Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Refugiéen op der Sich no enger Wunneng

Flüchtlingen

Refugiéen op der Sich no enger Wunneng

Flüchtlinge mam Statut hunn déi selwecht Rechter a Flichten, wéi all déi aner Residenten zu Lëtzebuerg. An domat kréie si och déi selwecht Problemer. Een dovun heescht "Wunnengsmaart".

auto_stories

2 min

Vill Flüchtlinge bleiwen an engem Foyer, well si keng Wunneng fannen (Foto: Archiv)

Der Integratiounsministesch no spëtzt déi aktuell Situatioun an de Foyere fir Refugiéë sech zou. Wéi RTL gemellt hat, hunn ëmmer méi Flüchtlinge mat Statut Schwieregkeete fir eng Wunneng um reguläre Marché ze fannen. An de Foyeren zu Lëtzebuerg sinn de Moment ronn een Drëttel vun de Bewunner Flüchtlinge mat Statut. Also Persounen, déi sech eng Aarbecht kënne sichen, déi den RMG kënne kréien, an déi opgeruff sinn, sech eng eege Wunneng zouzeleeën. Mee keng fannen.

Sozialwunnengen an Hëllefe fir all Bierger

"Mir wëssen alleguer wéi schwéier et ass, och mat engem RMG, eng Wunnsituatioun ze fannen, déi gutt ass", seet d'Corinne Cahen. Dofir géifen dës Leit dacks an de Strukture wunne bleiwen, an deene si ënnerbruecht sinn. D'Ministesch mécht awer och drop opmierksam, datt Persoune mat RMG oder enger Pai ee Loyer an de Foyere musse bezuelen. Dat géif awer näischt um eigentleche Problem änneren.

Op der Sich no enger Wunneng huet eng Persoun mat Flüchtlingsstatut net méi oder manner Méiglechkeeten, wéi all anere Resident. De Wunnengsbauminister Marc Hansen seet, et géif natierlech ee Wunnengsproblem hei am Land ginn. Op der Lëscht vum Fonds du logement waarden aktuell 2.000 Leit.

Well iwwer Joerzéngten net genuch Sozialwunnenge gebaut gi wieren, géif ee momentan probéieren, där méi ze schafen. All Bierger sollt kënnen esou eng Wunneng proposéiert kréien. Och Persoune mat Flüchtlingsstatut. Wéi all anere Resident hätte si Urecht op Subventiounen an Hëllefen, sou de Marc Hansen. D'Corinne Cahen seet, et géif fir d'Leit mat Flüchtlingsstatut awer keng Extrawurscht gebrode ginn.

Problematesch Auswierkungen op d'Foyeren

Problematesch ass d'Situatioun awer och, well si an de Foyeren ze spieren ass. Zanter September 2015 wiere ganz vill Leit komm, sou d'Integratiounsministesch. A vill vun hinnen hätten de Flüchtlingsstatut unerkannt kritt. "Do ass et natierlech wichteg, datt mir och nees Plaz maachen. D'Better sinn net onendlech an de Foyeren." Verschidde Foyere missten eigentlech zougemaach ginn, fir renovéiert ze ginn. Dat géif momentan awer net goen.

D'Wunnengshëllef ënnerstëtzt Leit, déi op der Sich no enger Wunneng sinn. Ënner anerem duerch d'Demande vu Flüchtlinge wären d'Ufroe signifikant eropgaangen. Konkret Zuele ginn et keng. D'ASBL geréiert 120 Wunnengen. Sécher wier, datt dat net géif duergoen.