Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Kaffee Aus Der Küche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rifkin Etude: Wéi ëmsetzen?

Wuesstem

Rifkin Etude: Wéi ëmsetzen?

Wéi kann déi Drëtt Industriell Revolutioun bis 2050 hei zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn? Dorëm geet et an der strategescher Etude, déi den Jeremy Rifkin de 14. November virun 800 Leit presentéiert huet. Den US-Ekonomist hat viru gutt engem Joer vun der Lëtzebuerger Regierung an der Handelskammer den Optrag kritt, fir eng nei Wirtschaftsstrategie fir Lëtzebuerg auszeschaffen. Wou soll Lëtzebuerg hi steieren?

auto_stories

5 min

Michel Wurth, Christian Scharff, Jeremy Rifkin, Etienne Schneider

Den Jeremy Rifkin huet seng Etude iwwer déi Drëtt Industriell Revolutioun de 14. November virun 800 Leit an den Foireshalen um Kierchbierg presentéiert. Den US-Ekonomist hat viru gutt engem Joer vun der Regierung an der Chambre de Commerce den Optrag kritt, fir eng nei Wuesstemsstrategie fir de Grand-Duché auszeschaffen - fir e Präis vu ronn 425.000 Euro.

De Modell baséiert op der Digitaliséierung vun der Ekonomie: D'Wirtschaft soll méi connectéiert a méi kompetitiv ginn. Dëst, fir e méi qualitative Wuesstem zu Lëtzebuerg z'erreechen. Ausgeschafft gouf eng detailléiert Etude vu 475 Säiten. Iwwer 300 Fräiwëlleger aus verschiddene Beräicher haten hir Iddie während zéng Méint an themateschen Aarbechtsgruppe bäigesteiert.

Sozial Dimensioun am Zentrum

Lëtzebuerg soll zum éischte Land ginn, an deem déi intelligent gréng Drëtt Industriell Revolutioun ëmgesat gëtt, huet den Jeremy Rifkin bei der Presentatioun vu senger Etude betount. D'EU an d'Welt géifen elo a Richtung Lëtzebuerg kucken an de Grand-Duché misst weisen, wat e kéint produzéieren, esou den US-Ekonomist. Et wier wichteg, datt déi sozial Dimensioun am Zentrum vun dëser Industrieller Revolutioun géif stoen. "Schaaft eng nei digital Infrastruktur, déi neie Business an nei Aarbechtsplazen fir dat 21. Joerhonnert ka schafen", huet de Wirtschaftsexpert gefuerdert. Dëst wier méiglech, wann d'Regierung, d'Zivilgesellschaft, d'Geschäftswelt an déi akademesch Welt géifen zesummen halen.

National Plattform

De Regierungsrot huet schonn den 11. November, also e puer Deeg virun der Presentatioun vun der Rifkin-Etude, den eng Rei vu Mesuren, fir d’Ëmsetze vun der geplangter Revolutioun geholl. Dem Etienne Schneider no géif Lëtzebuerg zum Beispill en Energie-Internet kréien. Dëst, esou d'Erklärung vum Wirtschaftsminister, andeems een d'Kommunikatiouns- an Energienetzer géif openeen ofstëmmen. Dernieft wéilt een d'Elektromobilitéit fërderen an op enger digitaler Plattform zesummebréngen. D'Zil wier et, fir de Verkéier zum Beispill duerch eng besser Auslaaschtung vun de Gefierer an de Grëff ze kréien. A punkto Infrastruktur missten d'Gebaier nieft der Energieeffizienz nach weider Kritären, wéi d'Nohaltegkeet, d'Intelligenz an d'Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft respektéieren.

De Wirtschaftsminister huet iwwerdeems betount, d'Mesurë vun der Drëtter Industrieller Revolutioun kéinten nëmmen dann ëmgesat ginn, wann hire Finanzement assuréiert wier. Aus deem Grond géif eng Lëtzebuerger Plattform fir de Finanzement vun der nohalteger Entwécklung geschaaft ginn.

Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung

Den Haaptpartner vun der Regierung fir déi nei national Strategie auszeschaffen, war d’Handelskammer. Dem Generaldirekter Carlo Thelen no, wéilt een de Memberbetriber esou vill wéi méiglech bei de geplangte Changementer hëllefen - bei der Digitaliséierung, der Energietransitioun oder bei den neie Businessmodeller. Lëtzebuerg hätt eng gutt Startpositioun, fir datt d’Ëmsetze vum neie Wirtschaftsmodell gelénge kéint. D'Rifkin-Etude wier wéi eng grouss Geschirkëscht mat villen innovativen Iddien, déi géifen hëllefen, fir d'Zukunft ze preparéieren, esou de Carlo Thelen. Et wieren am Kader vun der Etude vill Virschléi gemaach ginn: D'Ënnerstëtzung vu Start-Upen, d'Fërderung vum Finanzwësse vun der Zivilgesellschaft, oder d'Assuréiere vun enger fairer Konkurrenz duerch d'Reglementéierung vu Finanz- a Mobilitéitsdéngschtleeschtungen. "Dat ass wichteg, fir datt jiddereen ee fairen Undeel zu de sozialen a fiskalen Obligatiounen dréit. An awer och zum Aarbechtsrecht.

Dem President vun der Handelskammer Michel Wurth no, wäert déi Drëtt Industriell Revolutioun Changementer fir d'Aarbechtswelt mat sech bréngen. D'Leit, a besonnesch Jonker missten an den neien Déngschtleeschtunge forméiert ginn. Dernieft misst ee sech bewosst sinn, datt 70 Prozent vun deenen, déi am Grand-Duché géife schaffen, net de Lëtzebuerger Pass hätten. "Onse Problem gëtt éischter: Wou fanne mir déi richteg Leit a wéi kënnen och déi jonk Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, an den neie Prozess mat erakommen

E wäite Wee

De Grupp Encevo - fréier Enovos - ass Partner vun der Rifkin-Etude. De Grupp huet annoncéiert, e wéilt och an Zukunft an innovativ Léisungen investéieren. Et wier wichteg, mat Hëllef vun der Etude en Iwwerbléck iwwer dat ze kréien, wat op een zoukomme géif, huet de Generaldirekter vum Energiekonzern Jean Lucius ënnerstrach. Et géife vill Changementer kommen - ob Digitaliséierung, Mobilitéit oder Energie. Dofir wier et wichteg, datt d'Regierung Plattforme lancéiert hätt, fir sech mat dësen Entwécklungen auserneen ze setzen. Elo missten d'Iddie vun der Drëtter industrieller Revolutioun ëmgesat ginn.

Dat wier awer nach e wäite Wee, huet de Managing-Direkter vun der POST, de Claude Strasser betount. Wichteg bei der Implementatioun wieren d’Informatiouns- a Kommunikatiounsinfrastrukturen. Lëtzebuerg wier an deem Beräich ganz vir an hätt déi néideg Infrastrukturen, fir eng Digitaliséierung z'assuréieren. Elo missten déi Infrastrukturen esou genotzt ginn, datt ee kéint Servicer dorausser produzéieren.

"Net politiséieren"

Dem President vun der Federatioun vun den Entreprisen Nicolas Buck no, wier et eng gutt Nouvelle, datt ee quasi 40 Joer laang Zäit hätt, fir d’Mesurë vum geplangten neie Wirtschaftsmodell ëmzesetzen. "Wichteg ass, datt mir dat au fur et à mesure maachen, mat enger Gesamtvisioun." Déi Drëtt Industriell Revolutioun, dat wier een ambitiéise Projet - elo géif et un der Gouvernance an der Implikatioun leien, fir datt de Projet géif geléngen.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider hofft, datt all Acteure probéieren, beim Ëmsetze vun den Iddien aus der Rifkin-Etude matschaffen. Et wier wichteg, datt de Projet net géif politiséiert ginn an datt zesumme géif probéiert ginn, fir Léisungen ze fannen. "Net alles wat do dra steet, wäert duerno ëmgesat ginn. Net alles, wat do dra steet, wäert jidderee fir gutt befannen. Mee et ass eng Basis fir ze diskutéieren."

Dem Etienne Schneider no, soll et Mëtt 2017 eng Chamber-Debatt zum Thema neien nohaltege Wirtschaftsmodell fir Lëtzebuerg ginn: Mat dann enger Rei vu weideren Entscheedungen. Am Virfeld dovu soll et eng méiglechst breet Debatt ginn - mat der Oppositioun an de Gewerkschaften. Mee och déi jonk Leit solle mat agebonne ginn, esou de Wirtschaftsminister. Schliisslech géif et ëm déi nächst Generatioune goen.