Radioen

On air

Notturno  |  Oddisee - Hard To Tell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Brauchen e performant Naturschutzgesetz"

natur&ëmwelt

"Brauchen e performant Naturschutzgesetz"

De Roby Biwer, President vu natur&ëmwelt a Member vum Gemengerot vu Beetebuerg (LSAP), ass éischter zefridde mat der Ëmweltpolitik vun der Regierung. Mee, et gëtt senger Meenung no awer och Verbesserungsbedarf – bei den Themen Naturschutzgesetz a Glyphosat zum Beispill. Dat ass och beim Kongress vu sénger ASBL den 12. Mäerz thematiséiert ginn. An och wat dat ekologescht Engagement vu senger Partei ugeet, ass de Roby Biwer kritesch.

Christiane Kleer

auto_stories

4 min

Roby Biwer: "Ech fille mech an der LSAP ganz glécklech, ech konnt vill beweegen, och am Naturschutz"

Zanter gutt zwee Joer ass de Roby Biwer, dee fir d'LSAP zu Beetebuerg am Gemengerot setzt, President vun der ASBL natur&ëmwelt. Ongeféier genau sou laang schonn ass zu Lëtzebuerg eng gréng Partei mat an der Regierung. Zwar wier och an de viregte Regierunge scho vill a Saachen Ëmwelt ënnerholl ginn, seet hien, et wier awer och festzestellen, datt d'Ministesch Carole Dieschbourg an och de Staatssekretär Camille Gira "mat vill Häerzblutt an Energie" engagéiert wieren. "Ech denken, datt mir um Enn vun dëser Legislaturperiod e puer grouss Schrëtt no vir wäerte gemaach hunn", sou de Roby Biwer am Interview beim Mick Entringer.

Allerdéngs ass natur&ëmwelt net mat allem zefridden. Am Fuerderungskatalog, deen aus dem Kongress vum 12. Mäerz ervir geet, bedauert d'ASBL ënner anerem, datt dat neit Naturschutzgesetz nach ëmmer net an der Chamber deposéiert ginn ass. Dem Roby Biwer sengem Informatiounsstand no "ass nach net alles sprochräif". "Eise Wonsch ass ganz kloer, datt dat Gesetz virun der grousser Vakanz gestëmmt gëtt. Mir brauchen e performant Naturschutzgesetz", sou de Roby Biwer. 

Diskussioun iwwer Glyphosat "symbolesch"

Och op europäeschem Niveau ass nach vill ze dinn, fënnt de President vu natur&ëmwelt, zum Beispill am Dossier vun de Pestiziden. Schonn d'lescht Joer hat natur&ëmwelt zesumme mat Greenpeace en Opruff gemaach "fir ze soen, datt mir een Aktiounsplang brauchen, an deem kloer definéiert gëtt, wat nach vu Pestiziden dierf gebraucht ginn a wat net". "Mir bedaueren datt dee Plang, dee mer vum Landwirtschaftsministère a vum Ëmweltministère versprach kritt hunn, nach ëmmer net do ass", sou de Roby Biwer.

Do mat eran spillt och d'Diskussioun ronderëm de Glyphosat. Lëtzebuerg hat sech jo rezent op europäeschem Niveau enthal wéi et drëm gaang ass, deen ëmstriddenen Herbizid weider ze autoriséieren. Vill EU-Memberstaten haten sech dogéint ausgeschwat, um Enn war de Vote verluecht ginn. Den 18. Mäerz soll nach ee Mol zu Bréissel iwwer de Glyphosat diskutéiert ginn. 

"Ewech vun héichindustrieller Landwirtschaft"

Den Dossier Glyphosat ass "symbolesch", seet de Roby Biwer. Do géif ee spieren, datt grouss Konzerner a Lobbyen sech enorm asetze fir hir Produkter um Marché ze behalen. "Och wa Konzerner mengen, si géife vill Sue verléieren, d'Gesondheet vum Mënsch ass méi wichteg". Lëtzebuerg hätt sech méi kloer fir ee Verbuet missten ausschwätzen, seet de President vu natur&ëmwelt am Interview beim Mick Entringer.

De Roby Biwer fënnt och, datt an der Landwirtschaft e Paradigmewiessel gebraucht gëtt, "ewech vun der héichindustrieller, intensiver Landwirtschaft". "Wa mer dat net an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg fäerdegbréngen, da weess ech net wéi mer et soss an Europa solle fäerdegbréngen". Et misste Weeër zesumme mat de Bauere gesicht ginn. D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO hat Glyphosat als "wahrscheinlech kriibserregend" agestuuft, déi europäesch Liewensmettelagence EFSA geet hirersäits dovun ass datt d'Mëttel "wahrscheinlech net kriibserregend ass". 

LSAP net ekologesch genuch

Wat deen ekologeschen Engagement vu senger eegener Partei ugeet, an där hien zanter Ugangs de 1990er Joere Member ass, seet de Roby Biwer: D’LSAP ass net ökologesch genuch.  Dat géif awer och fir all déi aner grouss Parteien zu Lëtzebuerg gëllen, esou sot de Roby Biwer. "Ufanks de 1990er Joere gouf et zu Beetebuerg keng gréng Partei. Wéi et ausgaang wier, wann et eng gi wier, weess ech net, mee ech fille mech an der LSAP ganz glécklech, ech konnt vill beweegen, och a mengem Dada, dem Naturschutz", sou de Roby Biwer, bei deem, eegenen Aussoen no "dat gréngt Häerz nieft deem roude schléit".

De President vun der ASBL natur&ëmwelt a fréiere LSAP-Buergermeeschter vu Beetebuerg regrettéiert och, datt et bei der geplangtener Steierreform net méi ökologesch Akzenter ginn. Hie begréisst bei der Steierreform awer, datt et eng Ëmverdeelung vum Räichtum vun uewen no ënne géing ginn.