Attentater zu Paräis Regierungsrot decidéiert: Alarm-Niveau gëtt net erop gesat

No den Attentater zu Paräis huet de Premier Xavier Bettel een ausseruerdentleche Regierungsrot aberuff. De Koordinatiounsgrupp, dee fir de Kampf géint den Terrorismus zoustänneg ass, huet der Regierung proposéiert, fir den Alarm-Niveau net erop ze setzen. Op de Garen an um Fluchhafe solle méi Kontrolle gemaach ginn. Iwwerdeems gëtt de franséische Grenzautoritéite bei hire Kontrolle gehollef.

bettel.jpg
De Premier Xavier Bettel nom ausseruerdentleche Regierungsrot

De Sécherheetsniveau hei am Land net erop gesat. Dat huet de Premier Xavier Bettel elo grad nom ausseruerdentleche Regierungsrot erkläert:

 

Zënter den Attacken op Charlie Hebdo ass zu Lëtzebuerg de Niveau 2 a Kraaft, nämlech der "menace réelle, mais abstraite". All d’Acteure vum Alarm-Niveau 3, dorënner d'Police an d'Arméi, ginn iwwregens mobiliséiert fir sech prett ze halen, wann et zu enger Evolutioun vun der Situatioun kéim. Am Ganze ginn et 4 Alarm-Niveauxen.

Den Héich-Commissaire fir de Schutz vun der nationaler Sécherheet Fränk Reimen war de Mëtte beim ausseruerdentleche Regierungsrot dobäi. Schonn de Moie sinn hei am Land d’Spezialisten zesumme komm, déi sech ëm d’Sécherheet vum Land këmmeren, fir d’Situatioun ze analyséieren.

D’Attentater si mat de schlëmmste Wieder ze veruerteelen, hat de Xavier Bettel de Moien am 100,7-Interview betount. Et misst een elo zesummenhale fir esou Akten an d'Terroristen ze bekämpfen, mat alle Mëttel déi zur Verfügung stinn. Déi franséisch an déi europäesch Grondwäerter misste verdeedegt ginn.

De Verdeedegungs-Minister a Minister fir Banne-Sécherheet Etienne Schneider, deen de Moment zu Washington ass, war per Telefon am Regierungsrot bäi geschalt.

De ganze Regierungs-Briefing:

 

Méi zum Thema

hollande.jpg
Attentater zu Paräis

Frankräich ass am "Etat d'Urgence" no der Attentatsserie zu Paräis mat op d'mannst 130 Doudesaffer. De franséische President François Hollande huet den "Etat d'urgence" declaréiert a vun engem "acte de guerre" geschwat.

Jean Asselborn-5197.jpg
Attentater zu Paräis

Frankräich ass am "Etat d'Urgence" no der Attentatsserie zu Paräis mat op d'mannst 129 Doudesaffer. Reaktioune vum Premier Xavier Bettel, vum Ausseminister Jean Asselborn, vum Nicolas Sarkozy, vum Marine Le Pen a Lëtzebuerger zu Paräis.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen