Radioen

On air

Tockcity  |  Underworld & Kettama - Fen Violet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pressefräiheet a Steiertransparenz

LuxLeaks-Prozess

Pressefräiheet a Steiertransparenz

"Den Edouard Perrin kritt reprochéiert seng Aarbecht gemaach ze hunn", seet den Dan Israel. Hie couvréiert de LuxLeaks-Prozess fir Mediapart. D'Affär wäert Auswierkungen op d'Aarbecht vun der Press hunn.

auto_stories

4 min

Dan Israel

Den Dan Israel couvréiert de LuxLeaks-Prozess. Hie schafft fir déi franséisch Onlinezeitung Mediapart, déi mat investigativem Journalismus am politesche Beräich op och europäeschem Plang bekannt gouf.

"Den Edouard Perrin huet seng Aarbecht gemaach"

"Den ugeklote Journalist Edouard Perrin kritt reprochéiert seng Aarbecht gemaach ze hunn", seet de Dan Israel. De Luxleaks-Prozess géing den ugeklote Journalist vill Geld kaschte fir seng Aarbecht ze verdeedegen, zitéiert den Dan Israel den Edouard Perrin. Et wär sécher, datt dat dozou géing féieren, datt Presseorganer a Medieleit sech froe wäerte stellen, ob si esou eng Affär wëllen ugoen.

De Procureur Lentz hätt sech vill Méi ginn, fir ze beweisen, datt den Edouard Perrin dem Whistleblower Raphaël Halet beoptraagt hätt. An dat, obwuel den Uklopunkt vun der "Complicitéit" virdru vu Gericht fale gelooss gi war.

De Prozess géing technesch gutt vum Riichter an dem Procureur gefouert ginn, seet de Journalist. Mee et géing ee bei de Magistrate Verdeedegungsreflexer spieren. Net wéinst der Finanzplaz, mee éischter a Bezuch zur Plaz vum klenge Land géintiwwer grousse Länner, déi Lëtzebuerg ëmmer kritiséiere géingen.

Markant wär, datt d’Magistraten ugangs geziilt wollte verhënneren, datt de Prozess zu engem politeschen a moraleschen Debat géing féieren iwwert déi Lëtzebuerger Finanzplaz. Dat hätt sech am Laf vum Prozess awer geännert.

Lëtzebuerger Finanzplaz wéinst LuxLeaks méi transparent

"Wéi ech virun 2,5 Joer Reportagen zu Lëtzebuerg gemaach hunn, gouf et vill Tabue ronderëm d’Finanzplaz", seet de franséische Journalist. Ganz wéineg Leit wären deemools bereet gewiescht, ëffentlech Stellung ze huelen. Haut wär dat anescht. D’Praktike vun der Finanzplaz géinge mëttlerweil och zu Lëtzebuerg oppen debattéiert ginn. D’Revelatioune vun de Whistleblower Deltour an Halet, hunn dem Dan Israel no, och eppes zu Lëtzebuerg debloquéiert.

De Prozess hätt och déi éischte Kéier gewisen, wéi enk d’Steierverwaltung mat PwC an aneren Auditeuren zesumme geschafft huet a wéi d’Praxis vun de Rulingen ofgelaf ass. Virun den Aussoe vum Ugeklotene Raphaël Halet hat ee just e Verdacht, esou den Dan Israel. Déi Lëtzebuerger Autoritéiten a Steierbeamten hätten ëmmer refuséiert, fir eppes dozou ze soen.

D’Collaboratioun tëscht Steierverwaltung an Auditeure wär haut eng aner, grad duerch d’Revelatioune vun de Whistleblower Deltour an Halet.


Mediapart: https://www.mediapart.fr/