Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keen Apel fir den Duuscht"

Ëffentlech Finanzen

"Keen Apel fir den Duuscht"

Den "Nationale Rot fir déi Ëffentlech Finanzen" (CNFP) recommandéiert a senger neier Evaluatioun eng méi ambitiéis Budgetspolitik. Soss géif de Spillraum feelen, fir op een ekonomesche Schock kënnen ze reagéieren. Et stellt sech also d'Fro, ob fir déi geplangte Steiererliichterungen den néidege Sputt do ass. Majoritéit an Oppositioun interpretéieren d'Analys vun der onofhängeger Autoritéit verschidden.

auto_stories

4 min

Romain Bausch, President vum CNFP

Bis ewell hat d'Regierung sech d'Zil gesat, fir all Joers ee Budgetsiwwerschoss vun op d'mannst 0,5 Prozent vum Brutto-Inlands-Produkt z'erreechen. Domadder verbonne war dat laangfristegt Zil, datt d'Staatsschold ënnert 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung sollt bleiwen.

Lo huet d'Regierung sech méi budgetäre Spillraum ginn: Een Defizit vun 0,5 Prozent hält d'Regierung am aktuelle wirtschaftleche Kontext fir akzeptabel. ​Den Nationale Rot fir déi Ëffentlech Finanze bedauert dës Decisioun, a recommandéiert nees op ee méi ambitiéist Zil zréck ze kommen.

Méi eng grouss Marge de Manoeuvre wär gutt, fir eventuell kuerzfristeg op Onsécherheeten oder ekonomesch Schocken ze reagéieren, sou de President vum CNFP, Romain Bausch. Et sollt ee sech "een Apel fir den Duuscht" halen, amplaz dee ganze Spillraum auszereizen.

Europaësch Budgetsregelen an national Contrainten

Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger verweist drop, datt et am Kader vun den europäesche Budgetsregele Sputt gëtt, fir manner streng Budgetsziler ze setzen. D'Analys vum CNFP, datt méi eng ambitiéis Budgetspolitik néideg wär, bezeechent de liberale Politiker als "eng punktuell Meenung".

Den Eugène Berger betount awer gläichzäiteg, datt d'Koalitioun guer net wëlles hätt, déi nei fixéiert Defizitmarge auszenotzen. An enger éischter Etapp géif d'Regierung dovun ausgoen, datt de Budget sech am Beräich vun null Prozent géif bewegen. Vun 2018 u géif ee sech nees Richtung 0,5 Prozent Iwwerschoss bewegen.

"Aggressiv Hypothees"

Dem CNFP no géif d'Regierung mat hirer neier Budgetsplanung theoretesch a Kaf huelen, datt d'Staatsschold sech bis 2060 bal verdräifacht, op 60 Prozent vum PIB. A fir d'Schold iwwerhaapt op deem Niveau kënnen ze stabiliséieren, misst d'Bevëlkerung op 1,1 Milliounen klammen. Dës laangfristeg Prognose bereeden dem CNFP besonnesch Kappzerbriechen.

De Romain Bausch schwätzt vun enger "aggressiver Hypothes": "Wa mir wëssen, wéi séier datt zu Lëtzebuerg en Tram gebaut gëtt, oder wéi séier datt zu Lëtzebuerg Autobunne gebaut ginn, stellen ech mir just d'Fro, wéi menge mir, datt mir dat kéinte bewerkstellegen?"

"Sechs mol d'Stad Lëtzebuerg"

Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler hält d'Prognosen iwwer de Bevëlkerungswuesstem, op deenen d'Budgetsprevisioune baséieren, weder fir realistesch, nach fir wënschenswäert. "De Volume vun haut sechs Stied Lëtzebuerg als Logement dobäi ze bauen, fannen ech relativ onrealistesch." Dat géif net deem entspriechen, wat am Budget un Investissementer an Infrastrukturen virgesi wär.

Den Eugène Berger relativéiert d'Prognose vun 1,1 Milliounen Awunner bis 2060. Déi Projektioune géife wäit an d'Zukunft kucken. Et kéint een awer eigentlech just déi nächst 15 bis 20 Joer realistesch betruechten. Och Bréissel géif déi Echeancë consideréieren.

Souguer wann de Bevëlkerungswuesstem mat enger intelligenter Landesplanung géif encadréiert ginn, bleift den Nationale Rot fir déi ëffentlech Finanzen bei senger Analys, datt et méi virsiichteg wier, all Joers op d'mannst ee liichte Budgetsiwwerschoss unzestriewen.

Steierreform mat 0,5 Prozent Iwwerschoss onméiglech

Mee wier da Sputt fir déi geplangten Steiererliichterungen? Mam ursprénglechen Zil vun engem Iwwerschoss vu 0,5 Prozent net, seet de Romain Bausch: "Mir soen net, datt Steiermoossname falsch sinn. Mir soe just, dann hätt een d'Reform misse budgetairement neutre maachen." Dat hätt een iwwer d'Kierzung vun Depense kéinte realiséieren, awer och iwwer d'Ofschafe vu verschiddene Steiervirdeeler.

Fir den Oppositiounspolitiker Claude Wiseler huet d'Regierung, anescht wéi annoncéiert, net méi d'Nohaltegkeet vun den ëffentleche Finanzen am Bléck, mee reng déi nächst Wahlen. D'Leit géifen elo sou vill wéi méiglech Cadeaue gemaach kréien, fir datt d'Regierung an der Gonscht vum Wieler géif klammen. Dat wär awer keng nohalteg Politik.

Impakt vu Reform op de PIB?

Den DP-Fraktiounschef sengersäits verweist drop, datt duerch d'Steierreform och d'Wirtschaftsleeschtung wäert wuessen. Den Nationale Rot vun den Ëffentleche Finanze geet opgrond vun de Chiffere vum Statec par conter net vun engem signifkanten Impakt vun der Steierreform op de PIB aus.

Wat an all dëse Prognosen nach guer net berücksichtegt gouf, ass iwwregens de méiglechen Impakt vun engem EU-Austrëtt vu Groussbritannien op déi europäesch a Lëtzebuerger Wirtschaft.


Link: D'Evaluatioun vum CNFP: http://www.cnfp.lu/fr/evaluations/2016/06/evaluation-01/index.html