Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktiounen no den Attentater

Attentater zu Paräis

Reaktiounen no den Attentater

Frankräich ass am "Etat d'Urgence" no der Attentatsserie zu Paräis mat op d'mannst 129 Doudesaffer. De franséische President François Hollande huet an enger Declaratioun vun engem "acte de guerre" geschwat an dräi Deeg Staatstrauer annoncéiert. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn warnt, et sollt een net déi nämmlecht Fehler wéi 2003 maachen an ee globale Krich géint den Terror ausléisen. A sengen Aen wäert dat och net geschéien.

auto_stories

7 min

Den Ausseminister Jean Asselborn warnt: "Kee globale Krich géint den Terror wéi 2003 declenchéieren" (Archivbild)

Asselborn: "Fehler vun 2003 net widderhuelen"

De Jean Asselborn huet nach dës Woch mam franséische President iwwert de Risiko vun Attacken a Frankräich geschwat. De Lëtzebuerger Ausseminister mécht een Appel fir Solidaritéit mat Frankräich. Zur Declaratioun vum François Hollande, datt et sech bei den Terrorattentater ëm ee Krichs-Akt handelt, seet de Jean Asselborn: "Ech mengen, dass hien domadder Recht huet. Ech géif just soen, dass mir an der Virgoensweis - an ech mengen do ass och Frankräich dobäi - net déi nämmlecht Fehler dierfe maache wéi 2003 an ee globale Krich géint den Terror declenchéieren an iergendee Land attackéieren. Dat wäert och net geschéien, do sinn ech mir sécher." D'Konflikter am Mëttleren Oste vun haut hätten hiren Ursprong zu engem groussen Deel am Krich vun 2003 am Irak. De Mëttleren Oste wier net wäit fort vun Europa. Wann do Biergerkricher a radikal Terrormilicen wéi den Islamesche Staat existéieren, da géif dat paralell zu Terrorattentater an anere Länner féieren.

De Jean Asselborn:

 

Reaktioun vum Premier a vum Chamberpresident

De Premier Xavier Bettel huet fir de Mëtteg um véier Auer een aussergewéinleche Regierungsrot aberuff. Schonn de Moie sinn hei am Land d’Spezialisten zesummen, déi sech ëm d’Sécherheet vum Land këmmeren, esou de Regierungschef. D'Experte sollen d’Situatioun analyséieren. D’Attentater si mat de schlëmmste Wieder ze veruerteelen, huet de Xavier Bettel betount. Et misst een elo zesummenhale fir esou Akten an d'Terroristen ze bekämpfen, mat alle Mëttel déi zur Verfügung stinn. Déi franséisch an déi europäesch Grondwäerter misste verdeedegt ginn.

Den Interview vum Carole Schimmer mam Premier Xavier Bettel:

 

De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo huet an enger éischter Reaktioun gesot, datt hien ënner Schock wier. Den Terror wier elo bei eis ukomm, esou de Mars Di Bartolomeo. Och hien huet gesot, datt d’Grondwäerter viséiert wieren. Déi Wäerter misst een elo verdeedegen:

Sarkozy a Le Pen fuerderen nach méi Sécherheetsmoossnamen

“D’Terroristen hunn de Krich géint Frankräich ausgeléist”, esou de fréiere Staatspresident a Chef vun “les Républicains” (fréier UMP). De Nicolas Sarkozy sot, de Krich dee Frankräich misst liwweren “Total” misst sinn. D’Flicht wier et, der extremer "Gravitéit" vun der Situatioun Rechnung ze droen, an all d’Konsequenzen ze zéien “en termes d’actions”. Näischt kéint méi esou sinn, wéi et virdru war. D’Aussepolitik an d’Banne Sécherheet, missten de Fait integréieren, datt Frankräich am Krich ass, esou de Nicolas Sarkozy.

D’Presidentin vum Front National huet vun enger Eskalatioun vum islamisteschen Terrorismus geschwat. “Les français et françaises ne sont plus en securité”, esou d’Marine Le Pen de Mëtten. Frankräich misst d’islamistesch Organisatioune verbidden, d’radikal Moscheeën zoumaachen an d’Auslänner aus dem Land weisen, déi Haass op franséischem Buedem priedegen, mee awer och déi “Illegal, déi näischt am Land verluer hätten”. D’Marine Le Pen ass nach méi wäit gaang a sot, datt Leit mat der duebeler Nationalitéit, déi un dësen islamisteschen Beweegunge participéieren, d’Franséisch Nationalitéit misste verléieren a verbuede kréien um Territoire ze bleiwen.

Merkel an Obama soen Ënnerstëtzung zou

Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet Frankräich no den Terror-Attentater vu Paräis „all méiglech Ënnerstëtzung“ versprach, déi Däitschland bidde kann. „Dës Attack op d’Fräiheet ass fir eis all geduecht“, esou d’Regierungschefin zu Berlin. Dowéinst misst och de Kampf géint den Terror gemeinsam gefouert ginn. Et wéisst een, datt „eist fräit Liewe méi staark ass, wéi den Terror“.

Och d’Wäisst Haus zu Washington huet dem franséische President François Hollande d’Ënnerstëtzung vun den USA an Aussiicht gestallt. Ënnert anerem fir de franséischen Autoritéite bei den Enquêten ze hëllefen, esou den US-President Barack Obama.

Reaktioune vu Lëtzebuerger zu Paräis

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz ass de Moment zu Paräis. Hie war gëschter Owend während den Attentater an engem Restaurant. Vun de Sécherheetskräften huet hie gesot kritt, do ze bleiwen. Dem Marc Spautz no, hätten déi franséisch Autoritéite roueg reagéiert. Wéi wäerten d’Evenementer zu Paräis sech op déi allgemeng Stëmmung géigeniwwer der Flüchtlingsproblematik auswierken? Den CSV-Parteipresident warnt virun iwwerstierzte Conclusiounen. Et misst een ofwaarden, bis genau Informatiounen iwwer d'Hannergrënn disponibel sinn. D'Intentioun vun den Attentäter wier fir d'Onsécherheet auszenotzen. Eppes ass fir de Marc Spautz kloer: "Den Terror-Regimer dierf een net noginn."

 

D'Lëtzebuergerin Elisabeth Conter huet zu Paräis ee Restaurant am 12. Arrondissement. D’Gäscht hätte gëschter Owend ee Gefill vu Panik a vun Angscht gehat, virun allem wëll dës Kéier Concertsäll, Caféen an ee Fussball-Stadion viséiert waren. Och haut bleiwen d’Leit zu Paräis veronséchert, esou déi fréier 100,7-Mataarbechterin Elisabeth Conter. Zënter den Attacken am Januar op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo an ee koschere Supermarché hätt een zu Paräis d'Gefill d'Menace géif ëmmer méi no kommen:

 

Weider Reaktiounen an Aschätzungen an eisem Panorama-Spezial: