Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  JW Francis - Orbit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsembildung : Keen Dementi

Zwee Joer Blo-Rout-Gréng

Regierungsembildung : Keen Dementi

Informatioune vum radio 100,7 a vum Feierkrop no, soll d’Maggy Nagel deemnächst d’Regierung verloossen. De Premier Xavier Bettel (DP) huet dat an der Emissioun Riicht Eraus net dementéiert.

auto_stories

3 min

De Premier Xavier Bettel war dësen 12. Dezember Invité a Riicht Eraus

D’Kultur- a Logementsministesch Maggy Nagel (DP) wier "haut nach ëmmer vollwäertege Member vun dëser Regierung" a si géif "säi vollt Vertraue genéissen". Wann d’Maggy Nagel deemnächst annoncéiere géif, datt si ophale wëll, wier dat hir Decisioun an net dem Premier seng. “Wa si eng Decisioun hëlt, kritt Dir déi matgedeelt”, esou de Xavier Bettel an der Emissioun Riicht Eraus.

Déi liberal Ministesch krut am Fréijoer de Staatssekretär Marc Hansen un d’Säit gesat fir d’Defien am Logement unzegoen. Rezent war si an de Schlagzeile well si engem Komiker säi Witz iwwer Lëtzebuerg doudeescht geholl huet.

D’Fro, wéi a wéini d’Regierungsembildung matgedeelt gëtt, leeft 100,7-Informatiounen no an der DP op Héichtouren. Wéi et heescht, gëtt et nach keng definitiv Léisung, wien d’Maggy Nagel soll ersetzen. Dem Feierkrop no kënnt den Ost-Deputéierte Lex Delles a Fro. Och aner Szenarie ginn nach envisagéiert. Den neien DP-Generalsekretär Marc Ruppert sot am Interview am Lëtzebuerger Wort, "sou wéi hien dat gesäit", wier eng Regierungsembildung "fir den Ament an der DP keen Thema".

Steierreform : “Keen Interessekonflikt”

De Xavier Bettel huet donieft d’Erwaardungen un déi geplangte Steierreduktioune gebremst : 500 Milliounen Euro Steiererliichterunge, sou wéi se 100,7-Informatiounen no bis viru Kuerzem an den koalitiounsinternen Aarbechtsgruppen am Gespréich ware, wier kee realisteschen Szenario. Net averstan ass de Regierungschef mat der Kritik, datt den Alain Kinsch engem Interessekonflikt ausgesat wier well de Member vum Staatsrot a Chef vum Consultant EY Lëtzebuerg an deenen Aarbechtsgruppe matschafft. “Ech si frou wann ech Experten hunn déi an hirer Fräizäit bereet si fir un esou Projete matzeschaffen”, esou de Staatsminister.

Datt d’Verméigenssteier fir Betriber mat vill Kapital reduzéiert soll ginn, géif nëmme “4-5 Betriber” concernéieren. Déi Betriber géife riskéiere fort ze goen. Nimm huet de Premier mat Verweis op d’Steiergeheimnis net genannt.

“Burka-Diskussioun war net opportun”

“Ech wëll net dat éischt EU-Land sinn, dat sech en anti-muslimescht Gesetz gëtt”, sot de Premier Xavier Bettel iwwert en eventuellt Verbuet vun der Burka. Et géife genuch “Mëller” ginn, déi eng Ursaach géife siche fir Doten a verschidde Länner ze maachen. Et wier och net opportun fir d’Diskussioun iwwer d’Burka mat der Diskussioun iwwer d’Flüchtlingscrise an Terrorismus ze vermëschen.

Bei der Verschäerfung vun de Sécherheetsmesuren hätt hien eng Responsabilitéit géigeniwwer der Allgemengheet. Hien deelt dofir eegenen Aussoen no net d’Meenung vum Stefan Braum. Den Doyen vun der Droits-Facultéit vun der uni.lu hat de 5. Dezember a Riicht Eraus kritiséiert, virun allem d’Fräiheete géifen um Altor vun der Sécherheet geaffert ginn.

D’Lëtzebuerg EU-Presidence wier net einfach gewiescht, sou de Xavier Bettel. D’Agenda vun de politesche Prioritéite wier duerch d’Aktualitéit “ëmmer erëm court-circuitéiert” ginn, ënnert anerem duerch Terrorismus, d’Flüchtlings- an d’Griichelandkris, d’Ukraine oder ee méiglechen EU-Austrëtt vu Groussbritannien.