Jugend Programm géint Radikaliséierung

Den Educatiounsministère preparéiert fir d’Rentrée 2017 ee Programm vun ausserschouleschen Aktivitéiten, mam Zil Jugendlecher virun enger Marginaliséierung ze protegéieren. Eng Marginaliséierung, déi an den Ae vun der Regierung den Haaptgrond fir Radikaliséierung wier. D’Maxi Pesch huet sech mam Educatiounsminister Claude Meisch ënnerhal.

François Aulner

Portrait Of Threatening Terrorist Wearing Balaclava Addressing Camera

De Programm, deen de Premier Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt huet, géing sech laut Edukatiounsminister net op spezifesch Klasse beschränken, mee sech schonn op eenzel Klassen a Schüler konzentréieren, wou e méi héije Risiko vun Décrochage wier. Am Staatsbudget fir 2017 wiere schonn d'personell Mëttele virgesinn, esou de Claude Meisch, deen awer keng präzis Zuele wëll nennen. De Programm soll vun Enseignanten a Beamten am Ministère ausgeschafft ginn a fir d'Rentrée 2017 stoen.

Virgesi wiere besonnesch ausserschoulesch Aktivitéiten, fir Jugendlecher virun enger Marginaliséierung ze schützen, déi an den Ae vun der Regierung wéi et schéngt, ee vun den haapt Grënn fir eng Radikaliséierung wier. ​D’Aktivitéite sollen engem Jugendlechen, deen aus der Schoul getrueden ass, nei Perspektive ginn. E soll rëm valoriséiert ginn, rëm Vertraue kréien a gewise kréie wat e kéint.

De Programm wier net op eng Zäit limitéiert. "Mir gesinn dat do elo net nëmme mat der aktueller Migratiouns-Situatioun", esou de Claude Meisch. Et géing ee gesinn, datt am Préparatoire, an de Classes d'accueil oder an anere Klassen e Besoin do wier, fir Schüler méi laang z'encadréieren.

Hotline

Ass d’Preventioun gescheitert, da muss e Fall vu Radikaliséierung gemellt ginn. Eng geplangten dediéiert Telefonsnummer, eng Hotline, fir verdächteg radikaliséiert Jugendlecher ze denoncéieren, doriwwer wëll den Educatiounsminister näischt soe, well hie net dofir zoustänneg wier.

Par konter seet de Claude Meisch, Enseignante géingen iwwert eng Formatioun erklärt kréie u wien se sech kënne wenden, wann se e Verdacht op eng Radikaliséierung hätten. Eng Rei Fäll wieren him och scho erugedroe ginn, esou de Minister. Well iergendwann d’Aufgab vun der Schoul awer ophält, misst een dat un d’Sécherheetsautoritéite weiderginn.

De Claude Meisch betount awer och, et soll een net direkt iwwerall Terroriste gesinn, wa Jugendlecher, dacks an der Pubertéit, sech géingen géint alles “oplehnen” an zum Beispill radikal Sprëch op d'Tafel schreiwen.

Sensibiliséierung

Nieft dem Programm, dee fir d’Rentrée 2017 soll op de Bee stoen, huet d’Regierung schonn ee pensionéierten Psycholog beoptragt fir den Enseignanten an Educateuren am Zesummenhang mam Radikaliséierungs-Risiko Formatiounen ze ginn. Dës Formatioun konzentéiere sech op Sensibiliséierung.

Dëse Programm géing virugefouert ginn, well et laut Claude Meisch e groussen Interessi vu Säite vun de Schouldirektiounen a vun den Enseignante ginn.

De Bäitrag vum Maxi Pesch:

Méi zum Thema

radikaliséierung schoul.jpg
Präventioun

No den Terrorattentater zejoert zu Paräis huet d'Regierung e Programm vu präventive Mesure annoncéiert, fir d'Radikaliséierung vun deene Jonken ze verhënneren. Mee Moyene ginn et dofir net vill.

internet.jpg
Jonk IS-Kämpfer

Och Jonker aus dem Weste fille sech vun der Propaganda vum Islamesche Staat ugezunn, a maache sech op de Wee an den Irak oder Syrien. Wéi kënnt et dozou? A wat sichen a fanne si do?

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen