Radioen

On air

Espresso Beats  |  Primal Scream - Movin' On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietsextremismus zu Lëtzebuerg

Haass

Rietsextremismus zu Lëtzebuerg

Geschaten Ee bis Zwee Prozent vun de Lëtzebuerger hu rietsextrem Usiichten. Eng grouss Beweegung oder Féierungspersoune ginn et net. De Student Maxime Weber warnt awer: méi héich qualifizéiert Personalitéite riskéiere mat rietsen Aussoen, Leit mat rietsen Tendenzen z'encouragéieren.

auto_stories

7 min

Maxime Weber

Den Internet-Blogger Maxime Weber analyséiert zanter 2011 déi rietsextrem Zeen zu Lëtzebuerg. Am November huet de Student a Philosophie- a Konschtgeschicht zu München en Artikel iwwert d'rietsextrem Zeen zu Lëtzebuerg publizéiert. Am 100,7-Interview deelt hien d'Aschätzung vum Philippe Poirier, Politolog op der Uni Lëtzebuerg, datt Ee bis Zwee Prozent vun de Lëtzebuerger rietsextrem Usiichten hunn. De Maxime Weber seet: "d'rietsextrem Zeen ass zwar kleng, mee se ass do".

Intellektuell Legitimitéit

Dem Student no, wier et falsch ze mengen, datt nëmme Leit mat enger niddreger Qualifikatioun rietsextrem Usiichten hätten. Et wieren ebe grad Leit mat héijen Unis-Ofschlëss a riets Positioune vertrieden, déi aner Leit géingen iwwerzeegen. Als Beispill nennt de Maxime Weber de Gaston Vogel. Den Affekot, dee wéi eng Personalitéit ugesi gëtt ass zwar net rietsextrem, mee am Summer hat hien an engem oppene Bréif (mat friemefeindleche Bemierkungen) sech iwwert d'Heescherten an der Stad opgereegt. De Maxime Weber seet, d'Leit géingen dann denken: "Dee muss jo Ahnung hunn."

Plattform Internet

Facebook ass definitiv d'Plattform, déi d'rietsextrem Zeen zu Lëtzebuerg benotz fir sech auszetauschen a fir Leit ze rekrutéieren, esou de Maxime Weber. De Blogger verweist op d'Facebook-Säit "I Love my Lëtzebuerg", déi ënnert anerem vum Dan Schmitz moderéiert gëtt, e Mann, dee viru kuerzem nach wéinst Opruff zum Haass viru Geriicht stoung.

D'Method wier esou: am Ufank géingen Artikelen mat harmlosem Inhalt iwwert Lëtzebuerg publizéiert ginn, fir de Patriotismus an de National-Houfert bei de Leit ze stimuléieren. Duerno géingen lues a lues Artikele publizéiert ginn, zum Beispill iwwert Iwwerfäll oder iwwert d'Migratioun. Dës Artikelen, dacks aus dem Kontext gerappt, géinge Leit wéi den Dan Schmitz dann mat suggestive oder eendeiteg rietsextreme Meenunge kommentéieren. Domadder géing een d'Hemmschwelle bei anere Leit ofbauen an se encouragéieren esou Haass-Kommentaren zouzestëmmen.

Pegida Lëtzebuerg?

Datt et zu Lëtzebuerg keng Beweegung wéi Pegida gëtt, féiert de Maxime Weber op e puer Ursaachen zeréck:

  • Lëtzebuerg hätt eng staark Konsens-Gesellschaft, déi net onbedéngt rietsextrem Tendenzen géing zouloossen.
  • Zu Lëtzebuerg géing et en historescht Bewosstsinn ginn. Well vill Famillje ënnert de Nazien am zweete Weltkrich gelidden hunn, géige nationalsozialistesch Iddien op Oflehnung stoussen.
  • Zu Lëtzebuerg wier een den Ëmgang Auslänner méi gewinnt wéi an anere Länner.
  • D'riets Zeen zu Lëtzebuerg wier kleng, zersplittert an hätt keng Féierungspersounen.

Den Interview vum Mathias Kirsch mam Maxime Weber: