Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Edsun - Blue Detainee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Institutioun, déi stéiert

Finanzpolitik

Eng Institutioun, déi stéiert

De President vum "Nationale Rot fir déi Ëffentlech Finanzen" (CNFP) Romain Bausch plaidéiert fir eng méi ambitiéis Budgetspolitik. Hie gëtt och ze verstoen, datt een onofhängege Gremium wéi den CNFP et an engem klenge Land net sou einfach huet, fir sech mat méi kritesch Positioune bei der Politik Gehéier ze verschafen.

auto_stories

2 min

"Et ass net déi richteg Zäit fir Defiziter ze fueren", sou d'Warnung vum Romain Bausch, President vum Nationale Rot fir déi Ëffentlech Finanzen, de Moien hei op der Antenn. D'Wirtschaft géif aktuell méi staark wuessen. Dowéinst wier et besser, wann d'Regierung den Ament eng méi ambitiéis Budgetspolitik géif maachen.

Aus Perspektiv vun der Onofhängeger Institutioun wier dowéinst eng budgetsneutral Steierreform méi ubruecht, ewéi déi geplangte Steiererliichterungen. D'Finanzpolitik misst de Wirtschaftszykle Rechnung droen, betount de Romain Bausch: "Wann et ganz gutt geet, soll een am Fong Reserven uleeën."

Kohärenz fehlt

Déi nei Budgetsprevisioune vun der Regierung implizéieren ënnert anerem, datt d'Nohaltegkeet vun de Finanze just garantéiert ass, wann d'Bevölkerung an den Emploi staark wuessen. Mee wa bis 2046 eng Millioun Leit zu Lëtzebuerg solle liewen, da misst deementspriechend staark an d'Infrastrukturen investéiert ginn, sou den CNFP-President. Dat géif awer net geschéien. Den CNFP fuerdert dowéinst, datt all dës Froen zesumme gekuckt gi fir eng kohärent Politik z'erméiglechen.

Den CNFP gesäit iwwerdeems de Risiko, dass d'Staatsschold séier klëmmt, wann déi wirtschaftlech Entwécklung manner positiv ass, wéi d'Regierung et viraussetzt. Déi aktuell Finanzpolitik géif de Spillraum erof setzen, fir op economesch Schocken ze reagéieren. Esou ee Schock kéint zum Beispill ee Brexit ausléisen, sou de Romain Bausch.

Hie bedauert an dem Kontext, datt et zu Lëtzebuerg keng eegen Etudë ginn, iwwer den Impakt op déi Lëtzebuerger Economie vun engem eventuellen EU-Austrëtt vu Groussbritannien. De President vum CNFP fënnt, dass d'Regierung fir hir Budgetspolitik allgemeng net genuch op d'Analys vu verschiddenen Zenarien zréck gräift. Dem Romain Bausch no, misst ee kucke wéi déi Lëtzebuerger Economie a wéi d'Finanzen op dat eent oder dat anert wirtschaftlecht Evénement reagéieren.

Just eng "punktuell Meenung"?

D'Analys vum CNFP, datt méi eng ambitiéis Budgetspolitik néideg wär, huet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger am 100,7-Interview als "eng punktuell Meenung" bezeechent. Déi kritesch Positioune vum CNFP komme bei de Politiker net sou gutt un, huet de Romain Bausch ze verstoe ginn: "Mir mierken dat alleguer als Membere vum Conseil ganz gutt, dass et eng Institutioun ass, déi bëssi stéiert."

Dobäi wier d'Situatioun vum Gesetz hier kloer. D'Politik hätt eng Obligatioun d'Recommandatioune vum CNFP ëmzesetzen a wann net, dofir eng Erkläerung ze ginn. Mee wéi dat genau soll ëmgesat ginn, wier net sou kloer, seet de Romain Bausch. Dowéinst hätt den CNFP eng Reform vum eegene Gesetz proposéiert.