Radioen

On air

Tockcity  |  Babe Rainbow - Obsession

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rifkin-Etude: E Paradigmewiessel?

Wuesstem

Rifkin-Etude: E Paradigmewiessel?

D'Rifkin-Etude ass guer net esou innovativ, wéi een op den éischte Bléck kéint mengen a Villes gouf schonn an der Vergaangenheet thematiséiert. War et néideg, e bekannten Ekonomist deier ze bezuelen, freet de Laurent Moyse am fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Déi drëtt industriell Revolutioun ass um Lafen. De 14. November huet den amerikaneschen Ekonomist Jeremy Rifkin zesumme mam Wirtschaftsminister an anere féierende Wirtschaftsacteuren eng Etude virgestallt, déi Lëtzebuerg mëttel- oder laangfristeg am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung nei opstelle soll. D'Digitaliséierung vun eiser Ekonomie - an doriwwer eraus vun eisem Gesellschaftssystem -soll dank der Entwécklung vun den neien Technologien d'Zukunft vun eisem Land op déi richteg Bunn bréngen. Si soll eis hëllefen, eis Ressourcë méi effizient ze gebrauchen a méi ëmweltfrëndlech domat ëmzegoen.

Dee Message dierft zu Lëtzebuerg kaum op Widdersproch falen. Och wa vill Bierger Problemer hunn, hire Liewensstil z'änneren a méi nohalteg ze denken, liicht et deene meeschten an, datt mir eisen alldeegleche Konsumdrang ännere mussen. Dëst, fir datt eist Land muer nach eng uerdentlech Liewensqualitéit bidde kann.

D'Etude Rifkin huet de Virdeel, datt Lëtzebuerg duerch eng global Analyse beliicht gëtt - mam Zil, e Wee virzeschloen, wéi ee verantwortlech an d'Zukunft investéiere soll. Een zweete positiven Aspekt vun dëser Etude besteet doran, datt sech Aarbechtsgruppen am Virfeld mat deenen eenzelen Themefelder ausernee gesat hunn: An dësen Aarbechtsgruppe souze Leit, déi Lëtzebuerg gutt genuch kennen. Si kënnen deemno net verdächtegt ginn, ee realitéitsfriemen Zeenario z'entwerfen.

Guer net esou innovativ

Esou eng pragmatesch Approche fënnt een effektiv am Rifkin-Rapport erëm, wat allerdéngs och e bësse seng Schwächt ausmécht. Vill Froen, déi do ugeschnidde ginn, a vill Léisungen, déi virgeschloe ginn, goufen zu Lëtzebuerg schonn an der Vergaangenheet thematiséiert. Et fënnt ee si usazweis an der Rifkin-Etude erëm. An esou gëtt een den Androck net lass, datt dem Rifkin säi Konzept guer net esou innovativ ass, wéi en op den éischte Bléck schéngt. Bekannten Iddie ginn deelweis nei opgegraff a systematiséiert.

Et geet am Rapport zum Beispill Rieds vun Nischepolitik - eng Iddi, déi zu Lëtzebuerg net nei ass, mee anescht agepaakt gëtt. Ob et dofir néideg war, e bekannten Ekonomist deier ze bezuelen, sief dohigestallt. Allerdéngs dréit seng Ënnerschrëft dozou bäi, datt d'Etude genuch Opmierksamkeet kritt an an der Ëffentlechkeet breet diskutéiert gëtt.

D'Fro vun der Implementatioun

Ob dem Rifkin säi Plang opgeet, hänkt virun allem vum politesche Wëllen of. An der Vergaangenheet si scho méi dacks Etudë mat vill Gedeessems virgestallt ginn, fir duerno erëm an engem Tirang ze verschwannen. Verschidde Problemer schleefe mir scho joerzéngtelaang, ouni eng richteg Léisung ze fannen.

Beispill Landesplanung : D'IVL-Strategie, déi virun enger Dose Joren entstanen ass fir Lëtzebuerg aus dem Mobilitéitschaos erauszebréngen, ass ni richteg duerchgezu ginn. Och déi sektoriell Pläng, déi vun der aktueller Regierung opgeschafft sollte ginn, si gescheitert. Een anert Beispill ass de Wunnengsmaart: D'Lag ass esou verfuer, datt all déi nei Mesuren, déi opgedëscht ginn, nëmme begrenzt Wierkung weisen.

Virtuell drëtt industriell Revolutioun?

D'Fro ob dem Rifkin säi Plang e Paradigmewiessel bedeite wäert, steet am Moment nach an de Stären. Den historesche Recul feelt, fir ze beurteelen, op een déi aktuell Zäit tatsächlech als drëtt industriell Revolutioun bezeechne kann. Wuel bréngt d'Digitaliséierung grouss Changementer an eist Liewen: Si vereinfacht d'Kontakter, acceleréiert den Informatiounsfloss a mécht nei Dieren op fir Innovatiounen. Mee vill Hürde bleiwen awer nach bestoen, wéi zum Beispill Bürokratie, komplex Aarbechts- a Rechtsprozeduren a muenchmol och mënschlecht Versoen.

Digitaliséierung gëtt keng Äntwert op déi ëmmer méi grouss Zuel vu Leit, déi sech onwuel an der Gesellschaft fillen, déi mat hirem Liewen net eens ginn, oder no neie Repèrë sichen. Vläicht erliewe mir aktuell éischter eng virtuell drëtt Revolutioun - woubäi mir eis dem Risiko aussetzen, datt mir eis an Zukunft vun de Problemer vun der reeller Welt ofkapselen an eis domat aus der Verantwortung vum kollektive Wuelstand zéien.