Tierkei Putsch-Versuch an der Tierkei

Dem tierkesche Premier Binali Yildirim no wier de Putsch-Versuch vum Militär verhënnert ginn an d'Situatioun wier nees gréisstendeels ënner Kontroll. Op d'mannst 265 Mënsche wieren ëm d'Liewe komm. D'Regierung seet déi Responsabel géifen haart bestrooft. 2,800 Membere vum Militär goufe festgeholl an 2,700 Riichter goufen ofgesat.

Mick Entringer / Pierre Reyland / François Aulner

Militärputsch an der Tierkei
Foto: Uygar Onder Simsek, Picture Alliance

Hannert dem Putsch-Versuch géife parallel Strukture vum Militär stoen, esou de Premier. D’Putschiste misste mat haarde Strofe rechnen. De President Recep Tajip Erdogan huet Sympathisante vu sengem fréieren Alliéierten an haidege Rival Fetullah Gülen verantwortlech gemaach. De moslemesche Priedeger Gülen, deen an den USA am Exil lieft, huet de Putsch-Versuch awer vehement condamnéiert.

Den amerikaneschen Ausseminister John Kerry sot op Visite zu Lëtzebuerg, d’USA hätten nach keng Ausliwwerungs-Demande fir de Fetullah Gülen kritt. Si wiere bereet d’Tierkei z’ënnerstëtzen, mee Ankara misst Beweiser géint de Fetullah Gülen virleeën.

Géint 10 Auer Freides Owes hat en Deel vum Militär matgedeelt, datt e Putsch am Gaang wier, fir d’Demokratie nees am Land hir ze stellen. D’Arméi hätt d’Kontroll iwwert d’Land. Kuerz drop gouf dat aus dem Presidente-Bureau dementéiert.

Zu Ankara an Istanbul koum et zu grousse Manifestatioune, bei deenen Zivilisten erschoss goufen, déi fir d’Regierung manifestéiert hunn. Eng Policestatioun gouf duerch F-16 Kampfjete bombardéiert. Op anere Video-Biller gesäit een en Helikopter op en offiziellt Gebai schéissen.

Reaktiounen am Ausland

Den US-President Barack Obama huet opgeruff, déi demokratesch gewielten Regierung vun der Tierkei z'ënnerstëtzen. Vu Säiten vun der EU heescht et d’Uerdnung am Land soll nees séier retabléiert ginn an d’Tierkei wier e wichtege Partner vun der Europäescher Unioun.

Och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel sot op Twitter, d'Institutioune solle respektéiert ginn.

De Barack Obama huet säi Sécherheets-Conseil zesumme geruff. Déi amerikanesch Autoritéiten hunn all d’Volen vun amerikanesche Fluch-Gesellschaften op Ankara an op Istanbul bis op Weideres suspendéiert, an et dierfen den Ament och kéng Fligeren aus der Tierkei an den USA landen.

Fluchverkéier vu Lëtzebuerg aus normal

Luxairport huet matgedeelt, datt sech Passagéier fir d’Tierkei bei hirer Airline solle renseignéieren iert se op de Findel ginn. LuxairTours schreift an engem Communiqué, d'Situatioun op der Vakanzendestinatioun Antalya wier roueg. LuxairTours géif weider, ewéi geplangt, dohinner fléien. Clienten de Vol vu Méindes 18. Juli fir Antalya gebucht hunn, a net wéilten dohinner fléien, kéinten hir Rees ouni zousätzlech Käschten iwwert LuxairTours oder hir Reesagence ëmbuchen.

Konfusioun

D'Lëtzebuerger Ambassadrice an der Tierkei, Arlette Conzemius, sot, d’Situatioun hätt sech no der leschter Nuecht calméiert. Zu Ankara an zu Istanbul wier et awer nach méi onkloer.

Arlette Conzemius

An der Mediathéik:

Panorama / /
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen