Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Regierung krut d'Rechnung"

Referendum

"D'Regierung krut d'Rechnung"

auto_stories

3 min

Egal wéi een et dréit a kéiert : d’Regierungsparteie kruten am konsultative Verfassungsreferendum d’Rechnung. Dat mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

 

Den Text vum Kommentar:

Dëse 7. Juni deet de Regierungsparteie richteg wéi: si wëllen et net zouginn, probéieren ze maache wéi wann net vill geschitt wier, an erënneren drun datt souguer d’CSV nach virun Deeg sot, e Referendum wier kee Vote iwwer d’Regierungspolitik.

Mä wa se hannert zouenen Dieren zesumme sëtzen, da wësse si, datt si zum Deel ofgestrooft goufen. Net vu jidderengem : d’Nee-Stëmme gehéieren net all an een Dëppen, an awer ass en Deel dovun ouni Zweiwel e Protest géint d’Regierungsaarbecht. A ville Sondagen iwwer Joeren waren de Jo an den Nee beim Auslännerwahlrecht net wäit auserneen, an op eemol sinn nëmmen nach 22 Prozent dofir, an 78 dogéint !

Virun deem Verdikt hate mer eng Regierung déi réischt ee Mount virum Referendum am Etat de la Nation kloer Faarf bekannt huet nodeems se laang gezéckt huet dat ze maachen; e Vize-Premier deen d’Konditioune vun enger Referendumsfro net kannt huet ; e Premier deem Kommunikatiounspannen ënnerlaf sinn ; an Zuelen iwwer de potentiellen Impakt vum proposéierte Wahlrecht vun deene bis dohi kee sech d’Méi gemaach hat déi unzefroen an d’Leit transparent doriwwer z’informéieren.

An nach virdrun hate mer e Vakuum : en Debat deen net serieux gefouert gouf, well fir unzefänken net mam néidegen Engagement erkläert gouf wéi e Problem iwwerhaapt ze behiewe wier. Lëtzebuerg huet en evidente Problem: e Parlament dat mol net méi vun der Halschent vun den Awunner gewielt gëtt. D’Elektorat hei am Land ass kee Spigel méi vun der Gesellschaft, an dat geet op Dauer net gutt aus. Dat huet näischt mat Patrone vu Multinationalen ze dinn, déi hei sollen d’Wahlrecht kréie fir d’Lëtzebuerger Acquisen a Fro ze stellen: et geet vill méi em dausende vu Salariéë, Chômeuren a Jonken, déi politesch net deen Afloss hunn, dee se verdéngt hätten. Dorun ännert sech elo mol näischt.

Zwou Léisunge goufe fir dee Problem proposéiert, a se goufe refuséiert. Et war vun Ufank u kloer datt et net einfach wier d’Leit vum Jo z’iwwerzeegen: Kloer, well genee déi Leit gewielt hunn, déi generell dierfe wiele goen an domat elo scho par rapport zur Gesamtpopulatioun an der Minoritéit sinn. Een deen e Privileg huet, ass net deen Éischten deen dat wëll opginn. Wann een dat vu vir era weess, an trotzdem net mam Maximum un Engagement an d’Referendumscampagne geet, da kann een net Eescht geholl ginn. A genee dat ass dëse 7. Juni geschitt : nieft deenen, déi scho méi laang géint déi eng oder aner Referendumsfro ware, koume mat Sécherheet Dausende vu Leit dobäi, déi de Referendum, d’Regierung an domat hir Virschléi net eescht geholl hunn.

D’CSV huet dovu profitéiert, obwuel si selwer virun zwee Joer nach fir en Auslännerwahlrecht war, an obwuel ee vun hiren Deputéierte selwer nach Ufank 2013 e Referendum doriwwer virgeschloen huet. Déi eng sinn net kohärent, déi aner huelen hir eege Virschléi net eescht: kee Wonner datt et da schwiereg ass hei am Land eng serieux ëffentlech Debatt ze féieren.