle Weber. Fir de Psycholog, deen zënter kuerzem och de Bréisseler Prisong vu Saint-Gilles mat leet, spillt sech de Radikaliséierungsprozess virun allem um Internet of.

Am Prisong wieren eben Individuen, déi sozial ofgehaange goufen a sech existenziell a Fro stellen, iwwerrepresentéiert. “An eise Prisonge sinn der vill aus defavoriséierte Quartieren aus der Haaptstad”, sou de Karim El Khmlichi. Verschidde Leaderen, Ideologen am Prisong géife vun där fragiler Situatioun profitéieren. De Ressentiment vun Detenuen, déi no engem Sënn sichen, géifen se probéieren ëmzelenken. Dacks a Richtung Islamismus.

Kämpferesche Salafismus fir desorientéiert Jonker

“Et ass net den Islam als Relioun, mee eng gewëssen Ausdrocksform bannent dem Islam”, erkläert de Psycholog. Méi genee wier déi kämpferesch Form vum salafisteschen Islam eng “besonnesch interessant ideologesch Offer fir bestëmmte Persouneprofiler”: desorientéiert Jonker déi mengen, datt net genuch no hinne gekuckt ginn ass an déi dee Ressentiment wëllen zum Ausdrock bréngen, déi no Gerechtegkeet, no Unhaltspunkte verlaangen.

Ee “lieu de recrutement et d’endoctrinement”, sou wéi de fréiere belsche Premier Elio di Rupo de Prisong bezeechent huet? Éischter net, mengt de Karim El Khmlichi. “An der Vergaangenheet gouf vläicht net genuch op gewësse Gruppéierunge vu Prisonnéier opgepasst, hautdesdaags ass dat guer net méi de Fall”. D’Verhale vu besonnesch ufällegen Detenue géif vun Ufank un analyséiert gi während enger Isolatiounszäit. Gëtt kee Risiko festgestallt, gi se mat deenen anere Prisonnéier integréiert. Besteet awer ee Risiko datt se aner Gefaangener wëlle rekrutéieren, da gi se nees isoléiert, sou de Prisongsdirekter. “Dat Ganzt ass e Prozess”.

Um Ressentiment schaffen, Perspektiven opmaachen

Radikaliséiert Detenue géifen d’Autoritéit vun den sougenannteconseillers religieux” an de Prisongen net unerkennen. Dës moslemesch Beroder géifen awer eng wichteg Roll spillen, andeems se mat hirem moderaten Diskurs Jonker recadréieren, Derivë verhënneren.

Allgemeng gesäit de Karim El Khmlichi de Prisong net als Plaz fir Individuen ze deradikaliséieren. “Mier kënne keng Gedankepolice sinn”. Deradikaliséiere wier schwéier, de Psycholog schwätzt éischter vun “desengagéieren”. Am Kader vu Pilotprojete géif um Ressentiment vun de betraffene Prisonnéier geschafft ginn, se solle Liewensperspektiven opgemaach kréien “Dat Schlëmmst fir e jonken Detenu ass et, näischt ze dinn ze hunn, datt de Prisong fir hien eng sënnlos Plaz ass, datt hien op sech selwer gestallt ass a sech un en anere Prisonnéier adresséiert, dee radikal Iddie verbreet”, seet de Karim El Khmlichi.

Laangfristeg a schwiereg Quartieren investéieren

D’Präventioun wier déi wichtegst Missioun vum Prisong. Mee d’Mëttele missten iwwerduecht gi fir den Ambitioune vun engem moderne Strofvollzug, deen d’Reinsertioun vun de Prisonnéier uviséiert, gerecht ze ginn. Zënter zwou Woche streikt d’Prisongspersonal zu Bréissel fir eng Opstockung vun den Effektiver ze fuerderen.

Doriwwer eraus misst ee laangfristeg a schwiereg Quartieren investéieren. Virun allem an d’Bildung, do léich een de Moment wäit hannert de Besoinen. Dem Karim El Khmlichi no ass d’Fro vun de Mëttele sensibel: d’Gesellschaft géif net gären a Leit investéieren, déi géint d’Gesetzer verstoussen. Grad do misst awer ugesat ginn.