Radioen

On air

Notturno  |  Cabane - Sangokaku

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaum bessere Journalismus z'erwaarden

Online-Pressehëllef

Kaum bessere Journalismus z'erwaarden

D'Regierung wëll vum nächste Joer un och elektronesch Medie finanziell ënnerstëtzen. Wat fir en Impakt wäert des Entscheedung op de Lëtzebuerger Journalismus hunn?

auto_stories

4 min

Laurent Moyse

Zu Lëtzebuerg ass d'Pressehëllef 1976 agefouert an 1998 nei geregelt ginn. No deem Gesetz kënnen Zeitungen, déi bestëmmt Kritären erfëllen, direkt vum Staat subventionéiert ginn. Nieft där direkter Pressehëllef kënnen d'Zeitungen och op eng indirekt Ënnerstëtzung zielen, duerch eng reduzéiert TVA-Besteierung oder niddreg Verdeelungstariffen, oder duerch ëffentlech Avisen, déi de Staat iwwer bezuelten Annonce verëffentlecht. Hannert deem System stécht de Wonsch, de Meenungspluralismus zu Lëtzebuerg ze garantéieren. D'Pressehëllef ass also e politescht Instrument, eng Moossnam, déi haut nach op allgemeng Zoustëmmung stéisst.

Nieft der geschriwwener Press kann och den audiovisuelle Secteur op Ënnerstëtzungsmoossnamen zielen. Dee Sender, deen Dir am Moment lauschtert, gëtt zum Beispill vum Staatsbudget finanzéiert. Awer och privatrechtlech Sender sinn net komplett vum Staat onofhängeg. Sou ass zum Beispill déi Lëtzebuerger Entitéit vun der RTL-Grupp duerch e Konzessiounsvertrag verflicht, eng Rei Kritären anzehalen, wat sech besonnesch an Zäite vun Wahlcampagne bemierkbar mécht.

D'Gestioun vun de Betriber ass meeschtens onduerchsichteg

Den Internet war bis elo an deem Kader relativ wéineg dovunner betraff. Den elektroneschen Zäitalter huet d'Mediebranche virun allem duerch seng wirtschaftlech Repercussioune gerëselt. Déi meescht Medienhaiser kämpfe scho laang Joren ëm d'Rentabilitéit vun hiren Zeitungen, Zäitschrëften oder Senderen. Si stoussen dobäi op objektiv Barrièren: de Lëtzebuerger Marché ass geographesch begrenzt an huet wéineg Ausdehnungspotential. De Konkurrenzkampf ass haart a gëtt duerch déi zahlreich Offer vun Zeitungen a Senderen aus dem Ausland nach verstäerkt. An déi heterogen Bevëlkerung zu Lëtzebuerg dréit zu der Zersplitterung vun der Audienz bäi, wat de Marketingstratege vill Kappzerbrieches mécht.

Mä et sinn och selbstverschëldt Elementer, déi de Lëtzebuerger Mediemarché kennzeechnen. D'Diffusiounspolitik vun de Printmedien ass esou problematesch, dass verschidden Haiser net zécken, hir bezuelten Zeitunge quasi gratis un de Lieser ze bréngen. D'Gestioun vun de Betriber ass meeschtens onduerchsichteg a gëtt iwwerhaapt net ëffentlech thematiséiert. D'Direktiouns- a Verwaltungsstruktur vun de Medienhaiser riicht sech heiansdo méi nom Ego vu verschiddenen Acteuren wéi dass si op eng wäitsiichteg Betribspolitik géif berouen. D'Formatiounspolitik vu jonke Journalisten a vun technesche Mataarbechter ass mangelhaft oder inexistent.

Kaum fäheg zur Selbstkritik

An déi professionell Beruffsspart, déi der Gesellschaft gär Lektiounen erdeelt, ass kaum fäheg, Selbstkritik auszeüben. A wann et Kritik gëtt, dann ass déi meeschtens géint d'Konkurrenz geriicht oder géint de Mangel un Investigativ-Journalismus, deen an eisem Ländche mat sengen enken Netzwierker schwéier duerchzeféiere wier.

D'Affär Lunghi ass bezeechnend, wéi d'Medie mat sech selwer ëmginn. Am Ufank ass vill op de scheedenden Direkter vum Mudam geklappt ginn, dunn huet sech de Wand gedréit an RTL ass an d'Kritik geroden. Duerch den Drock vun de Medien huet sech d'Politik och an déi Affär agemëscht. Mä iwwert d'Journalistenaarbecht als solch ass an deem Kontext eemol méi kaum nogeduecht ginn. Ob dat d'audiovisuell Medien oder d'Printmedie betrëfft, eng fundamental Debatt iwwert déi qualitativ Ausriichtung vum Inhalt, also vun der Informatioun, fënnt hei am Land einfach net statt.

Et stëmmt, dass d'Redaktiounen am Verglach mam Ausland oft ënnerbesat sinn a stänneg ënner Drock musse schaffen, wat net onbedéngt zu der Qualitéit vun der Aarbecht bäidréit. D'elektronesch Medien hunn deen Drock nach verschäerft an droen dozou bäi, dass d'Kritäre vun engem seriösen, gutt recherchéierte Journalismus ëmmer manner zum Asaz kommen. An deem Sënn dierft déi nei Pressehëllef fir elektronesch Medie kaum eppes drun änneren.