Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referendumscampagne ouni Verfassungsdebatt?

Verfassungsreform

Referendumscampagne ouni Verfassungsdebatt?

auto_stories

2 min

Den Historiker Michel Pauly an d'Juristin Véronique Bruck.

Nieft der Fro nom Auslännerwahlrecht hätt een am consultative Verfassungsreferendum nach weider grondsätzlech Froe misse stellen, sou den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg Michel Pauly de Mëtten an eiser Emissioun Riicht Eraus. Als Beispill huet hien d’Fro no der Monarchie genannt.

De Choix vun den dräi Froe vum Referendum de 7. Juni hätt zur Konsequenz, dass et keng Debatt iwwer d’Verfassungsreform als Ganzt gëtt, sou d’Véronique Bruck. D’Juristin bedauert, dass am Kader vun der Reform net geplangt ass, de Bierger d’Recht ze ginn d’Verfassungsgeriicht (respektiv déi zukënfteg Cour Suprême) ze saiséieren. Dat kéint dozou bäidroen, dass eng Verfassungskultur entsteet. D'Politiker wieren net dru gewinnt, dass si net de Monopol vun der Interpretatioun vun der Verfassung hätten.

Et war net d’Intentioun vun der Chamber, fir eng ambitiéis nei Verfassung auszeschaffen, déi gréisser gesellschaftlech Diskussioune verlaangt hätt, mengt de Michel Dormal. D’Bierger kéinten zwar elo um Chambersite “Referendum.lu” Proposë fir zousätzlech Ännerungen un der Verfassung maachen. De Politikwëssenschaftler vun der Uni Tréier hält déi Offer awer fir improviséiert a geet awer net dervun aus, dass deene Proposë Rechnung gedroe gëtt.

De Romain Hilgert huet sengersäits prinzipiell kritiséiert, dass d’Internetforume kee gutt Instrument sinn, fir eng kohärent Verfassungsdebatt: ëmmerhi géif et dobäi net just ëm Idealer, mee och ëm dat politesch Kräfteverhältnis tëscht Interessegruppe goen. Dass d'Regierung verstärkt wëll op Referendume setzen, géif et erméiglechen aner gesellschaftlech Acteuren z'iwwergoen, sou de Chefredakter vum Lëtzebuerger Land.