Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baisse vum Rendement no "verrécktem Joer 2014"

Pensiounsreserve 2015

Baisse vum Rendement no "verrécktem Joer 2014"

De Kompensatiounsfong, deen déi ëffentlech Pensiounsreserve geréiert, war d'lescht Joer manner rentabel. Op d'mannst wann ee mam gesetzlech fixéierten Zil vergläicht. Am Verglach mat der Croissance vun de Léin an der Inflatioun awer duerchaus, fënnt de President vum Fong Robert Kieffer.

auto_stories

3 min

Robert Kieffer

De Gros vum Kompensatiounsfong gëtt op den Aktien- an Obligatiounsmäert investéiert. De Fong ass d'lescht Joer op 16,5 Milliarden Euro gewuess, ee Plus vun 926 Milliounen Euro. De Rendement ass dogéint ëm 7 Prozentpunkte gefall, op 3,5%. Dat ass manner wéi déi 3,8%, déi d'Gesetz als d'Zil festsetzt.

"Dat ass awer elo mëttelfristeg ze kucken", sot de Robert Kieffer, President vum Kompensatiounsfong am Gespréich mam Pierre Reyland. "De Rendement muss méi héich si wéi d'Croissance vun de Léin an d'Inflatioun", déi bei 0,5% respektiv 0% louchen. Des weidere wier 2014 ("ee verréckt Joer") op de Finanzmäert besonnesch rentabel gewiescht.

"Wat solle mer soss maachen?"

"An esou Placementer ass eng extrem Volatilitéit", sou de Robert Kieffer. "Dir hutt iwwerhaapt keng Certitude, wat vun engem Joer op dat anert lass ass". Sou wier et "absolut onméiglech" fir dëst Joer eng Prognose ze maachen. An awer gesäit de President vum Fonds de compensation keng Alternativ: "wat solle mer soss maachen?" D'Diversifikatioun vun de Placementer wier nach déi eenzeg Sécherheet, déi een hätt.

De Robert Kieffer schwätzt vun enger "onheemlecher Chance, datt mer d'Reserve konnten accumuléieren", déi zu engem Véierel aus dem Rendement vu Placementer géif bestoen. Unhand vun deene Sue kéint een eng kuerzfristeg Kris iwwerbrécken.

Pensiounsuspréch klamme méi séier wéi Bäiträg

De Pensiounssystem wier laangfristeg nëmmen ze finanzéieren, wann d'Zuel vun de Pensionéierten net méi séier klëmmt wéi d'Zuel vun de Bäitragszueler. An dat géif erëm vun der Entwécklung vun der Wirtschaft ofhänken, sou de geléierte Mathematiker.

An de leschten 30 Joer hätt den Undeel vun de Bäiträg bei 24% geleeën, 20-22% wieren an där Zäit a Form vu Pensiounen ausbezuelt ginn. De Rendement wier en zousätzleche Këssen. Allerdéngs géifen d'Pensiounsuspréch méi séier klammen. "Menge Schätzungen no wäerte mer Ufanks 2020-21-22 un déi 24% erukommen". Mee dat kéint all Joer e bëssen änneren.

2028 kéint, dem Robert Kieffer no, de "Zenith" vun der Pensiounsreserve erreecht ginn. "Wann dono dann näischt geschitt an et geet alles d'nämmlecht weider, da wäerte mer ufänken an d'Reservë puiséieren ze goen". Grondsätzlech hält de Robert Kieffer dësen Ëmlagesystem fir dee beschten, virausgesat e gëtt ugepasst. Perséinlech wier hien der Meenung, et sollt een d'Rentereserven ni iwwert de Kapitaliséierungssystem finanzéieren.