Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktiviste viru Geriicht wéinst "Kräidaktioun"

Richtung 22

Aktiviste viru Geriicht wéinst "Kräidaktioun"

Membere vum Kënschtlerkollektiv stinn den 23. Mee viru Geriicht. Virun der Philharmonie mat Kräid gezeechent Protestspréch halen d'Autoritéite fir eng Beschiedegung vun ëffentlechem Gudd. Richtung 22 kritiséiert een “Aschüchterungsversuch”. Engagéiert Jugendorganisatioune sollte geziilt mat iwwerdriwwene Repressiouns-Mechanismen ofgeschreckt ginn.

auto_stories

3 min

© Bigstock/romrodinka

Dës "Kräidaktioun" vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 war deemools vun Déi Jonk Lénk an och der UNEL ënnerstëtzt ginn. Um Virowend vun Nationalfeierdag hätt ee wéilte géint d'Resultat vum Referendum protestéieren an d'Opfassung vun "Natioun", déi zum Ausdrock komm ass, a Fro stellen, seet de Pol Reuter vun der Studentenorganisatioun UNEL. Géifen Aktivisten elo veruerteelt ginn, da "wier dat en Zeeche géint d'Konscht- a géint d'Aktiounsfräiheet vun de jonke Leit. Et wier eendeiteg och de Message, datt een zu Lëtzebuerg besser huet doheem sëtzen ze bleiwen amplaz fräi seng Meenung ze äusseren", sou de Pol Reuter.

D'Autoritéiten hätte bewosst dës Affär viru Geriicht bruecht - als Ofschreckung, seet de Lars Schmitz vu Richtung 22. Datt hei ëffentlech Mëttelen hu missten agesat gi fir d'Kräid virun der Philharmonie ewech ze maachen, léisst hien net gëllen. "Si hunn ëffentlech Sue just gebraucht fir d'Kräid esou séier ewéi méiglech fortzekréien." D'Manifestatioun, den Dag drop mam Grand-Duc, sollt net duerch d'Spréch um Buedem gestéiert ginn. "Dat war e politesche Choix fir direkt d'Pompjeeën ze ruffen." Et hätt een duerchaus och kéinten op deen nächste Ree waarden, sou de Richtung 22-Aktivist.

Fir d'Recht, spontan a kreativ kënnen ze manifestéieren

Sinn hei dann elo wierklech d'Konscht- a Protestfräiheet a Gefor, wann ee weess, datt een ugemelltene Protest weiderhi méiglech ass? Eng Manifestioun virum Iechternacher Trifolion géint de rezenten Optrëtt vum ëmstriddenen däitschen Essayist Thilo Sarrazin hätt een deemools vun der Gemeng net autoriséiert kritt, sou de Lars Schmitz.

Et sollt een net nëmmen am festgeluegte Kader kënne manifestéieren. "Fir verschidden Aktiounen ze maache brauch een an enger Demokratie d'Sécherheet, spontan Manifestatioune mat kreative Mëttelen duerchféieren ze kënnen. Dofir sollt een net direkt mussen d'Repressioun ze spiere kréien", sou de Vertrieder vu Richtung 22.