Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Realismus an Idealismus

Brexit

Realismus an Idealismus

En idealistesche Pierre Lorang, fräien Auteur bei der Zäitschrëft "forum" an CSV-Member, seet e federaalt Europa wier d'Léisung fir global Problemer. E méi realistesche Ben Fayot, fréieren EU-Deputéierten an LSAP-Politiker gesäit och déi eenzeg Léisung fir Problemer an enger enker Zesummenaarbecht. Béid Invitéen a Riicht Eraus ware sech bewosst, datt vill Efforten dofir néideg sinn.

auto_stories

2 min

De Ben Fayot an de Pierre Lorang

Mat enger méi staarker Ausernanersetzung mat nationalistesche Kräften, kéim och eng méi grouss Responsabilitéit op déi Leit zou, déi fir den europäesche Projet sinn, fënnt de Ben Fayot. "Dat heescht, de Projet muss méi politiséiert ginn, an e muss méi am politeschen Debat zum Virschäi kommen, fir datt e kann iwwerliewen", esou den LSAP-Politiker.

Déi aktuell Kris vun der Europäescher Unioun ass béiden Invitéen no, besonnesch dorobber zeréckzeféieren, datt d'Memberstaaten egoistesch handelen. Net nëmme Groussbritannien, mee och dacks Lëtzebuerg, hätt fest op d'Brems gedréckt, zum Beispill am Domaine vun de Steieren.

Federaalt Europa

De Pierre Lorang seet d'Léisung fir global Problemer an enger verännerter Welt, wier e federaalt Europa, en Europa, an deem Souveränitéiten zesummegeluecht ginn fir ee Maximum vu Saache gemeinsam ze decidéieren. De fräien Auteur bei "forum" an CSV-Member ass sech awer bewosst, datt dat net mat engem "coup de baguette magique" ze maachen ass.

De Ben Fayot sengersäits gleeft net un "e groussen Owend" op deem e federaalt Europa proklaméiert gëtt. Hien ass der Meenung, datt d'Staate mussen enk zesummeschaffen a streide fir Léisungen ze fannen.

Echec vum Wirtschaftsmodell

Den aktuelle Wirtschaftsmodell, fir deen d'EU optéiert huet, misst hannerfrot ginn, esou de Pierre Lorang. "Wa mer e Wirtschaftsmodell hunn, vun deem just en Drëttel vun de Leit profitéiert an zwee Drëttel vun de Leit net profitéieren (...), da soen ech als Chrëscht-Demokrat, net als Sozialist, datt dee Wirtschafts-System sech an eng falsch Richtung entwéckelt huet."

De Ben Fayot sot awer zur Kritik d'EU wier wirtschaftlech ze liberal: "Déi global Explikatiounen, déi sou héich fléien, déi iwwerzeege mech net." Dem LSAP-Politiker no, kéint Europa nëmme méi sozial ginn, wann d'EU-Memberstaaten der EU méi Kompetenze ginn. "Mee dat wëllen d'Länner net!"

Nationalstaat en Auslaf-Modell?

Dem Pierre Lorang no, kënnt d'Ära vun de Nationalstaaten op en Enn: "Wat mer am Moment feststellen, kann ee vläicht och interpretéieren als 'das letzte Aufbäumen' vun der Iddi vum Nationalstaat."

"Et muss een oppassen, datt déi Dommheeten iwwert d'Oftriede vun der Souveränitéit an der Europäescher Unioun net weider ginn", esou sengersäits de Ben Fayot.