Aussoen zum Zukunftspak Spueren "elektoral schwiereg, mee net falsch"

"Den Zukunftspak war e Feeler" – dat hat de Wirtschaftsminister Étienne Schneider e Samschdeg an engem Interview am Lëtzebuerger Wort gesot. Bannent der Koalitioun gëtt dës Ausso nuancéiert.

Mick Entringer / Michel Delage / ckl

schneider1.jpg
"Den Zukunftspak war e Feeler" sot den Étienne Schneider, Bodry a Loschetter relativéieren

"Ech hunn näischt dozou ze soen", sou huet d'Familljeministerin an DP-Parteipresidentin Corinne Cahen op Nofro hin op dem Vize-Premier Étienne Schneider seng Aussoen am Lëtzebuerger Wort reagéiert.

Déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter kommentéiert hirersäits, si géif d'Aussoe vum LSAP-Minister guer net esou schlëmm fannen. Den Étienne Schneider hätt "e sarkasteschen Humor". Eigentlech hätt hien nämlech wollte soen, datt et méi einfach gewiescht wier fir d'Majoritéit, fir keen "Zukunftspak" ze maachen. Dat wier net populär bei e Leit. D'Majoritéit géing awer zu deem Mesurëpak stoen, esou d'Viviane Loschetter.

Bodry: "Ob all eenzeg Mesure richteg war..."

Dat gëtt och den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry ze verstoen. "Et war richteg, net nëmmen op méi Einnamen ze setzen an also Steieren ze erhéijen, mee och ze spueren", sot hien am 100,7-Interview. Dat hätt déi viregt Regierung nämlech net genuch gemaach. Hien seet awer och: "Ob elo all eenzel Mesure richteg war, dat ass eng aner Fro". Mee mat zwee Joer Recul géif "et net schrecklech vill bréngen" elo op déi Froen zréckzekommen.

Déi blo-rout-gréng Regierung hätt "reng elektoral" gesinn, keen einfache Wee ageschloen. "Mee wat elektoral schwiereg ass, muss vum Fong hier awer net falsch sinn", sou nach den Alex Bodry.

Parlamentaresch Fro vun der CSV

Zum Interview mam Étienne Schneider, huet den CSV-Deputéierte Léon Gloden um Méindeg eng parlamentaresch Fro un de Premier, de Finanz- an de Wirtschaftsminister geschriwwen. Hie wëll wëssen op d’Regierung weiderhin um Spuerpak festhält. A wann net, wat fir Spuermesuren eventuell faalegelooss ginn.

Den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry mécht drop opmierksam, datt d'CSV eigentlech nach méi wäit hätt wëlle goen mat Spuermesuren, wéi dat wat am Spuerpak virgesi war. Datt duerch d'Steierreform eng Rei Erliichterunge komme wier zwar eng Ännerung. Allerdéngs wier déi duerch eng besser wirtschaftlech Entwécklung gerechtfäerdegt. "D'Zuele ware bei der Regierungsbildung méi schwaarz, wéi déi Perspektiven déi elo agetratt sinn", sou den Alex Bodry.

Net nach eng Kéier sou "blöd"

Géigeniwwer dem Lëtzebuerger Wort hat de Wirtschaftsminister gesot, andeems d’Spuermesuren op all Bierger verdeelt gi wären, hätt een dofir gesuergt, datt wierklech jiddereen am Land perséinlech onzefridde war.

Haut géing hien dat net méi esou maachen, seet den Étienne Schneider. Esou "blöd" wier hien haut net méi. Et wier besser gewiescht, d’Steieren an d’Luucht ze setzen.

Méi zum Thema

Etienne Schneider
Etienne Schneider

En Depart vum Nicolas Schmit aus der Regierung wier "e grousse Verloscht", sou den Etienne Schneider. Dem LSAP-Minister no, wier de Romain Schneider en "excellente Kandidat" fir Aarbechtsminister ze ginn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen