Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  LA Priest - It's You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Qualitéit no um Patient

Spidolwiesen

Qualitéit no um Patient

Wéinst iwwerfëllten Urgencë musse Patienten nach ëmmer laang waarden, seet d'Catherine Boisanté, medezinesch Direktesch vum CHL. Dofir fuerdert si, datt d'Maisons médicales 24 Stonnen op 24 sollen op sinn. Fir dringend Fäll a wierklech Urgencë wär awer eng séier Prise en Charge garantéiert.

auto_stories

2 min

D'Maisons médicales sollen 24 Stonnen op 24 op sinn, fuerdert d'Catherine Boisanté.

D'Catherine Boisanté plaidéiert fir méi eng staark Ubannung vun den Dokteren un d'Spideeler. Domadder géing eng besser Prise en charge vun de Patienten an e bessert Fonctionnement vun de Spideeler garantéiert ginn. De Centre hospitalier ass dat eenzegt Spidol am Land an deem d'Dokteren als Salariéen agestallt sinn.

Virun engem Joer ass déi nei Maternité opgaangen. Mam neie Konzept "Mère-Enfant" géing de Patient méi an de Mëttelpunkt gestallt ginn, a manner d'Spidol an d’Dokteren. Beim Ëmbau wier d'Maternité mat der Pediatrie verbonne ginn. D'Néonatologie an d'Gebuertssäll léichen elo no beieneen, seet d'Catherine Boisanté. Donieft wier eng permanent Anästhesie-Garde vu 24 Stonnen op 24 agefouert ginn, esou d'medezinesch Direktesch vum CHL.

"Eng grouss an deier Aventure"

Zanter laangem géing den CHL auslännesch Doktere forméieren, ënnersträicht d'Catherine Boisanté. Eng 60 Doktere wieren am CHL am Stage fir sech ze spezialiséieren an 20 Dokteren aus dem Spidol wieren op den Universitéiten als "Maître de stage" unerkannt.

De Projet vun enger Medical School steet zu Lëtzebuerg schonn zënter enger Zäit am Raum. Géing dëse Projet ëmgesat ginn, géing dat bedeiten, datt een sech géigeniwwer de Medezinsstudente bis zum Enn vun hirer Ausbildung engagéiere géing. De Studente misst iwwerdeems den Zougang zu auslänneschen Universitéiten erméiglecht ginn. Éischt Prioritéit vun esou enger Medical school wier e qualitativ héichwäertegen Enseignement, seet d'Catherine Boisanté.

D'Doktesch gëtt awer ze bedenken, datt esou e Projet deier wier. Dofir misst ee Béides consideréieren: de Käschtepunkt an d'Qualitéit vun der Ausbildung.

Am aktuelle Konflikt an de Kollektivvertragsverhandlunge fir de Spidols- a Fleegesecteur ënnerstëtzt d'Catherine Boisanté d'Revendicatioune vum Personal.


Rapport annuel CHL 2015: https://www.chl.lu/fr/rapport-annuel-2015-chl