Radioen

On air

De Moien  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Megahertz fir Flüchtlingen

Welt-Radio-Dag

Megahertz fir Flüchtlingen

Mam Slogan ''Radio saves lives'' steet den UNESCO-Welt-Radio-Dag dëst Joer am Zeechen vum "Radio an Noutzäiten". Och fir Flüchtlingen ginn et Radioprogrammer, déi eng séier Informatioun an hirer Sprooch ubidden.

Maxi Pesch / po

auto_stories

4 min

(© http://www.diamundialradio.org/)

Fir d’Flüchtlingen ass et dacks schwéier u wichteg Informatiounen ze kommen, erkläert de Guy Berger vun der UNESCO: "Déi Leit kommen aus engem Krichsgebitt an aus enger anerer Kultur. Si wëssen net ëmmer, wéi ee sech an Europa behuele soll. An si wëssen dacks net, wéi eng Servicer ugebuede ginn."

Informatiounen an der Sprooch vun de Migranten sinn also kruzial. D’Funkhaus Europa bitt mam "Refugee Radio" eng Emissioun vu fënnef Minutten op Englesch an Arabesch un. D’Content-Chefin vu Funkhaus Europa Schiwa Schlei erkläert, dass an där Sendung ganz klassesch Noriichten a Servicer fir d’Flüchtlingen zougänglech gemaach ginn. Dass d’Emissioun all Dag an der Haaptsendezeit um fënnef Minutte virun Zwielef kennt wier keen Zoufall. Nëmmen esou kéint een d’Mënschen erreechen.

Fir a mat Flüchtlingen

Et gëtt awer net just Radio fir Flüchtlingen, mee och mat hinnen. D’Emissioun Flüchtlingsradio vum "Freien Radio Stuttgart" bitt esou eng Plattform un. D’Konstanze Meyer vum FRS erkläert, de Radio wéilt de Flüchtlingen d’Méiglechkeet ginn, iwwert hier Problemer ze schwätzen. D'Flüchtlinge kënnen sech mat eegene Reportagen ausdrécken.

D’Konstanze Meyer hofft, datt duerch des Emissioun d'Versteesdemech fir d'Flüchtlingen an der Gesellschaft wiisst: "Et ass wichteg, datt een en Abléck kritt an d’Schicksal vun de Flüchtlinge selwer." Dobäi kréien d’Flüchtlingen d'Méiglechkeet hir Sendung individuell an onofhängeg ze gestalten.

Fir Kontakter hierzestellen huet de Radio Stuttgart sech zum Beispill bei "Reporter ouni Grenzen" gemellt. Dem Christoph Dreyer vun der internationaler ONG no, wier et bis ewell net esou einfach gewiescht esou Initiativen ëmzesetzen. Ma duerch d’Flüchtlingskris hätt dat sech geännert: "Elo melle sech immens vill Redaktioune vum selwen. Si soe sech, datt et net duer geet nëmmen eppes iwwert d’Flüchtlingen ze maachen."

Esou eng Emissioun geet natierlech net ouni Opwand. D’Leit mussen eng Aféierung an d'Handwierk vum Radiomaache kréien. Och d’Funkhaus Europa huet schonn iwwert eng Sendung mat Flüchtlingen nogeduecht. Ma et géife Contrainte bestoe seet d’Schiwa Schlei. Virun allem bei der Sprooch.

De Radio Ara huet Erfahrung

Och zu Lëtzebuerg ginn et Persounen, déi sech fir d’Kommunikatioun vun de Flüchtlingen engagéieren. Um Radio ARA gouf et schonn an den 90er Joeren eng Sendunge fir Flüchtlingen erkläert de Guy Antony, President vun der ASBL: "Während dem Jugoslawien-Krich hate mir schonn eng Emissioun mat Flüchtlingen. An engem Rhythmus vu 14 Deeg huet do eng Fra mat Jugoslaweschen Originnen zesumme mat engem Flüchtling eng Stonn Sendung gemaach.

Een aktuelle Projet vun der Jugend-Sendung Graffiti um radio Ara nennt sech "At Home". D’Iddi dohannert ass fir Leit déi Flüchtlingen ophuelen an d’Sendung ze invitéieren. Bis ewell konnt "At Home" allerdéngs nach net ausgestraalt ginn. Engersäits fehlt et u Mëttel, fir esou eng Emissioun richteg z'encadréieren. De Projet ass iwwerdeems méi komplizéiert, wéi geduecht. Dat, well et zu Lëtzebuerg net sou einfach ass, fir Flüchtlinge privat opzehuelen. 

Een anert e bësse méi riskéiert Konzept nennt sech Exil Radio. Konkret handelt et sech em Journalisten, déi hu misse flüchte mee trotzdem hiert Engagement fir hiert Heemechtsland net wollten opginn, erkläert de Christoph Dreyer vu Reporter ouni Grenzen.