Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sich no Akzeptanz

Uni Lëtzebuerg

D'Sich no Akzeptanz

De Recteur Rainer Klump begréisst, datt d'Regierung vill Optreeg un d'Uni Lëtzebuerg erun dréit. D'Fuerschung géif sech doduerch awer net politeschen Interessen ënnerwerfen. Säin éischt Joer am Amt beschreift den däitschen Economist als "Entdeckungsrees". Hie wëll, dass seng Institutioun sech méi un de wichtegen Debatten am Land bedeelegt.

auto_stories

7 min

Grad ewéi säi Virgänger Rolf Tarrach ass de Rainer Klump der Meenung, dass d'Uni a verschiddene Beräicher nach wuesse muss. Zum Beispill misste bei de Finanzwëssenschaften nach vill Efforte gemaach ginn, fir zu engem "internationalen Aushängeschëld" a gläichzäiteg en Uspriechpartner fir d'Finanzplaz ze ginn.

Et ass virgesinn, dass de Budget vun der Uni 2017 ronn 160 Milliounen Euro soll erreechen. Duerno misst déi Zomm all Joer ëm fënnef bis sechs Prozent erop gesat ginn, fuerdert de Recteur. D'Zuel vun de Studente kéint vun den Infrastrukturen hier vun aktuell ronn 6300 nach op potentiell 8000 klammen.

Medezin-Studium zu Lëtzebuerg?

An e puer Woche presentéiert de Rainer Klump seng Strategie fir d'Ausriichtung vun der Uni an den nächsten zéng Joer. Do wier net virgesinn, fir aktuell Aktivitéite komplett ze stoppen. Komplett nei Fuerschungsberäicher opzebaue wier awer am Prinzip och net geplangt, mat der "enger oder anerer Ausnahm".

Ee komplett neie Beräich kéint eventuell nach duerch eng "Medical School" geschaf ginn. Bis de Summer wëll d'Regierung decidéieren, ob a wéi zu Lëtzebuerg ee Medezin-Studium kéint ugebuede ginn. D'Uni steet där Iddi positiv mee virsiichteg géigeniwwer, sou de Rainer Klump. De Finanzement misst garantéiert sinn, a bei Cooperatioune mat Unien am Ausland misst d'uni.lu genuch Afloss op de Programm behalen.

Autonomie géigeniwwer der Regierung

De Rainer Klump begréisst, datt déi blo-rout-gréng Regierung mat ville Projete bei d'Uni kënnt. D'Uni géif ëmmer préiwen, ob déi Propose bei hir Fuerschungsprioritéite passen, an ob d'Regierung och bereet ass déi néideg Mëttel zur Verfügung ze stellen. De Recteur betount, dass hie sech d'selwescht wéi säi Virgänger net gär a seng Aarbecht am Alldag era schwätze léisst. Beim neien "Institut d'Histoire du Temps présent" (IHTP) hätt d'Politik sech awer effektiv mat der Fuerderung duerchgesat, dass dëst als interdisziplinären Zentrum misst opgebaut ginn.

Iwwergens ginn aktuell eng "siwe bis zéng" Kandidaten ginn fir den Direkterposten vum IHTP ginn elo méi genau ënner d'Lupp geholl. Fir d'Uni wier et ee wichtege Critère, dass déi Persoun eng Sensibilitéit fir d'Thema Lëtzebuerger Zäitgeschicht huet. Hie wier optimistesch, dass dee richtege Kandidat dobäi wier, sou de Rainer Klump. Bis Enn Mee soll de Wonschkandidat fonnt sinn.

Datt verschidde Parteien, notamment d'LSAP an d'CSV, mësstrauesch sinn, datt d'Uni déi richteg Plaz ass fir déi zäithistoresch Fuerschung, kann de Rainer Klump net novollzéien. D'Uni wier ee Garant dofir, datt déi sensibel Thematike wëssenschaftlech behandelt ginn.

Gesellschaftlech Akzeptanz

Am Ausland kuckt ee mat groussem Interesse op d'Uni Lëtzebuerg, sou de Rainer Klump. "D'Ranking-Resultater si fantastesch. Et kann een also houfreg sinn op dat hei scho geleescht gouf."

Bis ewell géifen d'Lëtzebuerger d'Uni awer am Alldag nach net genuch wouer huelen an dat misst sech änneren. D'Uni misst eng Plaz sinn, wou déi fir d'Land wichteg Debatten gefouert ginn. Do kéint den IHTP zou bäidroen, mee och an aneren Themeberäicher misst d'Uni déi Roll iwwerhuelen.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser sot dës Woch an der Chamber, datt Wëssenschaftler sech aus politeschen Debatten missten eraushalen. Dat gehéiert awer zur Roll vum Chercheur, widdersprécht de Rainer Klump, "soulaang bei esou Interventioune wësseschaftlech Critèren an Erkenntniser eng Roll spillen".

Uni a Finanzplaz

Datt vun der Uni kaum Stellungnahmen zur Diskussioun iwwer d'Bedeitung vu LuxLeaks oder de PanamaPapers kommen, erkläert de Rainer Klump domadder, dass et net genuch Finanzexperten op der Uni géife ginn. Hien hätt gär, dass dee Beräich ausgebaut gëtt, fir dass d'Uni bei wirtschafts- a finanzpolitesche Froen eng méi grouss Roll kéint spillen: "Ech si frou, dass och de Finanzminister d'Uni méi staark wëll an esou Debatten abannen".

Dass d'Steierberodungsfirma Atoz eng Chaire fir europäescht an internationaalt Steierrecht op der Uni finanzéiert, ass dem Rainer Klump no kee Problem. De Sponsor géif net versichen Afloss ze huelen. Mee fir op esou Bedenken ze reagéieren, schafft d'Uni eng Charta fir Sponsoren aus.

Uni mécht Proposen fir hir Reform

​Datt d'Reform vum Uni-Gesetz op Äis geluecht gouf, huet de Rainer Klump bei sengem Untrëtt als Recteur am Januar 2015 selwer gefuerdert. Dat fir sech kënnen anzeschaffen an eege Proposë fir d'Reform ze proposéieren. De Conseil de Gouvernance vun der Uni sollt a sengem Aen méi fir strategesch Froen a manner fir d'Dagesgeschäft zoustänneg sinn, während de Conseil Universitaire bei akademesche Froen misst méi matzeschwätzen hunn.

Wichteg wier dann och, dass d'Méiglechkeet vu sougenannten "tenure tracks" agefouert gëtt: Domadder gëtt ee jonken Akademiker eng sécher Jobperspektiv, sou laang se op verschiddenen Etappen vun hirer Karriär spezifesch Konditiounen erfëllen.

De Rainer Klump hält et och fir dréngend, datt de Fonds Belval der Uni méi Méiglechkeete gëtt, hir Aktivitéiten op deem neie Campus z'organiséieren. Do stéingen elo Gespréicher mat de Responsabele vum Fong a mat der Regierung un.