Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles am grénge Beräich

Bourse Lëtzebuerg

Alles am grénge Beräich

Déi lëtzebuerger Bourse ass Virreider bei de Green Bonds. Vun den 200 Obligatiounen, déi a Klimaprojeten investéieren, ass d’Halschecht hei am Land kotéiert. De Robert Scharfe, de Generaldirekter vun der Bourse, ass zefridden iwwert d’Pionéieraarbecht déi säin Haus geleescht hätt a kënnt och op d'Konkurrenz an der grénger Finanz ze schwätzen.

Christian Welter

auto_stories

4 min

Robert Scharfe: "Et war e grousst Evenement fir eis, wéi mer d'Cotatioun vun deem 100. Green Bond geféiert hunn"

De Robert Scharfe seet datt déi lëtzebuerger Bourse net op d’Klimakonferenz Enn 2015 zu Paräis gewaart hätt fir am Beräich vun de Green Bonds aktiv ze ginn, och wann zanter hier e Schock duerch d’Finanzwelt gaang an déi grouss Boursen erwächt wieren.

“Et war e grousst Evenement fir eis, wéi mer d'Cotatioun vun deem 100. Green Bond geféiert hunn, wann ee bedenkt, datt et weltwäit just 200 där Obligatioune ginn. Dat heescht och, datt mer dee Secteur initiéiert hunn mat der Europäescher Investitiounsbank, déi 2007 deen éischte Green Bond emettéiert hat, an elo och deen honnertesten.”

Fir de Robert Scharfe ass dat hei e gutt Beispill derfir, datt déi international Finanzwelt, d'Realeconomie an de Wuel vum Bierger – well d’Klima jidderee géif concernéieren – gutt zesumme passen. D'Bourse wier am Allgemenge souwisou keng Plaz fir d’Spekulanten, och wann där do wieren. "Eng Bourse ass eng Plaz wou d’Entreprisen sech finanzéiere fir hir Entwécklung, hir Investitiounen a fir d’Schafe vun Aarbechtsplazen ze finanzéieren. An och fir op de Marchéen neit Kapital bei den Aktionären opzehuelen an dofir och am Interêt vun der Allgemengheet ze investéieren."

D'Innovatioun huet Traditioun

Wéi et éischt Zeeche goufen, datt déi chinesesch Devise sech géing internationaliséieren, an also och baussent China géif gebraucht ginn, wier Lëtzebuerg eent vun den éischte Länner gewiescht dat sech dofir intresséiert hätt. Déi lëtzebuerger Bourse hätt sech op de Kapitalmäert ëmgekuckt an deemools déi éischt Obligatioun a chinesescher Devise baussent China hei am Land kotéiert, seet de Robert Scharfe. Dat hätt och aner Emetteuren ugezunn, dowéinst hätt déi lëtzebuerger Bourse haut och esou e grousse Maartundeel an deem Beräich.

"Déi Situatioun ass fir eis normal, well de Service dee mer liwweren, praktesch eenzegaarteg ass. Aner Boursë kënnen zwar och liwweren, mee de Service, dat heescht d’Transparenz déi mer bidden, ass e wichtegt Element." Datt déi Frankfurter Bourse mat där vu Shanghai zesumme schafft, wier keng Konkurrenz fir Lëtzebuerg, well de Marché vun der chinesescher Devise, dem Renminbi enorm grouss wier, esou de Robert Scharfe.

 E Brexit schlecht fir Europa

Um Enn wier et de Wieler dee géif decidéieren, ob Groussbritannien an der Europäescher Unioun bleift oder net, mee et misst een oppasse wéi vill Exceptiounen een an der EU wéilt schafen. Déi ganz Diskussioun ëm de Brexit hätt awer och gewisen, datt et ze vill Bureaukratie gëtt. Dowéinst sollt een dat reglementéiere wat néideg ass a méi net, seet de Robert Scharfe. Fir hien ass et kee Wonner, datt bei den EU-Bierger eng gewësse Middegkeet ze spiere wier, well deen Eenzelne säi Merite net méi géif an deem Ganze gesinn.

Am Fall vun engem Brexit géifen et kuerz a laangfristeg Konsequenze ginn. "Kuerzfristeg kéint een dervun ausgoen, datt eng Rei Gesellschaften hier Aktivitéiten op de Kontinent wäerte verlageren. De Kontinent ass grouss, a Lëtzebuerg gehéiert och dozou, mat de Spezifizitéite vu senger Finanzplaz. Dowéinst géing ech och net ausschléissen datt eng Partie Aktivitéiten op Lëtzebuerg kommen", sou de Generaldirekter vun der Bourse.

Laangfristeg awer géing e Brexit Europa méi schwaach maachen, ënner anerem wat d’Finanzfluxen ugeet. Europa dierft op kee Fall e "Club à la carte" gi wou jiddereen sech säi Menu eraussicht. Ass dat de Fall, reduzéiert d’EU sech op eng Wirtschaftsunioun, seet de Robert Scharfe.